Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Eng Märel

 
Eng Märel
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    13.12.2012
  • Gekuckt:
    10174
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    35
  • Beliichtungszäit:
    1/60 sec
  • Blend:
    f/6.3
  • Brennwäit:
    400 mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    -0.33333333333333 EV
  • Gréisst:
    1000x963
  • Späicherplaz:
    280 KB
  • Originaldatum:
    2012:12:13 13:37:54
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5D Mark II
  • Programm:
    Shutter Priority
  • Objektiv:
    Canon 70-200mm x2
Kategorie: Déieren »» Vigel allgemeng  
Extras:
Stativ

Fir anzesetzen: [pg_img=69122]
Kommentar vum Fotograf:
Ein Samenkorn lag auf dem Rücken,
Die Amsel wollte es zerpicken.

Aus Mitleid hat sie es verschont
Und wurde dafür reich belohnt.

Das Korn, das auf der Erde lag,
Das wuchs und wuchs von Tag zu Tag.

Jetzt ist es schon ein hoher Baum
Und trägt ein Nest aus weichem Flaum.

Die Amsel hat das Nest erbaut;
Dort sitzt sie nun und zwitschert laut.

Joachim Ringelnatz (1883-1934)

http://jeanny-marx.unser-fotoforum.com/
Zora 13.12.2012 - 14:16
Ganz schéin wei en extra fir dech poséiert, gefällt mer!
Jeanny 14.12.2012 - 06:21
An am Fréijoer sengt se sou schéin bei eis um Bam, duerfir gëtt se de Wanter och belount Zora, smileMerci
Conley 13.12.2012 - 14:54
Kuckt en bëssen traureg dran....waart bestëmmt och op Fréijoer. Gefält mer awer ganz gutt Jeanny. smile
Jeanny 14.12.2012 - 06:19
dat freet mech Conley, waarden och op Fréijoersmile Merci
Abacab 13.12.2012 - 15:18
ganz flott geroden deng Märel!
Jeanny 14.12.2012 - 06:18
Merci Marc
TC 13.12.2012 - 15:34
Een schéinen Porträt vun der Märel! Gefält mer gutt!
Jeanny 14.12.2012 - 06:22
en decke Merci
chrYstal 13.12.2012 - 17:33
Ganz flott, souwuel d'Foto wi och di kleng Geschichtchen derbei smile
Jeanny 14.12.2012 - 06:22
Merci chrystal
gemu 13.12.2012 - 18:36
Di horizontal Linnen ënnen um Bild mat der feiner détailléierter Struktur sin den Glanz a brengen och faarwlech e flotten Kontrast zu der schwarzer Märel. Top Schärft a Foto
Jeanny 14.12.2012 - 06:24
villmools Merci Georges, sou gesinn ech dat och,
Jacques 14.12.2012 - 05:24
Eng Märel ass jo keen aussergeweinlechen Villchen, mee ech perséinlech fannen d'Märelen ganz schéin duerch hieren Schniewel an foarwechen Krees ronderem d'Aaen.
D'Luucht an den Hannergrond fannen ech einfach top, an doduerch geséit een Détailler vun den Fiederen(waat bei schwarzen Villecher net emmer de Fall ass). Déi waagerecht Linnen vum Holz maachen dess Foto proper an clean, an doduerch stecht deen schéinen Villchen wonnerbar eraus!!
Eng ganz schéin an gelongen Foto,Jeannysmile
Jeanny 14.12.2012 - 06:35
Jo, däi männlech Märel ass esou schéin schwaarz, deier weiblecher hiert Fierderkleed geet mäi an Brongt-Gro, an de Schniewel an de Krees em Aen sinn net sou giel.
villmools Merci fir däi positive an detailléierte Kommentar Jacques, dat freet mech,
MR 14.12.2012 - 05:41
D'Märel vun hirer schéinster Säit
ganz flott fotographéiertsmile
Jeanny 14.12.2012 - 06:35
Merci Martine
BigVood 14.12.2012 - 08:24
Schéi Opnam vun enger Märel. Bei mir komme leider keng fir ze Friesse laanscht kucken. Bal nëmme Meesen an 2 Spiechten sinn regelméisseg do a friessen sech sat.
Wat hues du gefiddert fir d%u1E3Eärlen? Et läit villäicht um Fudder, wat Märele net interesséiert.
Jeanny 14.12.2012 - 11:20
Merci, ech fidderen Streeëfudder, Sonneblummenkären, Nëss, Märelen hunn och gären Ätonguepel. des Märelen sinn ganz Joer iwwer do.
BigVood 14.12.2012 - 16:53
Merci fir d'Info!
Ech fidderen eigentlech dat selwecht, läit villäicht un de Kazen, déi ëmmer rem verbäi kucke kommen.
Mäin Apel war e richtege Flop, wollt einfach kee sou richteg drugoen: Bio-Ätonguepel schéngen hinen wuel guer net ze schmaachen! smile
Jeanny 15.12.2012 - 07:40
smile Hunn op deier Plaatz wou ech fidderen en Drot gemeet, fir dat dem Noper seng Katzen net dohinner kommen.
BigVood 15.12.2012 - 13:05
Hunn ënnen um Bamstamm och Kanéngerchersdrot befestegt, domat d'Kazen net ropkloteren an eng deck Waasserpistoul bei der Fënster stoen, falls eng Kaz sech net méi packt: dat verhalen se! smile
Jeanny 15.12.2012 - 13:43
Schaff dir en Hond un, de fiert och mat e Schlitt, mécht eis Tessy ,wann et eng geseetsmile)
BigVood 15.12.2012 - 14:07
Hunn een Hond, de Voodoo (Zwergspitz), de bekuckt d'Kaze net, mat senge bal 13 Joer hält hien léiwer een Tëmpechen a senger "Höhl" smile
Jeanny 16.12.2012 - 12:58
smile
hardae 14.12.2012 - 10:58
Jeanny, déi hues du flott erwëscht.
Ech wannen de Cadrage an Opbau flott. smile closed_eye
Jeanny 14.12.2012 - 11:15
ech och, smilevilläicht just uewen e bësschen ewech closed_eye
Hei ass Holz och sou wei et soll sinn, dohannen war et e bësschen ze hellsmile Merci Harry
jorsch 14.12.2012 - 19:06
E schéin Opnahm vun der Märel, gefält mir gutt, besonnesch wéinst dem ganz onkomplizéierten Opbau!
Jeanny 15.12.2012 - 07:41
am Gaart op der Holspalisade, do setzen se ëmmer an der Rei eier se friesse ginnsmile Merci jorsch
mischii 15.12.2012 - 10:46
Fir mech passt de Cadrage ganz gudd Jeanny, an d'Holz stéiert mech kee Fatz bigsmile
Jeanny 15.12.2012 - 12:41
Loossen se och esou, villäicht just uewen e bësschen ewech ? Merci Michèle.
mischii 15.12.2012 - 14:17
jo uewen verdréit se e klenge crop closed_eye
Jean-Jos 16.12.2012 - 19:06
smile
Ganz flott Jeanny, déng Märel huet iwwerall Zechnung an eng knackég Schäerft a giele Schniewel ; de jorsch huet et op de Punkt bruecht mam onkomplizéierten Bildopbau.
Jeanny 17.12.2012 - 06:39
Merci Jean-Paul, ech sinn och nach net iwwerzeegt ob ech soll vill dru schneide goen, wann, dann e bësschen uewen closed_eye
marker 16.12.2012 - 19:06
..eng einfach Märel, wou am Allgenegen net all ze vill Obmiersamkeet kritt, ''fläicht well se net esou faarweg ass'', hei bal am Caré gewisen, ouni vill Schnickschnack fannen ech ganz gelongen Jeanny, a wéi's de selwer geschriwen hues, am Fréijoer kris du de Loun vun hirem herrleche Gesang.
Jeanny 17.12.2012 - 06:41
sou ass et Marc, an ech freeë mech schonns op hire Gesang, uewen op den Dännen, Merci

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 522 Gäscht online