..ganz flott dat do Martine. De Kadrage fannen ech ganz gelongen, an en plus hues de mat wéineg Faarwtéin een exzellent Bild realiséiert.
Gefällt mir perséinlech ganz gut.
Weess lo net wei oft ech déi schonn gekuckt hunn MR...Wonnerbar...Beliichtung...den Hannergrond...Schäerft.. Genuch platz fir den Bléck vun der Gro Mees...di Rumm stéiert mech och kenn Fatz. Wollt dech awer froen op der duerch Rumm net Platz beim Schwanz verluer gaangen ass, well dat wier schued esou kennen en bal wieder. Mee trotzdem nach eng kéier di do ass wierklech schonn Wonnerschéin MR.
Merci Conley
fir déi vill léif Wieder déi's du mir
héi schreifs, dat freet mech immens.
Hun gëschter bei der Foto nach e pur
Verännerungen virgeholl , well ech hat pur
Fehler entdeckt déi mech gestéiert hun.
D'Platz déi beim Schwanz fehlt , hues de vollkommen
richteg bemierkt , ass wengst der Rumm,
déi awer fir mech onbedingt muss bléiwen.
Ass mir awer ze spéit opgefall, an hat nëmmen
Endversioun gespäichert .:-(
D'Beaarbechtung vun dem Bild huet mech
Stonnen kascht, an wollt net méi vun ganz fir
erem ufänken.
Muss soen sin frou dass et dir opgefall ass,
dass och dat eenzegt wat mech e bëssen
um Bild elo nach stéiert,awer nëmmen e bëssen
Conley, ech appreciéieren däin Kommentar héi
wierklech, well sou Kommentarer hëllefen mir,
meng Biller ëmmer besser hinzekréien,
an dir durfir en décken merci
Merci Schluck fir den Hinweis
Jo , ech hun souwuel mat der 5DMarkII
wéi och mat dem Thierry senger 1DX
Villecher geknipst fir ze probéieren
an herno beim Eroplueden gur net dorabber
opgepasst well dat fir mech Nierwensach ass!!!!
Fir mech zielt d'Resultat an net den Fotoapparat!!
Änneren dat dann demnächt em
Een Kommentar bei meng Foto geng mir
awer Freed machen, vläicht hues de jo
Verbesserungsvirschläi?
Huet mech gewonnert wëll bei mir mëscht den PG ët automatech, an schreift déi richteg Kamera dohinn, souguer mat dësser Foto, dofir hunn ech mech just gewonnert firwat dat Explicit geännert gouf, wëll mer dat schon hei Sumpfmeise obgefall woar wëll ech bei daer d'EXIFen gekuckt hat. Natirlech ass ët Nierwensaach Also bei der Sumpfmeise woar d'Resultat .. bei der héi stëmmt ët.