Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Daydreaming...

 
All Fotoen an dëser Serie:
32943 Thumbnail
32944 Thumbnail
Daydreaming...
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    06.12.2012
  • Gekuckt:
    16219
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    10
  • Originaldatum:
    2011:12:17
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5d Mark II
  • Objektiv:
    Canon EF 16-35 mm F2,8 L
Kategorie: Natur »» Landschaften
2. Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=68942]
Kommentar vum Fotograf:
....nodenklech huet dest klengt Meedchen gewiirkt wéi et am Wasser gespillt huet....

Nach eng Serie vun mengem Lieblingsbierg / Kapstadt SA, opgeholl beim Blouwbergstrand.

Ech konnt mech aawer net richteg décidéieren op mir déi faarwech oder d'SW Versioun besser gefällt.
Miau 06.12.2012 - 20:24
Flott Opnam, obwuel ech SW'ler si gefältt mir hei di faarwech besser, am SW wierkt m.M.n. den Himmel irgenwie onnatierlech bzw. zevill gro, eng selektiv Steigerung vum Kontrast wirkt do ganz bestëmmt
Scyv76 06.12.2012 - 20:44
Merci vir deng Kritik, ech sin en Greenhorn am SW smile Ma ech haat en am Ufank vill méi hell an hun en duerno bessi nogedonkelt, iergendwéi wiirkt en mir och lo zevill "dramatesch", passt net sou ganz bei dei Szene, ech mengen ech muss effektiv nach eng kéier um Himmel schaffen.
bac 06.12.2012 - 20:45
Also déi s/w gefaellt mir vill besser
Scyv76 06.12.2012 - 22:05
OK merci, ech sin éichter bei der faarwecher smile
wuff 06.12.2012 - 21:01
Den Himmel wierkt op allen zwou Fotoen onnatierlech, fannen ech. An d'Meedchen sëtzt ze vill wäit ënnen.
Scyv76 06.12.2012 - 22:10
Hun se allen 2 geännert, bei der fuerweger woor mengen ech zevill Moof-Téinung dran. Waat d'Positioun vu Meedchen ubelaangt, leider hues de absolut recht, hun daat réicht méi spéit hei heem gemiirkt, den gellen schnett kréien ech do net méi hin soss muss ech uewen quasi direkt iwert dem Bierg schnéiden.
gloda 06.12.2012 - 21:09
D'SW Versioun ass net gutt. Probéier verschidden SW Filteren aus fir e Bild mat méi Kontrast ze kréien, wou net alles ausser d'Steng ähnlech Grotéin kritt. Du brauchs méi Kontrast.
Scyv76 06.12.2012 - 22:04
Merci vir de Feedback. Hun d'SW versioun mool ersaat, en aaneren Filter an nach selektiv um Kontrast geschrauwt...lo wiirkt se mer just e bessi vill "dramatesch", ech kréien déi iergendwéi net sou hin wéi ech se gären hätt unhappy
gloda 06.12.2012 - 22:44
Maach de ganzen Himmel méi hell bis d'Wolléken sou hell wéi de Welleschaum ass.
Scyv76 07.12.2012 - 09:42
Merci, ma ech probéieren daat mool nach.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 516 Gäscht online