Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

ENTSCHLEUNIGUNG

 
ENTSCHLEUNIGUNG
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (19.02.2013). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    16.02.2013
  • Gekuckt:
    14291
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    19
  • Beliichtungszäit:
    1/200 sec
  • Blend:
    f/2.8
  • Brennwäit:
    200 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1600x1236
  • Späicherplaz:
    518 KB
  • Originaldatum:
    16.02.2013
  • Fotoapparat:
    NIKON D90
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
    NIKON 80-200 f2.8
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Street  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=70639]
Kommentar vum Fotograf:
Haut mol zu Esch ennerwee, bessi Street probeiert.

Hunn mech fier een doucen Colorkey decideiert. Waat haalt Dier dovunn??

Hunn se och mol am s/w geännert, fier CK op dei aal Versioun klicken w.e.g.

gunman 16.02.2013 - 20:08
Jo, keng schlecht Idee, mais op mech wierken déi haart "Schnetter" um Mantel ennert den Aerm total onnatierlech. Ech wees net waats Du do gemacht hues, well uewen ass et ok ?
micky-maus 16.02.2013 - 20:15
Merci,
Hunn main Raw am LR kontroleiert, dei Schnetter sinn Luucht dei vunn hannen kennt (ann och bei der Faerwecher "Out of the Box" esou.)
marischen 16.02.2013 - 20:11
Ech sinn normalerweis guer kee Frënd dovun mee bei dëser Foto huet de Colorkey e gewësse Symbolcharakter (Jonk Generatioun am s/w an déi eeler faarweg, eng Art Paradox oder wéi soll ech et nennen?). Fannen den Opbau och ganz gelongen.
micky-maus 16.02.2013 - 20:16
Merci marischen, gaanz genau esou hunn ech ett och wollten hunn, freed mech wann ett och esou vestaanen gett. smileclosed_eye
Abacab 17.02.2013 - 14:17
Dito marischen zu 100%
micky-maus 17.02.2013 - 14:27
merci Abacab, ech och 100% closed_eye
Zora 16.02.2013 - 20:38
gefällt mer och gud esou!!
micky-maus 16.02.2013 - 22:35
MerZi Zora tongue
MsJarryman 16.02.2013 - 21:44
Wirkt op mech onnatierlech, als Amateur. Ass ze riicht, do ass bestëmmt méi drann. Sorry, me dat ass mer direkt opgefall.
micky-maus 16.02.2013 - 22:32
Ass ze riicht? Hmm, wann ech Leid op der Stroos knipsen muss ech Kleeder nun mol esou huelen wei se sinn.... smile

Huelen gaanz gäer Verbesserungsvirschlei unn, waat ass dann méi dran? Hunn am PS guer naischt gemeet, alles am LR4 just Faerwen verschafft, mol keng Kontraster verännert.
kokopelli 16.02.2013 - 22:55
Du mengs bestemmt den Deel lenks vum Mantel,do kann keen dofir dat war eben de moment wou ofgedreckt gin as esou,dat wierkt nun emol ebessi komesch,e Profifotograf(den säin Geld domat verdengt) hätt wahrscheinlech eng Serienopnahm gemach vun keng ahnung 12 Biller pro Sekonn an duerno déi erausgesicht wou de Mantel net sou riicht war.Fir de rescht fannen ech et awer ganz gutt gelongen an erfreschend fir den dretten alter
micky-maus 16.02.2013 - 23:02
Villmols merci fier dei rischteg ann genau Erklärung !!

Hunn eng Serie vun 6 Biller gemeet, awer deen Häer ass esou lues gedappt, ech mengen den Mantel woer Doheem nach emmer riicht.surprised
kokopelli 16.02.2013 - 23:15
Näischt fir ongutt MsJarryman,ech hun et och missen léieren mat kritik ganz virsichteg em ze goen,jiddereen gesäit seng Foto esou wéi een se well gesin an dann as se och gut fir de jéinegen,wann wierklech mol eppes schief gelaaf as wéi bei mengem "Duerchbleck" as kritik absolut ubruecht
MsJarryman 16.02.2013 - 23:07
Ett gesäit aus, de lenks Säit, wéi wann ech se verschaft hätt,(e mantel fällt dach nie esou schnurstracks erof) an ech kann et net, wann dat da wirklech esou ausgesin huett, dann entschelleg mech, et kënnt esou eriwwer.
micky-maus 16.02.2013 - 23:11
Merci, hei brauch keen sech ze entschellegen, hei soll jo iwwert Fotoen diskuteiert ginn, ann daat maachen mier jo och hei. Sou soll daat joo och sinn
luxiline 16.02.2013 - 23:56
wéi ass dat eigentlech mat Street? Däerf een do an de web setzen ouni ze froen? Wann ech lo geng soen dee gudde Mann do ass mäi Bop, musst du deng Foto da läschen?
Ech wollt dat hei diskutéieren, well ech sou Fotoen vu Paräis hunn, mee ech weess net ob ech se kann weisen ... Fir zu Lëtzebuerg ass et nach méi wahrscheinlech, dass een de Mann kennt!
micky-maus 17.02.2013 - 00:09
Also daat Thema ass schon am PG Forum duerchdiskuteiert ginn, mat den Gesetzter ann allem drum und drann.
Kuck mol hei:
http://photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1285&...
m-otiv 19.02.2013 - 12:26
fannen se supper....awer besser ouni den Colorkey....also ganz désaturéiert....D'Schäerft an de drêttrégel Kadrage guidéieren ass schon souwisou op den Bopi smile
micky-maus 19.02.2013 - 13:27
Merci Vito, hunn eng s/w Versioun gelueden, awer besser esou, gell?

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 477 Gäscht online