Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Black

 
Black
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    15.01.2013
  • Gekuckt:
    124925
  • Favoriten:
    3 (Wen?)
  • Kommentarer:
    78
  • Beliichtungszäit:
    1/8000 sec
  • Blend:
    f/5.6
  • Brennwäit:
    840 mm
  • ISO:
    12800
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    800x533
  • Späicherplaz:
    145 KB
  • Originaldatum:
    14.01.2013
  • Fotoapparat:
    Canon EOS-1D X
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    Egal
Kategorie: Just for fun »» Witzech Fotoen
2. Kategorie: Just for fun »» Rätselfotoen
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=69924]
Kommentar vum Fotograf:
Dat huet mech inspiréiert .. "Der Maler Georg Baselitz hat eine neue radikale Schaffensperiode angekündigt. Unter schwarzen Farbschichten will er Bilder unsichtbar werden lassen, um den Betrachtern Rätsel aufzugeben"

http://www.spiegel.de/kultur/gesellschaft/georg-ba...

Hunn mol probéiert dat ob d'Photographie ze iwwerdroen ... just mam Kadrage woar ch mer lo nët sëcher ... villeicht besser am Carré ?

Kritik an Verbesserungsvirschléi sinn wellkomm :D
Gaga 15.01.2013 - 22:05
fier mech vill ze symetresch an agressiv am kontrast.
hei wier manner mei gewierscht ... ganz secher !
bigsmile
awer ganz gudd Idee an Emsetzung laut denger Erklärung!
Schluck 16.01.2013 - 09:05
Jo effektiv .. ginn zou dass ech ët mat den Konraster ee bëssen iwwerdriwwen hunn .. wat d'Symetrie unbelaangt .. dofir hunn ech jo un den Carré geduercht .. dann wier d'Bild villeicht méi ausbalancéiert. Merci ob allen Fall fir deng knstruktiv Kritik Gaga .. ech wert probéieren deng Virschléi ëmzesetzen closed_eye
luxiline 08.03.2013 - 00:52
wéini kënnt dann mol eng nei Versioun?
Maimonides 15.01.2013 - 22:07
Drop klicken !

closed_eye
Schluck 16.01.2013 - 09:06
Merci Maimonides .. effektiv .. drop klicken w.e.g. fir méi Détailer ze gesinn bigsmile
mOnsterbUg 15.01.2013 - 22:14
hmmm jo, eng schéin Konscht closed_eye
Schluck 16.01.2013 - 09:08
Gëll, hunn ech mer och geduercht wéi ech den Artikel um Spiegel gelies hunn .. och den héi Artikel hat mech dozou inspiréiert:

Das ist das teuerste Foto der Welt

Also irgendeppes machen mir falsch ...
Gaga 16.01.2013 - 10:07
nee, also dei Foto fannen ech effektif, am Kontext vun deem waat och als Motivtioun erklärt gouf:
Das Bild wird als Symbol einer aseptischen, völlig von Menschenhand gestalteten Natur gesehen. Der Eingriff des Menschen hat der Natur ihre Unberechenbarkeit genommen, aber damit größtmögliche Langeweile geschaffen.
super.

Schluck 18.01.2013 - 11:06
Do gesäit een alt ërem wéi wichteg den Kommentar vum Fotograf ass bigsmile
JC1967 15.01.2013 - 22:25
Muss soen wat ass, dat hues du gud hinkritt: TOP closed_eye Den Titel naja, "under the black" wier villeicht besser? Adg
Schluck 16.01.2013 - 09:11
Jo den Titel .. ech hun gemengt "Kurz und Bündig" bLACK géif am beschten Passen wëll dat am beschten den direkt sichtbaren Sujet beschréiwt .. mais effektiv .. ët wees jo nach keen wat drënner ass .... dann villeicht "under the black ?" bigsmile
Gaga 16.01.2013 - 10:08
oder den allseits beleiften:
"...by night" geiff och passen !
Schluck 16.01.2013 - 10:17
Jo, mais dat "...by night" ass sou ausgelutscht wéi een Eisvullenporträit ob PG bigsmile
Gaga 16.01.2013 - 10:39
Eisvull by night ... ?
Schluck 16.01.2013 - 10:44
Hmm .. ween wees Gaga .. ween wees .. oder d'Zora plackeg um Biessem closed_eye
Jean-Jos 15.01.2013 - 22:28
Hei kënnt eng vun den Essenzen vun der Fotografie voll zum Ausdruck: de Stëllstand. Ech gi méi wäit: si ënnerbrécht de Stroum vum Liewen an d'Sonn kreest nët méi!
Fräi nom Hans Finsler bigsmile

Ech léieren ëmmer nees nei Säiten un dir Schluck smile
Schluck 16.01.2013 - 09:16
Mat denen philosopheschen Aspekter vun dësem Bild, den Emotiounen déi ët beim Betruechter Erfirrift muss en sech mol ganz déifgréifend ausserneen setzen. Ët provozéiert irgendwéi grad déi Fro .. "Wat ass den Sënn vum Lierwen, dem Universum an dem ganzen Recht ?" Ajo .. 42
Jean-Jos 16.01.2013 - 21:54
éischter 52 closed_eye
Schluck 17.01.2013 - 10:34
?
kokopelli 15.01.2013 - 22:31
Also ech hun léiwer du bas zu Remerschen.....smile
Schluck 16.01.2013 - 09:17
Hehe .. Dat do woar zu Remerschen .. Heinsdo kënnst de ob déi toppeschst Ideen wann's de do sëtz en Inten nozekucken bigsmile
micky-maus 15.01.2013 - 22:39
Dei dooten Schluck ass mier een Fav. wäert!
Besonnech am S/W ass se TOP! Gudd geschafft Schluck smilesurprised
Schluck 16.01.2013 - 09:21
Freet mech dass déi der sou gudd gefällt .. hunn ganz besonnech ob d'Tounwerter vun Schwarz obgepasst. Merci fir den Fav ... lo machen ech mer effektiv schon ee bëssen Hoffnung ob d'Wochenoffstëmmung bigsmile
tomsmith 15.01.2013 - 22:44
en effet. et ass schwarz !
Schluck 16.01.2013 - 09:23
Och dir een decken Merci fir den Fav .. sinn frou dass meng Foto sou gutt unkënnt ... Ech hat een Moment gefart ët wier zevill Schwarz drann closed_eye
tomsmith 16.01.2013 - 12:54
hues de na en puer biller? eng série geif mer secher gudd gefaalen.
closed_eye
Schluck 17.01.2013 - 08:17
Masseg kann ech der soen bigsmile Eng Serie "Black is Beautiful" oder awer méi Offwieslungsréich an Still vun "White", "Green", "Yellow", "Orange", "Moof getëtonguepelt" ?
tomsmith 17.01.2013 - 13:39
black and yellow. alternatioun
Zora 15.01.2013 - 22:44
Der hud daat alleguer falsch verstaan, den Schluck luch ob der Lauer fir mech ze knipsen, hat mech och erwescht! Mee vu que d'ass ech jo eng Hex sin ass daat Resultat, d'ass awer net schwéier!!!
Schluck 16.01.2013 - 09:31
Hues du lo missen verrodden dass eng plakkeg Hex do drënner ass .. lo muss ech nach faerten dass se zenséiert gët bigsmile
Zora 16.01.2013 - 09:52
sin iwerzeecht bei där drecken se zwee Aaen zou, hahasmile
Schluck 16.01.2013 - 10:57
Mengs de .. wéi kënns de dann dorop ?
Zora 16.01.2013 - 11:28
Ohhhhh du Gudden.......closed_eye
gemu 15.01.2013 - 22:45
Ech muss mech nach e wéineg mat denger Opnaam ausanaaner sëtzen éier ech elo een Kommentar kann schreiwen. Ëtonguepes ass mir jiddenfalls kloer gin wéi ech drop geklickt hun: mäin Schirem ass fuerchtbar drëckeg an stëtongueseg, daat hätt ech virdrun net geduecht . closed_eye
Schluck 16.01.2013 - 09:33
Ech ginn ët jo zou ... ët ass eng ganz tiefgrënneg Foto déi een zum nodenken brengt ... an dozou den Schirm mol rëm ze botzen.. Gesäiss de, sou huet alles am Universum säin Zweck
gemu 16.01.2013 - 10:34
En attendant huelen ech se mol als Spekulatiounsobjet als Favorit an meng Sammlung, elo kommen ech nach bëlleg drun, deemno wéi daat hei ausgeet get se richteg deier smile
Schluck 16.01.2013 - 10:42
ROFL .. Merci Georges .. sinn begeschtert dass main Wierk esou gudd unkënnt .. ëch iwwerleen am Moment fir eng Fortsetzung vun der Serie .. ech denken do sou un spannend Wierker wéi "White", "Green", "Yellow" an virun allem "Moof getëtonguepelt" an an an .. dir hut mech lo héi richteg inspiréeiert .. ech kann ët kaum erwaarden menger Kréativitéit fräien Laaf ze lossen.
mischii 15.01.2013 - 23:07
erënnert mech awer lo direkt un den Kasimir Sewerinowitsch Malewitsch,
deen hat just e schwarze Carree op wäisse Fong gemaach an huet ganz vill Suen dermat verdengt!!!!!
dat war awer an der Molerei,
ech drécken Dir dann d'Daumen, dass et och an der Fotographie vläicht berühmt gëtt
Schluck 16.01.2013 - 10:24
Heinsdo ass "Konscht" schwéier ze verstoen .. den Artikel héi hass de jo och gelies .. Das ist das teuerste Foto der Welt ... Ouni den Kontext ... "Du hues der keng Gedanken gemach ..." Also Milliounen hät ech fir dat Bild nët bezuelt (vu que dass ech se net hunn souwisou net) Mais bon .. ech ginn ët zou .. an sou Saachen sinn ech dann eng Konschtbanaus
OK-Photography 15.01.2013 - 23:56
daat dooten hunn schon anerer probeiert - meng deemools war duerch den filter gefall well se net nemmen "komplett ennerbeliicht" war! xD
ech haat den Datum geknipst, den ennen lenks am Eck war....mee dJury soot nee! xD

als just-for-fun as et awer dei Foto dei ech o schon emmer an menger Galerie wollt hunn! tongue
Schluck 16.01.2013 - 10:30
Ech ginn ët jo zou .. ech hunn, wéi ech se ropgelueden hunn och geduercht .. déi wier bestëmmt refuséiert ginn, mais vue que dass keen Filter méi do ass tongue

Wann's de wëlls loosen ech der se printen an anrummen fir an d'Stuff ze häenken .. wees just nach nët wat ech lo sou fréi dofir soll froen .. am Fong muss de lo dovun profotéieren wëll lo ass se nach bëlleg ze kréien ... du muss dat als eng Investitioun fir d'Zukunft gesinn bigsmile
OK-Photography 16.01.2013 - 12:04
ech wollt lo soen, daat dooten as een Steck fir an eng Konschtgalerie, an do geet et streng nom Motto, waats de méi laang waards, waats de méi bezills! bigsmile
ech ehm berooden mech dann mol mat mengem Comptable an dann kuken mer op weivill mer den Gesamtkonschtwärt hai schätzen kenen! tonguetongue
Schluck 17.01.2013 - 08:14
Also Oli .. wëlls du ët bass, machen ech der och een ganz speciellen Präiss closed_eye
SergeGoerend 16.01.2013 - 08:50
Wow! Originel! smile
Schluck 16.01.2013 - 10:33
Merci Serge, ech hat mat dem groussen Succès do och nët gerechent... wen wees villéicht klappt dat jo wierklech mat den Milliounen
SergeGoerend 16.01.2013 - 10:47
daht wear nawel bessen einfach, mais mega geil! smile
Mexx 16.01.2013 - 20:23
nierft/op der philharmonie? closed_eye
Nicon07 16.01.2013 - 09:46
Déi Foto mécht ee wonnerbare Kontrast zu der abléckléecher wanterlécher Realitéit am externen Ëmfeld. An och den Pendant zum Otto Waalkes sénger "ostfriesischen Nationalflagge: weisser Adler auf weissem Grund". Dat hei ass den Eisléker/Minetter/Miseler/Veiner/Atertdauler/Mëllerdaller/Réiserbanner/Schweecherdaller/asw... Nationalfändel: schwarze Léif op schwarz-schwarz-schwarze Sträifen.

Mais wann ech awer laang genuch kucke, gesin ech do eng Detailopnahm vum Gemittszoustand vun engem auserhingerte Kormoran, deen ee Fësch deen e gefaangen hat, neess aus dem Schniewel geklaut kritt huet.

bigsmile
Schluck 16.01.2013 - 10:56
Un den Wäissen Adler hat ech och geduercht mais villeicht hät ech do dem Otto säin Copyright verletzt an den Risiko wollt ech nët angoen. Dat mam Fändel ass och eng Idee an den Ausgehongerten passt héi natiirlech och .. bei dem Wierk héi kann jiddreen sech seng egen kleng Geschichtchen molen an Gedanken dozou machen. Ech jiddenfalls hat nët mat sou engem Succès gerechent bigsmile
icylady 16.01.2013 - 12:20
cool Idee smile
hoffen daat ass net den Zoustand vun der Natioun an desem Joer, dann mach ganz séier eng orange fir Optimismus an gudd Laun
Schluck 16.01.2013 - 20:24
Hehe ... dofir misst se schon baal nach méi schwarz sinn wann ech kucken wat ronderem sou leeft
jps 16.01.2013 - 15:05
Dat ass déi TOP FOTO Schluck !
Erlab mer awer eng kleng Kritik, fir mech kéint d'Vignette méi diskret sin an virun allem stéiert mech den breden schwarzen Rand bigsmile
Schluck 16.01.2013 - 20:29
Merci Jean-Paul, ech probéieren mol d'Vignette ee bëssen méi diskret hinzekreien ... sinn mer net secher ob dann den Bléck nach ob den Sujet geleet gët .. dat mat der Rumm ass wéi ëmmer Affaire de Gout. Wat mengs du soll ech se ob den nachsten Digest matbrengen dann kann enn eng kéier an der Ronn driwwer diskutéieren .. Wollt se lo mol ob allen Fall béi déi naechst Concoursën erann ginn ..dat gët bestëmmt eng Acceptatioun.

Firun allem entscprëscht se denen strengen Kritären fir d'Naturfotographieconcoursën: Keen Crop, näischt retouchéiert an just minimal Verschaft bigsmile
jps 17.01.2013 - 09:22
Am Digest gët bestëmmt eng interessant Diskussioun, den A. fënnt awer bestëmmt den Himmel zevill monoton bigsmile
Probéier och emol des Technik an der Architekturfotografie ëmzesetzen, gët bestëmmt eng Medaille zu Colmar-B.
Schluck 21.01.2013 - 16:12
Vill Harmonie an der Déischtert bigsmile
jps 21.01.2013 - 16:38
... a mat engem Gospel Chouer a schwarze Kleeder bigsmile
Fennec 16.01.2013 - 15:54
dat topt al Nuetsopnahm, zumols dei um Weier mat Hexen an Inten. smile
Schluck 16.01.2013 - 20:32
Also ech kann der soen .. dofir muss de vill Gedold hunn an laang ob der Lauer léien fir déi sou hinzekréien ... ech hunn mer ganz laang Gedanken gemach fir se genau sou hinzekréien bigsmile
Fennec 17.01.2013 - 08:25
Ech kann mir dat gud virstellen an deem Haischen, mat enger Decken leisst et sech awer aushalen.
Awer ennert eis, mach dir net zevil Gedanken, los dat de Paerd, dei hun mei en decken Kapp.
Schluck 17.01.2013 - 08:45
Am Fréijoer/Summer bestëmmt .. machen dat och villeicht eng Kéier fir den (Wëld)Schwäin nozekucken bigsmile
obskur 17.01.2013 - 13:23
Blanc sans " N ", ça fait Black, comme quoi sans Haine on est tous égaux.smile
Schluck 21.01.2013 - 16:09
Auteur FB Inconnu closed_eye
jorsch 18.01.2013 - 13:51
Black-out?
Do muss ech awer béis schlucken, wann ech dat gesinn! smile
Schluck 21.01.2013 - 16:11
Jo gëll .. woar ee bëssen een Test wéiwill Kommentaren se dann géif kréien an ech muss soen .. ët huet all meng Erwardungen iwwertraff
Nicon07 21.01.2013 - 20:59
A virun allem d'Zuel vun de clicks.... ! smile
Gaga 18.01.2013 - 15:28
Sou nierwenbei fàllt mer nach eng Fro an :

Wei hues de daat mat den Droits d'Auteur gereegelt ?
Copyright ?

Verklo mol Apple, well deenen hier schiermer hun all daat Bild drop wann een se aus mecht !
Schluck 21.01.2013 - 16:11
Dat ass mol eng Idee.. machen nach eng Blo versioun fir déi Léit mat PC tongue
luxiline 07.03.2013 - 23:27
ech hunn déi lo hei zoufälleg entdeckt, war jo viru ménger Zäit hei um site!
Ech fannen déi ass schief, an ech géif och rechts onbedéngt nach e Stéck croppen - da gëtt se tiptop! Du weess jo, ech hunn e Bléck fir sou eppes bigsmile
Schluck 07.03.2013 - 23:32
Hmm ... riets ee Stéck eweg dann gët d'Bild villeicht méi ausgeglach, equilibréiert .. kéint een effektiv mol probéieren...mais bass de dann sëcher dass se kippt? Ech hat se extra am PS ausgeriecht ... lo hues de mech komplett veronsechert unhappy
JADE 07.03.2013 - 23:50
Wann ech mech hei daerf anmëschen ...

ech fannen, dass een carré awer besser wier ... --> carré --> black --> carré noir --> ech wëll Schokelaaaaa !!

an wann schon, dann schon:
wanns du den "black" an "silver" kéins ëmwandelen, an dann d'1/3 Reegel dobäi och nët vergiessen, dann kéint ech d'Bild wéinstens als Spiggel benotzen ... mee esou ... gesinn ech just schwaaaaaarz, an daat ass nët gutt fir d'Woo an och nët fir d'Moral, nee, nee ... bon, ok, een Spiggel och nët onbedéngt unhappy

(fr*ck, luxiline, du bass zwar schéin krass kritesch! an daat fir een Neuling hei ... traus dech nawell schéin vill ... zwar!)
Schluck 07.03.2013 - 23:58
Jo du hues recht Jade, un den Carré hat ech och vun Unfank un geduercht (siehe Kommentar vum Fotograf) mengen dat wier och ech gudd Wahl gewiercht fir d'Symetrie vum Sujet ze ënnerstréichen... awer bei Silver kann ech der lo awer beim beschten Wëllen nët zustëmmen ... als angeflechtenen Metaller ass Schwarz een absoluten must! closed_eye
luxiline 08.03.2013 - 00:49
ech sinn e bësse frustréiert, well ech froe mech op dat do net e Plagiat vu mengem Konschtwierk ass: e schwaarze Carré mat engem wäisse Stréch, mam Titel 'Orgasm'. Kann ech jo hei net bréngen, well et soll jugendfräi sinn, oder?
JADE 08.03.2013 - 08:39
oh, ech mengen du kanns en roueg weisen, ech sin esouguer sëcher
een wäissen Strëch daat geet nach, zwar esou just, mee ass OK, also esou lang en gaaaanz riicht ass, an alles ausser horizontal, dann jo


Schluck, däin "Black" ass am gangen eng page blanche ze gin, resp. een tableau noir, wou d'Gehierzellen nemmen esou sprudelen ... MERCI dir!
Schluck 08.03.2013 - 08:50
ROFL .. genau dat woar och ee bëssen Sënn an Zweck vun der Saach .. bei dem Bild do kanns de denger Phantasie fréien Laaf lossen an du kanns all Dag/Stonn/Sekonn eppes Annercht dran gesinn
Schluck 08.03.2013 - 08:54
Also Plagiat ass ët secher keen .. Dat mam wäissen Strech wees ech lo nët ob dat soll duerchgoen .. ët kann een eventuel am Comité eng Kéier doriwwer schwätzen .. wat mengen ech och wichteg ass .. keng wäiss Dréiecker oder zw
ee kleng Wäiss Punkten .. ët kéint mol Sinn dass do verschidden Léit empfindlech drop réagéieren
luxiline 08.03.2013 - 16:14
neen, ech weisen se elo net, dat reegt d'Fantasie nach vill méi unn. Et as jo och keng Foto, mee pur Grafik!
micky-maus 08.03.2013 - 00:00
Ginn dem luxiline hei vollkommen Recht. Ech geif se och riets croopen dann verschwannen dei 4 Sensorflecken och matt. Dei steieren ann muss dauernd drop kucken. tongue
Fier den Rescht schleissen ech mech deenen aaneren unn. Top Foto erem vun Däer Schluck. cool
Schluck 08.03.2013 - 00:05
Lo wou's du ët sees stéieren se ech och .. hat déi komplett iwwersinn, muss onbedengt mol rëm main Sensor botzen .. an am Beschten den Bildschirm direkt mat

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 394 Gäscht online