Conley , ech perséinlech fannen
déi 2. besser cadréiert
Bei der 1. stéiert mech riets
den Ascht am Bild an och déi méi hell
Hannergrondfaarf déi net richteg
mam recht harmonéiert.
Dat lenkt bessen vum Sujet of fannen ech.
Béi der 2. as den Cadrage super gelongen,
flott mat den Äscht déi an all Richtung gin.
Léiwen Bléck vun der Blomees hues de festgehalen,
genuch Plaz bléiwt hier héi och nach fir ze kucken
an den doucen Hannergrond passt faarflech
gutt bei den Villchen
-> Déi 2. gefält mir richteg gutt!!
Merci fir di Méi déi s de der gemaach hues Fotoen esou genee ze kucken an een Komentar se schreiwen. Du hues dat schonn richteg gesinn an ganz gutt erklärt. An ech sinn och denger Meenung. An der zweeter mescht den Aascht engem de Cadrage eigentlech zimlech einfach.
An deen gefält mir och besser. Op allefall Villmools Merci sinn frou dass se der gefält MR.
Einfach schéin, dee Portrait vun der Blomees'chen! Déi zweet Foto sprëcht, och mech, méi un; an der éischter Foto stéiert mech deen hëllen Hannergrond, riets am Bild..ech froe mech, op et net besser gewiest wär, wanns du d'Foto, riets, nach e bësse geschnidden häss... Egal wéi: D'Blomees'chen ass der schéi "geroden"
Ech loossen gären en bëssen méi Platz do wou se hi kuckt. Et war mäin echten Versuch mol e Villchen festzehalen. An en hat e bëssen Gedold mat mir. Hunn schonn eng vun him eropgelueden di mir nach besser gefält. Do hätt ech kennen lenks nach 4...5 cm ewech schneiden....Ech hunn mech gefreet däin Komentar ze liesen. An och Villmools Merci fir den Fav. Ferdl.
Ech fannen den Carré och besser wëll deng Blomees do méi fräigestallt ass mais trotzdem stéiert ët mech dass do nët méi Raum am Bléckrichtung ass .. Ech géif do villéicht awer ee Breetformat machen an dann probéieren mam PS den Hannergrond mam Content-Aware ee bëssen ze anenneren-
Méi Raum an Bléckrichtung hunn ech hei schonn oft gepriedegt... hues de bestëmmt och schonn matkritt. Do sinn mir eis eenz. Awer nëmmen en pur Zentimeter an dëser Foto. Content-Aware am PS do hunn ech lo missen nokucken wat datt ass . Am PSe 9...dann och direkt mol ausprobéiert, deen kann dat och am jpeg war awer lo net iwwerzeegen. Loung och villäicht un mir. Schaffen eigentlech nëmmen mam Lightroom 4 an den 5 Nik Plug-ins. Domadder ginn ech en bëssen eens. Mam PS mengs de bestëmmt PS CS 3...4...5...6. oder?? Villmools Merci fir däin Komentar...freën mech ëmmer iwwer Konstruktiv Kritik...
Merci gesot fir deng Meenung..di zweet huet mir och am beschten gefall. Mee sou een oder den aneren Zentimeter an't Vu deet esou enger Foto och heiansdo gutt.