Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Ee scheinen Mupp ..

 
Ee scheinen Mupp ..
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (30.12.2012). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    30.12.2012
  • Gekuckt:
    21555
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    34
  • Beliichtungszäit:
    1/1600 sec
  • Blend:
    f/5.6
  • Brennwäit:
    800 mm
  • ISO:
    800
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    800x533
  • Späicherplaz:
    313 KB
  • Originaldatum:
    2012:12:30 12:53:08
  • Fotoapparat:
    Canon EOS-1D X
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    Canon EF 400mm f/2.8 II & Extender 2x III
Kategorie: Déieren »» Hausdéieren  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=69506]
Kommentar vum Fotograf:
an engem herrlechen Liicht.
Scyv76 30.12.2012 - 12:59
Jo, do hues de recht, daat ass e schéine Mupp...geséit aus wéi en rhodesian ridgeback
Schluck 30.12.2012 - 13:26
Den gesäit net nëmmen sou aus ... Merci Steve
Abacab 30.12.2012 - 13:01
Eng wonnerschéin Foto vun engem wonnerschéinen Mupp!
Schluck 30.12.2012 - 13:25
Du bass firangeholl an dierfs guer nët matschwätzen
Abacab 30.12.2012 - 13:43
Ech sinn net firangeholl, ech sinn ewech an di Foto!
Kéint se stonnelang kucken, meng ganz Famill steet ronderem de Schierm a bewonnert deng Foto closed_eye
Schluck 30.12.2012 - 13:48
Freet mech dass ech ierch konnt eng freet machen ... an dat geet mir als Feedback zu dem Bild héi vollkommen duer.
OK-Photography 30.12.2012 - 13:16
hm...interessant Déiftenonschärft fir eng 5.6er Blend - mee vum Motiv hier muss ech soen, as et déi Foto déi zwar hai JIDFEREEN an der Galerie huet, mee dei wierklech keen interesseiert wann en net grad Hondsrassenspezialist ass...

Technech okay, mee wanns de eppes anecht geknipst häss, hätt ech och eppes derzou soen keinten.........closed_eye

(mir brauchen méi METALLLLL l,,/- ) devil
Schluck 30.12.2012 - 13:22
Du hues jo lo eppes dozou gesoot closed_eye Mir huet se gudd gefall wéinst der Luucht an ween se nët intresséiert brauch se jo nët ze kucken ... ech probéieren mech halt dem allgemengen Niveau héi unzepassen wëll ob déi gutt Fotoën kritt en jo och keen anstäenegen Feedback méi.
Johny 30.12.2012 - 13:33
Gutt dass de dat grad geschriwwen hues, well ech wollt lo schonn dozou soen dass du géifs soen dass den Niveau rofgaang ass an dann lueds de soueng Foto rop ... tongue (net ze béiss huelen, se ass net schlecht, mä jo, mengen du weess et selwer smile)
Schluck 30.12.2012 - 13:47
Hey cool ... ech lueden lo just nach Schrott erop .. do kriss de héi wëll déi meschten Kommentaren bigsmile An virun allem konstruktiv Kritik! wëll doreems geet et jo héi!
Johny 30.12.2012 - 14:22
Et ass och wierklech schwéier bei sou gudde Fotoen wéi s du mëss nach vill konstruktiv Kritik ze ginn :/
Schluck 30.12.2012 - 17:47
Bei der héi zb. d' Blend nach ee bëssen méi zou wëll d'Nues ass nët ganz scharf ... iwwerall kann een ee Bild nach verbesseren, resp. eng anner Sichtweis, Kadrage virschloën ... wann ët lo ee schéint Frammënsch gewierscht wier anstatt een Hausdéierwier den Feedback bestëmmt och een anneren gewiercht
Johny 30.12.2012 - 17:50
Ech mengen deng aner Fotoen. Du hues hei quasi selwer geschriwwen dass de se net ganz gutt fenns, d.h. fir mech weess de genee wat falsch ass an brauch der et net méi ze erklären. an du weis hei jo dass ech genee Recht hat domat smile Dat mam Framensch stëmmt natielerlech (leider)
Schluck 30.12.2012 - 17:53
Dach ... bien au contraire, ech fannen se flott, soss hät ech se nët héi gewissen, d'Luucht an den Moment, den Bléck, den doucen Bokeh fannen echherrlech .. dat mat der Blend muss ech mer jo selwer schréiwen.
gunman 30.12.2012 - 14:33
Salut,
Also ech sinn jo elo schons laang hei, an ech hun baal all deng Photoen déis Du erop gelueden hues gesinn, zu 99 % TOP Photoen !
Du brauchs keng konstruktiv Kritik méi hei op desem Site, well Du wees genau waat eng gutt Photo muss hun fier dass se "gutt" ass.
D'Photo vum Hond fannen ech och gutt, obschons se net zu dengen "beschten" gehéiert, mais daat ass jo egal.
Esou Leit wéis Du, daat missten eigentlech déi Leit sin, déi déi Useren, déi hei no der allgemeng begréisster Aennerong, egal waat erop lueden, mat "konstruktiver Kritik" e bessen an d'Realitéit zereckhuelen géifen.

Net un den allgemengen Niveau upassen wéis Du schreiws, mais
"tacheless" schwätzen, daat mengen ech ass et e bessen woudrun et an der lescht hei fehlt...

Gudden Rutsch an d'Joer 2013 (och fier all aaner User vun Photogen)

Gunman
Schluck 30.12.2012 - 14:59
Ginn der zu 100% recht .. mais wat mir obgefall ass .. ech hunn héi vill an oft probéiert den Léit weiderzehëllefen mais wat een dann och mierkt ass dass een sech dobéi ëmmer méi Feinden mëscht an ëmmer manner Feedback kritt.

Meng Biller sinn och nach laang nët perfekt .. an sollen ët och nët sinn. Ech hëllefen gaeren weider, mais nët jiddereen wëll sech eben hëllefen loosen an wann's de bis ee puer mol ëmgerappt ginn bass hues de halt och ob emol keng Loscht méi.

Merci fir deng richt eraus an éierlech Mehnung
gunman 30.12.2012 - 17:23
Freet mech, dass Du mat menger "Analys" d'accord bass. Ech ginn dir och vollkommen Recht wanns du schreiws, dass een sech hautdesdaages mat Kritik un der Arbecht vun enger Persoun méi oft keng Frenn mecht, wéi dass d'Leit daat akzeptéieren. Ech mengen daat ass en Problem an onser Gesellschaft, an an den Schoulen geseis Du daat jo och (an do geet et un). Wann een fréier eng Datz kruut, dann huet een sech geschumt, an den Fehler bei sech selwer gesicht, haut ass et dem Schoulmeeschter seng Schold, dem System seng, dem Wieder seng oder ech wees net waat nach...
Trotz allem sin awer och nach hei um Site Leit déi eng Kritik unhuelen, och wann déi emol e bessen scharf formuléiert ass, daat sinn dann menger Meenung no och déi Leit, déi en Notzen aus der Kritik zéien an duerno besser Biller ofliweren. Jiddenfalls kennen ech der e puer hei um Site (ech well keng Nimm nennen), denen hir Photoen am Ufank wierklech net gutt woren, an déi haut top Photoen hei eroplueden !
Sou, ech mengen mir zwee sin ons eens, an ech hoffen Du bleiws ons mat dengen Photoen hei erhaalen, well ech selwer huelen mir se als Beispill fier eppes ze léieren.
Gunman
Jean-Jos 30.12.2012 - 14:52
Fir mech ass et e Portrait, deen usprécht, grad wëll en technësch gutt ass (Cadrage, ofgesaatenen HG, Schäerft...) a wéinst dem Mupp séngen treien Aen, der Wäermt am Bild... closed_eye
Schluck 30.12.2012 - 15:02
Merci Jean-Jos, genau dat wollt ech mat dem Bild do weisen an engem Kolleg an senger Famill ee scheint Bild schenken.
Jeanny 30.12.2012 - 15:43
e ganz flotte Portrait an engem herrlechem Liicht fotograféiert
Schluck 30.12.2012 - 18:07
Merci Jeanny, den Bléck an Liicht waren richtegschein warm an dat huet mer sou gutt gefall
mischii 30.12.2012 - 16:06
bei deem treie Bléck do schmëlzt een, a fir eng qualitativ sou gudd Muppefoto hei um site ze fannen muss ee laang siche goen!
Schluck 30.12.2012 - 18:09
Merci mischii woar an der läschter Owesluucht an mam Schilf am Hannergrond ... sou douce
micky 30.12.2012 - 20:14
ganz schéin..... smile
Schluck 30.12.2012 - 22:17
Merci micky smile
JC1967 30.12.2012 - 22:42
Ech well och esou een, nee direkt zwein. An den doten kennt mer irgendwei bekannt fir. closed_eye
Schluck 30.12.2012 - 22:44
Pass ob .. säin Mechter huet mer verzielt den Ziechter wier esou een kommechen den Zosissen klaut an ëmmer ee Fass Béier duerch d'Geigend schleeft closed_eye
JC1967 30.12.2012 - 22:53
Bass dach just jalous op deen wells du emmer muss Wasser drenken an Zossis just aus Prospekter kenns smile
Schluck 30.12.2012 - 23:02
bigsmile
desi 31.12.2012 - 10:44
o wi serio en dr ner gugt closed_eye
en scheinen hond smile
Schluck 31.12.2012 - 21:04
Merci desi
hardae 01.01.2013 - 21:00
Schluck, eng schéi Foto an e schéinen Hond smile
Schluck 01.01.2013 - 22:05
Meric gesoot Harry... een Donnerschten ?
hardae 02.01.2013 - 21:53
Jo, bis dann.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 409 Gäscht online