Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

normandie

 
normandie
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    08.11.2012
  • Gekuckt:
    19443
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    25
  • Beliichtungszäit:
    1/90 sec
  • Blend:
    f/13
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    160
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    532x800
  • Späicherplaz:
    172 KB
  • Originaldatum:
    2012:11:08 19:51:36
  • Fotoapparat:
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Sonnenopgäng / -ënnergäng  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=68169]
Kommentar vum Fotograf:
leschte Weekend...
Maimonides 08.11.2012 - 21:14
Grandios di do, spako:
d'Fielsen déi sich am Himmel opléisen,
an de Mënsch deen sich schwaarz behaapt,
irgendswéi...
spako 08.11.2012 - 21:28
Merci smile freet mech wa se daer gefaellt smile
Gaga 09.11.2012 - 17:19
Bein voilà, wann ech soen keng Spako-Foto, et hätt zb eng Maimonidesfoto kennen sin !
Maimonides 09.11.2012 - 20:33
Deels du elo well Komplimenter aus, Gaga ?
closed_eye
Gaga 10.11.2012 - 00:36
nach emmer Maimonides.
Do wou se ubruecht sin,
et get naischt schlemmeres wei en heuchlerecht Kompliment, leider gin et der hei vill ze vill (menger mehnung no)
Maimonides 10.11.2012 - 15:02
Déi Meenung do, Gaga, deelen ech voll a ganz !
micky-maus 08.11.2012 - 21:55
Wow, enn immens interessant Motiv wou jiddereen sech seng eejen Gedanken kann maachen. Interssant Beliichtung hei.
spako 08.11.2012 - 22:46
Merci villmools smile eigentleg ass se jo einfa mol mega iwwerbeliicht am
himmel mee fannen e gett der Saach Stemmung smile
micky-maus 08.11.2012 - 22:51
ouni dei Iwwerbeliichtung doo wäer ett eng banal Foto. Een Gleckstreffer .smile
spako 08.11.2012 - 22:55
smile
bigmama19420205 08.11.2012 - 22:25
deen do geht riicht an den Himmel closed_eye

scho speciel .
spako 08.11.2012 - 22:46
Merci smile)
marker 08.11.2012 - 23:22
d'Vignette ass zwar ''hefteg'', brengt awer Dynamik an d'Bild.
Normandie, ...i like.
spako 09.11.2012 - 13:23
Merci... smile
Gaga 09.11.2012 - 00:09
dei gefällt mer, awer et as keng Spako Foto !
unhappy
Muss eierlech soen dat deng aaner Küstenbiller mer besser gefaalen.
spako 09.11.2012 - 13:27
Et ass schon eng spako foto closed_eye ech hu se jo gema... Waat genee spako defineiert wees ech selwer am mannsten... Ech man emmer sou wei et grad kennt an am Moment sinn ech eischter dchwaarz waiss ennerwee a verzichten op vill Photoshop gepiddels wei ech et soss a mengen Kuestefotoe gema hunn... Ech wees waats de mengs, an ech ka mer vierstellen dat daat heiten net jodferengem sai gout trefft an daat aanert, mei fuerwegt, mei HDR, mei PS oft mei de gout trefft, respektiv de wow effekt produzeiert...
Mee sou fillen ech meng Fotoen eben am Moment...
Merci fir deng eierlech Meenung smile
Gaga 09.11.2012 - 15:57
lo wees ech net ob ech dech soll treischten oder ... unhappy

Kapp heich, et kommen erem besser Zeiten closed_eye

Nee, du hues richteg verstaanen. Ech sin einfach deen aaneren Stil gewinnt vun dier.
Dei hei huet vill düsteres, wann een elo net wees waats de alt schon vun geilen Sachen bruecht huet, dann geiff ech der elo en Fiertrag iwer richteg Beliichtung an Struktur haalen bigsmile

Mais bei dier wees een jo dat et gewollt as.
MbG

spako 09.11.2012 - 17:05
Hehe nee nee treischte brauchs de mech net...
A wanns de der Meenung bass dat se besser waer wa se 'richteg' beliicht wier respektiv mei Struktur haett da kanns du daat gaere soen... Ech wees se ass iwwerbeliicht, secher net perfekt an secher net sou gephotoshopped dat se 'geil' ass...
Ech fannen se ass minimalistesch an huet eng ganz eegen atmosphere an ech si frouh dei Athmsophere agefaangen ze hunn an se net reischt hu misse (wei ei villen aale Kuestefotoe vu maer) mat Photoshop schaafen smile

smile
Gaga 09.11.2012 - 17:17
de Witz as jo,
mecht en "Newbie" dei Foto esou, seet all Mensch em dat en daat muss richteg Beliichten. Bei dier geif ech mer daat net erlaaben, well ech genau wees dats du wees wei een eng Foto Beliichs, sprech, du wolls se esou !
Mais soit, wann ech hei eng Sach geiff kritiseieren, dann geif ech spontan soen, e bessen an t'Kneien goen an den Personnage leit mei weit iwert dem Horizont an kennt doduerch besser zur Geltung. An duerch den ausgefriessenen Horizont fannen ech se e bessen desequilibreiert, se schenkt no riets ze kippen doduerch.
Daat hei geht einfach mei richtung old School, ech kommen net aus der Analogzeit, dohier hun ech keen esou en Bezuch dozou.
spako 09.11.2012 - 17:32
Versti ganz gudd waats de mam 'newbie' problem mengs an eigentleg fannen eh et schued; eischtens dat een newbie deemno wei direkt zerrappt gett an zweetens genee sou dat een aalen Hues naischt mei gesoot kritt smile)
Fannen och dat se kippt obwuel ecb se riit gema hunn... Effektiv eng optesch taeuschung dei mech och steiert... An iwwert de personnage deen na bessi zevill an de Steng haenkt hunn ech mech och schon heemlech geiiergert closed_eye
Ech sinn och keen analogist closed_eye
Maimonides 09.11.2012 - 20:30
Ganz éierlich ass se awer, spako,
a kengem muss se gefaalen.
Mir gefällt se just dowéinst.
spako 09.11.2012 - 20:48
Merci smile
Maimonides 09.11.2012 - 21:46
Si erënnert mich e bëssen un dës, spako:

vum mOnsterbUg:

... mol kucken
Zodiac 09.11.2012 - 15:30
Ech wees net genau wat et ass, mais dei Foto hei faszinéiert mech.
spako 09.11.2012 - 17:05
Merci smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 447 Gäscht online