Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

En Erliefnis

 
En Erliefnis
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    30.12.2012
  • Gekuckt:
    20293
  • Favoriten:
    4 (Wen?)
  • Kommentarer:
    26
  • Beliichtungszäit:
    1/640s
  • Blend:
    f/4
  • Brennwäit:
    600 mm
  • ISO:
    1400
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    976x1301
  • Späicherplaz:
    467 KB
  • Originaldatum:
    27/12/2012
  • Fotoapparat:
    D4
  • Programm:
  • Objektiv:
    Nikon 600mm
Kategorie: Déieren »» Vigel allgemeng  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=69505]
Kommentar vum Fotograf:
Ech wees, dass den Äisvull op den Fotositen net méi gären gesinn get, resp. verpönnt ass...
fir mäi Meedchen a fir mech war et geschter en ganz schéint Erliefnis fir deen schéine Vull di eischte Kéier am Liewen richteg ze gesinn an en ze knipsen.
Hoffen e gefält awer ;-)
Op fir all Kritik!
BlackLizzard 30.12.2012 - 12:38
Eng schéin Foto. Ech hunn och nach nie een a Fräiheet gesinn.
Mir gefällt se op alle Fall immens gut.
Abacab 30.12.2012 - 13:47
Merci BlackLizzad, dat freet mech ze liesen bigsmile
Schluck 30.12.2012 - 12:48
Wonnerschéin Marc, gefällt mir och ganz gudd den do ... ganz flott kadréiert!
Abacab 30.12.2012 - 14:06
Merci Schluck, a villmools merci fir d'Invitatioun vu gëschter, well ouni déi wier des Foto net zou staane komm closed_eye
Schluck 30.12.2012 - 14:11
Ma gaer geschitt ...ech sinn frou dass mer all esou een flotten Dag hatten
Abacab 30.12.2012 - 14:16
C'est ça qui compte dans la vie, le reste n'a pas la moindre importance closed_eye
TC 30.12.2012 - 12:56
Hmm, den Kärelchen kennt mer bekannt vir closed_eye
Flotten Cadrage an flouen Hannergrond. Gefält mer!
Abacab 30.12.2012 - 13:54
Merci Thierry bigsmile
Ech fannen den Ennerscheed vun eisem Kärel trotzdeem rieseg!
Wann een et net wéist, da géif ee soen et wier een Anneren.
Muss och soen, dass 600mm op deser Plaatz net duerginn.
Deng 1200mm waren do schonns dee besseren Choix.
MR 30.12.2012 - 13:20
Däin eischten Äisvull hues
de wonnerschéin erwëschtsmile
Abacab 30.12.2012 - 13:56
Merci Martine bigsmile
Schuet dass de net konns dobäi sinn, et war derwaert closed_eye
Jeanny 30.12.2012 - 15:47
an du hues e wonnerbar fotograféiert Marc, hunn en och schonns zu Remerschen gesinn, hu just net dat richteg Fotosmaterial fir en esou gutt ze erwëschen
Abacab 30.12.2012 - 18:22
Merci Jeanny. Du sees et.
Bei esou Fotoen hänkt et wiirklech vum richtegen Material oof.
600mm sinn do schonns bal de Minimum. Ech hätt di heiten schonns missen stark cropen. Eigentlech wieren hei 1200mm ubruecht gewiecht.
Mee wannste dat Material emol hues da brauchste just nach d'Glëck ze hunn fir en ze erwëschen.
De Recht ass da keng Konscht méi closed_eye
Jeanny 31.12.2012 - 06:52
ech denke net dass ech mir dat Material uschafen wäert, ech genéissen éier Fotoen, an hale mech mäi un däi kleng Insekten smile
Conley 30.12.2012 - 17:32
Esch gesinn se ëmmer erëm gären wann se sou Presentéiert ginn. Kadrage Schäerft an dënn Hannergrond ass der wierklech gutt gelongen, ech huelen un dass him Sonn op den Réck geschéint huet an do duerch Faarf en bëssen verluer gaangen ass..oder wat mengs du un wat dat kéint leien?
Dat geschitt mir wann ech owes Makroen maache an Sonn ass nach ze hell a kennt vun der Säit ...fir do di richteg Beliichtung hierkréien ass net einfach. Trotzdem ass di ganz gutt ginn. An en Kilck weider wärt Abacab.
Abacab 30.12.2012 - 18:31
En decke Merci Conley bigsmile bigsmile
Du hues dat gutt gesinn a richteg erkannt.
Effektiv huet geschter d'Sonn emol erem e bësschen gedreckt, an dat genau him op de Reck, an dat ass och de Grond dofier.
Ech hunn des Versioun awer erausgesicht, well en hei esou schéin parallel zum Objektiv sutz, an domat trotz der klenger Blend e Maximum an der geringer Déifteschärft léit.
gemu 30.12.2012 - 19:18
Respekt, hues de schéin schaarf erwëscht a flott cadréiert. ech hun och nach ni en live gesin, gleewen dat daat een Erliefnis ass
Abacab 30.12.2012 - 21:07
Merci Georges bigsmile
Da musste dat onbedingt nohuelen, et ass derwaert closed_eye
Val 30.12.2012 - 19:57
Keen Komentar 10/10
Abacab 30.12.2012 - 21:08
Villmools merci Val bigsmile bigsmile
Dat freet mech!
JC1967 30.12.2012 - 22:51
Gud erwescht den Klengen. Net verwackelt, obwuehls du bestemmt vun Opreegung geziddert hues fir dein eischten Eisvull ze knipsen smile Jojo, dei eischten keier ass emmer een Erliewnes. closed_eye
Abacab 01.01.2013 - 15:36
Merci Jickly bigsmile
BigVood 31.12.2012 - 09:41
Eng gelongen 1. Foto vum Äisvull. Tip top! Dat deet gutt, wann een déi dann doheem um Schierm gesäit a si ass gelongen. Freet mech fir dech!
Abacab 01.01.2013 - 15:37
Merci Laurent bigsmile
gi87 01.01.2013 - 13:32
Felecitatioun vir deng Opnahm ! Hei heut Licht den Dach gepasst, schon flott den Dirketen Verglach mam Thierry sengem kenne ze machen, an ewei Enerscheedlech Boken dach sen vun ären Lensen. Qualitativ gief en hei net unheulen dassen Gecropt wir, opweulet op dei Distanz net einfach ass mat 600 mm.
Abacab 01.01.2013 - 15:58
Villmols merci Gianni, dat freet mech wann se dem Expert gefält closed_eye
Jo du sees et 600mm geet do effektiv net duer, hu missen extrem cropen fir des Foto. Dat mam Bokeh ass effektiv flagrant. Mengen dat ass och well den Thierry den 2fachen Extender drop hat.
Hunn och nach genau di Selwecht ewéi den Thierry, well di awer net hei eroplueden.
Et ass awer en interessanten Verglach, well si ass ganz annescht ginn. Schecken der de Link an enger PN.
gi87 01.01.2013 - 16:06
Merci hunse ma ungeckut smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 416 Gäscht online