Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
Frisbee
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    18.11.2012
  • Gekuckt:
    43838
  • Favoriten:
    4 (Wen?)
  • Kommentarer:
    71
  • Beliichtungszäit:
    1/1000
  • Blend:
    f/2.8
  • Brennwäit:
    300mm
  • ISO:
    2800
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1200x799
  • Späicherplaz:
    644 KB
  • Originaldatum:
    16/11/2012
  • Fotoapparat:
    Nikon D4
  • Programm:
    Manuel
  • Objektiv:
    300mm
Kategorie: Déieren »» Hausdéieren  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=68462]
Kommentar vum Fotograf:
Eisen Rhodesian Ridgeback deen och bei schlechtem Wieder mam Frisbee spielt. Hoffen se gefält ;-)
micky-maus 18.11.2012 - 11:59
Een eschten Athlet daat dooten, sain Kapp, den Bleck ann alles... Super festgehaal. surprised
Abacab 18.11.2012 - 17:33
Merci micky-maus, jo athletesch ass en op alle Fall closed_eye
BlackLizzard 18.11.2012 - 12:17
Deen hues de perfekt erwëscht.
Abacab 18.11.2012 - 17:33
Merci BlackLizzard smile
gi87 18.11.2012 - 12:23
Flott festgehaalen smile GEsin heus en Update op den D4 gemach ?
Abacab 18.11.2012 - 17:54
Merci Gianni smile
MR 18.11.2012 - 12:39
Gesäit een , däin Hond
ass voller Begeeschterung bei der Saach
super flott erwescht smile
Abacab 18.11.2012 - 17:34
Merci Martine, jo wann hien säin Frisbee huet, dann ass alles annescht onwichteg, esou d'Kichelcher closed_eye
MR 26.11.2012 - 05:49
Gratulatioun
un d'Amy an un den Fotograph
fir déi schéin Wochenfotosmile
Ech fannen d'Amy hätt sech
fir déi Leeschtung een néien
Frisbee verdéngtclosed_eye
Abacab 26.11.2012 - 11:23
Villmools merci Martine bigsmile
Jo effektiv geséit den Frisbee schonns ellen matgehol aus, mee dat war schonns no engem Dag esou closed_eye
Pit 18.11.2012 - 12:58
Flott festgehaal, sou 'Action' Fotoen sin emmer nees spektakulär. Hues jo schéin an deng Ausrüstung investeiert, besser wéi en neien Schaf ass dat op allen Fall smile
Abacab 18.11.2012 - 17:35
Merci Pit, jo gell, géif soen do hätt ech e gudden Choix getraff closed_eye
Schluck 18.11.2012 - 13:29
Jo, do ass se jo ... super action, déin Mupp sou flott an der Diagonal ... den Bléck ass och den Glanz.
Abacab 18.11.2012 - 17:41
Merci Schluck, dat freet mech dass se gefält. smile
Dat heiten war praktech di eischt Foto mat der D4.
War mer am Ufank net esou secher duerch di heich Iso'en.
Wéinst deem sch.. Wierder konnt ech D4 nach guer net esou richteg testen unhappy
petz65 18.11.2012 - 14:49
Jo Marc hun och schon op dei Foto hei geward.
Ech fannen se top. Super gestreckte Sprong fum Amy!
Abacab 18.11.2012 - 17:42
Merci Petz, dat freet mech bigsmile
Jeanny 18.11.2012 - 17:41
wat huet en eng schéin schmuel Taille smile, wonnerbar Aktiounsfoto, TOP
Abacab 18.11.2012 - 17:44
Merci Jeanny, jo gell, eist Mädchen ass e schéinen Athlet.
Hunn grad deng Biller vum Salon gekuckt, Gratulatioun, du hues jo wonnerbar do geschafft!
Jeanny 18.11.2012 - 17:50
da soen ech dir villmools Merci Marc, dat freet mech ze héierensmile
JC1967 18.11.2012 - 18:51
ohhh mein Amy smile Gudden Cadrage an de richtegen moment ofgedreckt: Zähn sin och vollzähleg an schein propper. hehe gefällt mer richteg gud. Gef em een decken Kuss vun mir hehe
Abacab 18.11.2012 - 19:02
Merci Jickly bigsmile
Hei geséit se direkt anescht aus wéi op deem anere Site oder?
Dass ech esou e Prachtmeedchen kritt hunn kann ech jo eigentlech där verdanken closed_eye
De Kuss kruet et elo just smile
JC1967 18.11.2012 - 19:05
smile
desi 18.11.2012 - 20:42
WOW WAT HUERT DEN ZEN smile
ENG SUPI FOTO smile
ZUM RICHTEGEN MOMENT BEIM DER RICHTEJER PLATZ smile;)
SENG SCHNESS ODER SEIN GESIT ASS (T) DAT WITZEJT
smile OP DER FOTO
JENIAL DEI FOTO
GEFELT MER smile;)smile;)
smile;);)smile;);)smilesmile;)smilesmile;)
Abacab 18.11.2012 - 20:54
Merci desi, dat freet mech dass d'Foto dier gefält.
Op der Foto geséit en zwar deck krass aus, mee am richtechen Liewen ass et en Schnuckelhond smile
Hubi 19.11.2012 - 08:09
richteg gutt! den richtegen Moment den Fanger um Trigger.
dobei nach knackscharf. Schéin Opnahm.
Abacab 19.11.2012 - 11:22
Merci Hubi bigsmile
Val 19.11.2012 - 09:14
Mat esou engen Apparat léist et sech och gutt Fotoen maachen
11 Biller an der Sekonn dat ass schonn Top,Wie en hei op der Foto gesäit. super Foto bigsmile
Abacab 19.11.2012 - 11:28
Merci Val, jo du sees et, dat war och de Grond fir de Wiessel vun der D800 op D4. Sinn och iwwerrascht iwwert d'Rauschen, et war nämlech ganz schlecht Wieder, an d'Foto ass net entrauscht ginn.
Jacques 19.11.2012 - 09:37
Top Foto!!!
Abacab 19.11.2012 - 11:28
Merci Jacques bigsmile
gemu 19.11.2012 - 14:05
Super action flott cadréiert. Richteg gud erwëscht.
Abacab 19.11.2012 - 14:46
En decke Merci Georges bigsmile bigsmile
NikonD80 19.11.2012 - 16:20
super Action-Foto, Respekt !
Abacab 19.11.2012 - 19:07
Merci NikonD80! bigsmile
TC 19.11.2012 - 17:35
Super Cadrage an Schaerft, Marc. Ech gesin du hues eng nei Spillsach. Net zufridden mat der D800?
Abacab 19.11.2012 - 19:07
Merci Thierry bigsmile
Kalaharimike 26.11.2012 - 00:02
Gratuléieren
Abacab 26.11.2012 - 11:08
Merci villmools bigsmile
petz65 26.11.2012 - 00:18
Bravo Marc!
Abacab 26.11.2012 - 11:09
Merci villmools Petz bigsmile
Jacques 26.11.2012 - 05:12
Gratuleieren fir d'Wochenfotosmile
Abacab 26.11.2012 - 11:09
Merci villmools Jacques bigsmile
Jeanny 26.11.2012 - 06:12
ech gratuléieren dir ganz häerzlech
wënschen dir eng schei Woch
Abacab 26.11.2012 - 11:10
En häerzlechen Merci zerëck Jeanny bigsmile
JC1967 26.11.2012 - 08:34
Moien Marc. Deng 1st Foto mat denger neier D4. Ech gratuleieren der fir d'Wochenfoto an freen mech dass och nach grad eist Amy do drop ass: wuel verdengt smile
Abacab 26.11.2012 - 11:21
Villmools merci Jickly bigsmile
Du hues jo awer och e gudden Deel zu der Foto béigedroen.
1% de Frisbee
1% D4
1% de Fotograf
a 97% d'Amy
JC1967 26.11.2012 - 11:59
Aha, an weivill % ech dann elo closed_eye
Abacab 26.11.2012 - 12:02
Majo 97% , keen Jickly -> keen Amy closed_eye
JC1967 26.11.2012 - 13:33
closed_eye
Schluck 26.11.2012 - 19:15
Luef ën nët zevill soss kënnt ën och bei dech den Vullen d'Fudder klauen closed_eye
Abacab 26.11.2012 - 20:23
bigsmile bigsmile
Schluck 26.11.2012 - 09:20
Congrats fir déi super Wochenfoto !! An du wolls déi ob PG nët weisen
Abacab 26.11.2012 - 11:12
Muss der 2x Merci soen Schluck, well effektiv wann di Diskussioun Samstes net gewiecht wier, wier se ni hei um Site ukomm.
Sinn awer immens frou doriwwer zumol et d'Amy ass bigsmile
Schluck 26.11.2012 - 19:16
Jo gesäis de .. ass ëmmer rëm gudd engem anneren seng Mehnung ze héieren.
Gaga 26.11.2012 - 11:07
félicitatiounen, net mein Choix, mais awer eng gelongen Opnahm.
Abacab 26.11.2012 - 11:13
Villmools Merci Gaga, och fir deng Eierlechkeet closed_eye
Gaga 26.11.2012 - 14:05
gär geschitt, obwuel daat guer net pejoratif gemengt wor. t'foto as super, keen Zweifel.

micky-maus 26.11.2012 - 12:08
Och vunn mier: GRATULATIOUN cool
Fier den Rescht schleissen ech mech dann mol dem Gaga unn closed_eye
Abacab 26.11.2012 - 12:37
Och dir micky-maus en decke Merci smile
gemu 26.11.2012 - 19:09
Gratulatiounen Marc, eng Meeschterleeschtung
Abacab 26.11.2012 - 20:45
Villmools merci Georges smile
NikonD80 26.11.2012 - 21:59
Gratulatioun och vu mir
Abacab 26.11.2012 - 22:42
Merci villmolols NikonD80 smile
gi87 27.11.2012 - 00:00
Gratulatioun Abacab zu da Wochenfoto !
Abacab 27.11.2012 - 15:26
Merci Gianni smile
TC 27.11.2012 - 07:58
Gratulations, Marc smile
Abacab 27.11.2012 - 15:27
Merci Thierry smile
Pit 27.11.2012 - 19:16
Majo, alt dei nächst smile
Gratulatioun, huet et verdengt.
Abacab 27.11.2012 - 20:44
En decke Merci Pit, wat een net alles esou ka maachen mat engem Schaaf closed_eye
marker 28.11.2012 - 09:09
nodréigeleg och nach Gratulatioun vu mir Abacab, e super Bild.

Abacab 28.11.2012 - 11:09
Merci villmools marker, dat freet mech!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 339 Gäscht online