Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
Eve
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    29.11.2012
  • Gekuckt:
    43851
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    14
  • Beliichtungszäit:
    1/125 sec
  • Blend:
    f/4.8
  • Brennwäit:
    48 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    535x800
  • Späicherplaz:
    479 KB
  • Originaldatum:
    2012:11:29 10:04:38
  • Fotoapparat:
    FinePix S5Pro
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher
2. Kategorie: Digital Art »» Natur
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=68786]
Kommentar vum Fotograf:

d'Eva!
ech hun eng zäitrees gemach. d'eva huet mer ee lecker äppelkompott gemach, a mech e bessen duerch säi bongert gefouert! woar ee relaxen nomëtteg
Val 29.11.2012 - 11:13
E ganz schéinen Apel!! awer eppes ass Mëtt richteg : Am Wanter sinn blieder dach ganz giel, an falen dach och vum Bam oder closed_eye
MarcGerard 29.11.2012 - 11:18

jo, mee am paradäis get et kee wanter! nächt joer fuerene ch mat secherheet nachengkéier dohinner!
edit: d'blad as am original villméi giel wéi dat do. do hat ech keng aner mëttel, an ech ma léiwer een natiirlecht blad kënschtlech gréng, wéi ee kënschtlecht blad ze huelen smile
Gaga 29.11.2012 - 11:17
Salut Marc,

Ech sin begeschtert vun denger Foto, well t'Idee super as an se mech un eng aaner Foto erenenrt.
Leider hun ech e puer Problemer :
- t'qualiteit schengt net super, ech huelen awer un dat et un der 800pxl versioun leit an t'Original besser as.
- vun der Pose hier fannen ech dat duerch den bedeckten Uewerkierper an dei gekreizten Ärm, t'Model net favorable ausgesait.
- t'Lucht fannen ech e bessen Hart.

Soit, flott Emsetzung an gut Idee, du hues bestemmt och eng Versioun mam Fokus um Apel ???
Kuck mol des hei .

( 18 Content warning : http://www.lowbird.com/data/images/2012/01/blogspo... )
MarcGerard 29.11.2012 - 12:58

ma dat as schéin dass se der gefällt. hätt ch se extra fir dech gemach, dann hätt ech och den uewerkierper méi favorabel gemach tongue
sou wéi d'foto a méngem kapp woar -gaaaanz anecht- hun ech se iergendwéi net hikrit. d'pose wier dann net symetresch an net esou "direkt". mee bon, krut et net gebak smile
chrYstal 29.11.2012 - 13:02
Pardon, mä wou ass den Nuëbel? Huet d'Madame keen?
MarcGerard 29.11.2012 - 13:22

ouni nuebelschnouer, keen nuebel.
souvill zum eva. de modäll huet awer een nuebel, keng angscht
Zora 29.11.2012 - 14:20
sin decken Fan, fannen d'Idee an Emsetzung super, esou kanns de weider fueren, genau mein Gout!
MarcGerard 29.11.2012 - 17:38

ok merci, da man ech dat smile
JADE 29.11.2012 - 19:28
fannen ech och eng ganz gutt Idee an d'Eve/Leslie souwisou

fir mech kennt ët just komesch eriwer well et ausgesait wéi wann hatt keng Ärm hätt oder just Deeler vun Ärm ...
nët dass esou Fotoen mech stéieren, mee ët ass well ech wees, dass daat net säin Fall ass (also d'Leslie) ... an dann kritt mäin Gehier sech nët ungepasst unhappy
un d'Aan kréien ech mech och nët gewinnt, mee daat soll dech nët stéieren closed_eye

dann, den Nuebel, jo och komesch, mee deng Erklärung ass logesch !
nach een "Detail": sin et am Paradäis och Drauwenrebenblieder gin? oder awer just Ätonguepelbeemblieder (mee déi sin méi kleng ...)? mee bon, ween wees ët?

an dann: tjo, ech warden dann emol (ouni vill Gedold) op den Adam
MarcGerard 29.11.2012 - 23:36

drauweblieder gouf et ganz bestëmmt. mee JUST ätonguepelblieder kann net sin. éischtens gouf et sämtlech planzen an déieren (et as keng flächegréisst ugin, dofir as dat gudd méiglech), mee et woar och keen apel dee verbuede woar ze iessen. dat heescht et kéint ee sin, mee an der bibel steet "eng Fruucht", also dat hätt och kënnen eng ananas sin, oder suguer eng fruucht déi mär net kennen.
souvill zum drëschenen deel smile oder zum fruchtegen

mat déngen äerm gin ech der zwar voll recht. ech hun och näischt zu ménger verteidegun ze soen smile
JADE 30.11.2012 - 00:14
an wéi ass daat mam Adam?

an wien seet dass iwerhaapt een Blaat do war wou en ass?
an wann, wéi hätt daat Blaat dann gehaalen? Uhu ass et nach net gin, an Zahnseide och net fir d'Blaat als Stri*g unzehaalen smile

mee bon, Froen iwer Froen iwer Froen ... ^ ^(°closed_eye_(°closed_eye^ ^
MarcGerard 30.11.2012 - 08:13

et gouf hunneg tongue
boff, ech weess et net. mee den adam hat och keen nuebel. mee dee stellen ech mer ganz anecht vir wéis du der dat denks smile ganz anecht wéis de der et wënschs tongue
ToPo 01.12.2012 - 11:13
Respekt fir deng Aarbecht an dem Model säin Asaatz!

Eva??? Mir feelt daat Paradisecht, dëss Foto ass éischter am Marilyn Manson Style, düster an haart Liichtstëmmung.

D'Aan an d'Kierperhaltung gefaale mir nët?

Firwaat soll d'Eva kee Nuebel gehaat hunn?
MarcGerard 03.12.2012 - 09:06

well en nuebel vun enger nuebelschnouer kënnt. déi mer während eiser eegener schwangerschaft brauche fir ze buffen!
vu dass weder den adam nach d'eva gebuer gi sin, hun sie also och keng nuebelschnouer gehat. also haten sie ee bauch ouni nuebel.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 376 Gäscht online