Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Ee Groréiher ...

 
Ee Groréiher ...
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (18.02.2013). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    18.02.2013
  • Gekuckt:
    26628
  • Favoriten:
    5 (Wen?)
  • Kommentarer:
    24
  • Beliichtungszäit:
    1/800 sec
  • Blend:
    f/5.6
  • Brennwäit:
    840 mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1200x800
  • Späicherplaz:
    464 KB
  • Originaldatum:
    17.02.2013
  • Fotoapparat:
    Canon EOS-1D X
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    Canon EF 600mm f/4 II & Extender 1.4x III
Kategorie: Déieren »» Vigel allgemeng
2. Kategorie: Natur »» Waasserausbléck
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=70691]
Kommentar vum Fotograf:
mat sengem Fëschelchen ... oder emgedreint ?
Nicon07 18.02.2013 - 19:09
Alt neess eng Spëtzen-Naturfoto. Wat soll een do nach weider soen?!
Schluck 18.02.2013 - 19:28
Merci Nico, ass ëmmer rëm den Glanz wann een sou Biller kritt
Nicon07 18.02.2013 - 21:21
Méng Fra sot elo grad, wéi ech hir déng Fotoe gewisen hun: Zu Remerschen ass et jo einfach, sou Fotoen ze maaachen, do ass jo ëmmer vill lass. Net wéi um Misär. smile

Ech sot näischt, well déi zwee Mol, wou ech zu Remersche war, war net vill lass. Op deem Weiher bei der Strooss an dem Monument waren nëmme Bläshinger an op deem grousse Weiher ware just Kormoranen, déi hier Plomme gedréchent hun. D'Reihere sutzen op deenen héichsten Äscht an de Beem an d'Haubentaucher sin op där aanerer Säit vum Weiher geschwommen.... closed_eye
Schluck 18.02.2013 - 21:30
Hehe .. gëschter den ganzen Moien just Grozopp ... an déi do ass déi eenzeg Serie "Fotoën" ... no 3 Stonnen smile d'Blässhinger zielen nët ... obwuel do hunn ech hat awer ee puer flotter gemach wëlls de der 100 ob 10m2 has

Gudd dass ech den Mupp ëmmer dobéi hunn dann ginn ech mol mat dem ee bëssen trëtonguepelen
Nicon07 18.02.2013 - 21:47
Däi Mupp schingt jo dann awer dir d'Vigel net ze vergraulen...

Wéi ech di läschte Kéier um NaturPur Wee vun der Misärsbréck bei d'Neimillen ënnerwee war, ass op dem Uwänner vis-à-vis ee mat séngem Hound do spadséiert an de Mupp, deen ass sou bäntzech op an of gelaaf, datt en rengléch alles opgescheucht a verjot hat, wat Flillécken hat. Ech sutz duerno nach bal eng Stonn an der Hütt bei der Neimillen ze warden, mais weder d'Sëlwerreeër, nach d'Inten an d'Gänse sin rëmkomm. unhappy
Schluck 18.02.2013 - 21:52
Nee, den ass ganz brav ... wéi den Mëschter halt closed_eye Ech sinn ëmmer frou fir ën matzehuelen wëll dann gët d'Zäit net sou laang an ech bléiwwen och net ëmmer ob der selweschter Platz.
Maimonides 18.02.2013 - 20:49
Dito, Nico !
Scyv76 18.02.2013 - 19:16
Baaahhh SAUGUDD !!!!!!!! (pardon vir d'Ausdrockweis smile) Deen Hiecht do huet dach labber iwwer 50 cm, déi Réiher kréien och nie genuch.... Do blutt engem Ex-Féscher sein Herz...an der Zeit woor ech emmer frou wann sou eppes (am méi groussen) mool um Crop houng hehe. Sin beandrockt. Wéi seet een do : Zur richteger Zeit op der richteger Plaatz nee ? Just aus Virwetz : Ass et e Crop oder taille réelle ? An nach eng Fro : daat riets am schwaarzen Hannergrond (liecht riets iwwert dem Kapp vum Réier) geséit aus wéi Sensorfleck oder ass et am Bokeh...froen daat well et sou immens ronn ass ?
Schluck 18.02.2013 - 19:28
Merci Steve, woar keen Sensorfleck mais do hat ech eng fléien geloss ... ass weg. Jo ass ee crop awer nët vill .. géif soen 20-30 eweg, dat misst just duergoen fir nach an engem Concours matzemachen.

Aus der héi hät ech labber kënnen eng Serie machen .. hat ën schon am Viséir wéi ën den Hirscht gefangen huet an am Fong ass ën fortgeflunn wéi een Komoran ën wollt klauen kommen
Scyv76 18.02.2013 - 19:48
D'Schärft op déi Distanz ass op alle Fall nach beandrockend an deen Kärel huet mool keen Grommelen méi am Bauch vir déi nächst Deeg smile just niewenbéi : Ech sin den Yves (ass aawer keen Problem, sin net beleidegt well Steve léit net sou wéit aus de Féiss smile)
Schluck 18.02.2013 - 19:56
lol... sorry Yves ... woar mer ze cryptesch ginn ëmer Scyv76 ze tippen .. lo wees ech ët fir d'naechst Kéier
Scyv76 18.02.2013 - 22:00
hehehe absolut keen problem smile
Zora 18.02.2013 - 19:31
Gääähhhhnnnn!!!!
Schluck 18.02.2013 - 19:32
Lo so déi wier langwéilleg bigsmile
Zora 18.02.2013 - 20:14
Hahaaaahaaaa, wollt mol kucken wei's de dorop reagéierst, ob keen Fall ass dei langweileg, ass dach genuch Action dran, ass ganz flott Schluckchenbigsmilebigsmile
gi87 18.02.2013 - 22:36
Wow, Excellent, herlech dei heiten, lo gin Ech neidech op deng Reiherbiller, bei mir steht en emmer op 300 m ewech werend 7 Stonnen ouni sech ze bewegen, an Dir zauberen se dei beschten Scenen um Weier smile
Schluck 22.02.2013 - 10:27
Merci Gianni, ee bëssen Chance muss een och heinsdo hunn
Jeanny 19.02.2013 - 09:06
wat en decke Brocken huet e gefaangensmile eng herrlech Naturopnahm Schluck
Schluck 22.02.2013 - 10:27
Jo, den woar dowert .. Merci Jeanny
jorsch 19.02.2013 - 21:00
Eng beandrockend Natur-Doku-Foto.
Beandrockend och wat dee Groreier do am Schniewel huet! En Hiecht?
Deng Gedold hat sech gelount!
Schluck 22.02.2013 - 10:27
Merci jorsch ... jo et ass en Hiecht, ee bëssen Chance muss een och heinsdo hunn
Val 22.02.2013 - 14:18
Hei wier besser den Titel " En Fësch mat engem Groréiher " schéin aussergewéinlech Foto
suraki 22.02.2013 - 16:39
un "dem" ginn dräi Persoune sat, ... super Bild smile
Nicon07 22.02.2013 - 16:46
Ech hat nach vergiess ze soen: Dat hei ass ee Flying Fish reloaded... cool

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 468 Gäscht online