Ah sou.. hunn ëmmer geduecht du wiers e Warmduuscher
Apropos Zäit, hat mer haut extra fräi geholl fir wichteg Aarbechten am Haus ze maachen.... an dat hei ass bis elo d'Resultat
Wat hues du eng Chance! Ech muss méch bei mir am gaard mat "buisness as usual" zefridde gin... Märelen, Finken a Meesen a Spatzen. Hei ans do ee Roudbrëschtchen. Ech lauere scho wochelaang op aanere Besuch, deen awer net kënnt.
Merci Nico
fannen du bass awer och net schlecht bedéngt...
de Moment si bei maer Meesen, Märelen, Staren, Hauwemeesen, Grünfënken, Deschtelfënken, Pillo'en, Routbrëchtschen, Routspiecht, zënter e puer Deeg Kiischteknepper an haut fir d'eischt e Groupe vun 20 Schwanzmeesen mateneen.
Nach zwou Zorten déi ech nach net identifizéiert hun...
an d'Desi kennt all Dag géint halfer 10 seng Nëss sichen
Si mer awer secher dass de an deene kommenden Deeg och aneren Besuch kriss..
d'Fréijoer kennt..