Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Nilgänsen am Reen

 
All Fotoen an dëser Serie:
32078 Thumbnail
32079 Thumbnail
Nilgänsen am Reen
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    05.11.2012
  • Gekuckt:
    34994
  • Favoriten:
    8 (Wen?)
  • Kommentarer:
    63
  • Originaldatum:
    04.11.2012
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 1D X
  • Objektiv:
    Canon EF 400mm f/2.8 II & Extender 2x
Kategorie: Déieren »» Vigel allgemeng
2. Kategorie: Déieren »» Wëll Déieren
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=68061]
Kommentar vum Fotograf:
Konnt mech alt ërem nët entscheeden, mir gefaalen se allen zwou
Jacques 05.11.2012 - 17:31
Wouw!!!!
Do fehlen mer elo deéi richter Wieder!smile
Wonnerschéin!!!
Schluck 05.11.2012 - 17:40
Merci Jacques, dat freet mech !
BlackLizzard 05.11.2012 - 17:31
Si sinn allen zwou gutt mä mir gefält déi éischt am beschten.
Schluck 05.11.2012 - 17:40
Jo, ech hunn och eng liischt Präferenz fir déi 1.
Maimonides 05.11.2012 - 20:33
Fir mech di 1., Schluck,
well do dat Wäisst net esou blend.

Top Fotoën.
Schluck 06.11.2012 - 09:18
Stëmmt, dat huet mech och gestéiert ... muss do nach eng keier nobesseren, merci gesoot
JC1967 05.11.2012 - 17:32
Hells de dein Extender och manchmol vum 400er erof? closed_eye Mengen esou guer wann ech den 600er kreien wärt den Extender dropgeschweest gin smile Proper traf deng Gänsen.
Schluck 05.11.2012 - 17:42
Nee, praktech nët ... 400mm ass um FullFrame een Wäitwenkel fir Déierenfotographie .. dofir sinn ech jo sou frou dass ech dem Marc nach rechtzeiteg konnt vum 400er 2.8 offrodden ... Merci JC
Nicon07 05.11.2012 - 17:56
Dat sees du gudd. Ech komme just op 400mm mam 2X Konverter. A mäin aalen Sigma 170-500mm f: 5,6-6,3 ass schlecht, well net liichtstark genuch, luesen AF a virun allem ouni Kontraster bei 500mm.

Schluck 05.11.2012 - 18:06
Wann's de lo nach ee Crop hues gget ëtt .. dat fannen ech bei Nicon jo sou génial ... eng 7D mat 1,6x crop dann ass 400mm ok .. brauchs zwar trotzdem nach den Converter.

Den Problem ass jo dass déi Denger sou horrent vill Geld kaaschten .. ech hunn laang denen anneren mat hieren Réiher nogekuckt um Wéiher biss ech dann ocjh an den sauren Apel gebass hunn mais ët deet mer nët leet ... ausser villeicht dass ech besser gehaat hätt ob den 600er ze waarden .. mais bon .. mol kucken
Nicon07 05.11.2012 - 18:13
Jo! Op méngem Jonge sénger D3200 (crop X1,5) a séngem 24 mpx Sensor kréien ech mat dem 70-200 f/2,8 & TC2 ee virtuellen 210-600 f/5,6. Mais deen Apparat ass ze liicht par rapport zum Objektiv. An den héichen ISO ass en och net sou ganz propper, wéi bei de (semi-) professionelle boîtierën. Bei Geleeënheet maachen ech mol e puer Fotoen domadder um Stau...
MR 05.11.2012 - 17:33
Immens flott am
Synchronfléien erwescht
ganz flott och déi
flou Hierschtfaarwen
am Hannergrond
Mäin Fav ass déi 1.
Schluck 05.11.2012 - 17:43
Jo, dat synchront huet mer och sou gudd gefall ... dofir hunn ech se och sou Mëtteg kadréiert geloos fir d'Synchronitéit/Symétrie ze ënnerstréichen.
Nicon07 05.11.2012 - 17:42
Also di doten.... ! Mir feelen d'Wieder. Ech mengen, do ass awer déng Ausrüstung och mat resposabel. datt déi am Flug dir entgéint sou präzis scharf sin. An dee Bokeh am Hannergrond, dee mécht, datt d'Gänsen nach méi scharf wierke, wéi se scho sin. Super! Dat doten ass fir méch ganz grouss Naturfotografie. Dat ass méng perséinléch Foto vun der Woch. smile
Schluck 05.11.2012 - 17:46
Merci gesoot, natiirlech ass d'Ausrüstung do dass A und O ... schon alleng weinst den ISOën:1/1000 f/5.6 ISO 2000. Och fir d'Concertën ... mam Iphone oder mat enger Täschenknipps mëss de sou Biller nët ... dat ass kloer.

D'Woch ass nach vill ze jonk fir sou aussoën ...



Nicon07 05.11.2012 - 17:52
Mat ménger D700 kann ech och net kloen, mais d'Versuchung fir mir eng D800 (oder awer vläicht "nëmmen" eng D600) zouzeleeën, ass och net kleng...

Da soen ech einfach : Foto vum Daag, dann ass nach Sputt no uewe fir di näxt Deeg... smile
Schluck 05.11.2012 - 17:57
Déi Technik hällt nie ob .. virun allem bei den Boitierën geet ët sou schnell .. ech hunn mat der 1 D X zwou Blenden gewonnen bei souguer nach besserer Qualitéit .. dat heut do einfach missen sinn, fir d'Concertën ass dat den Wahn.. allerdengs, wann se lo schon ërem vun engem Nofolger schwätzen mat 40 MP kritt enn awer ee bëssen den Hick
Zora 05.11.2012 - 17:50
du ges mer esou lues onheemlech, an daat well eppes heeschen, du bass den Gänseflüsterer, super!!
Schluck 05.11.2012 - 17:53
Ech hunn der méint jo gesoot, ech ginn eraus an d'Natur, bei all Wierder wéis de gesäis, mat Frauschen an Mupp an knippsen dat wat d'Natur mer brengt .. dat ass oft néischt mais mechtens lount ët sech
Zora 05.11.2012 - 17:55
ahsou, dann léin mer mol deng Fra an dein Mupp, hehebigsmile
Schluck 05.11.2012 - 17:58
Gees de .. herno muss ech mech mat dengem Mann erëmploen
Zora 05.11.2012 - 18:33
hahahahahaha.......
gemu 05.11.2012 - 17:56
Déi 2 sin ouni Zweifel "....." (sichen nach no Wierder). Fir mech déi 1. do sin d'Nilgänsen méi no a méi voll drop. Respekt Schluck !
Schluck 05.11.2012 - 17:58
Merci Georges, wat mer bei deer eischter och nach gefällt ass dass se den Back ee bëssen obstoen huet
gemu 05.11.2012 - 18:00
Bei der 2. och, mee genau daat kënnt bei der 1. vill besser eraus. Jo och bei den Déieren sin et der déi den Back den ganzen Wee opstoen hun smile
Schluck 06.11.2012 - 09:19
Du wëlls di mat soen déi eischt ass d'Weibchen closed_eye Lo kreien mer der gleich bei d'Pans
gemu 06.11.2012 - 10:55
unhappy
Schluck 06.11.2012 - 11:21
Woer een Witz closed_eye
gemu 06.11.2012 - 11:44
Ech wees daat, mee hun et awer bessi mat der Angscht ze din kritt, a geduecht dat vun elo un alles wat mir nach soen oder schreiwen géint eis verwend get, an mir dann wirklech näischt méi ze laachen hun dufir den " :-( " smile smile smile
Schluck 06.11.2012 - 12:16
bigsmile ... Richteg ... komm mer sinn lo mol léiwer roueg
gemu 06.11.2012 - 12:58
O.k. , soss get beemol nach gesot mir wiren déijéineg déi ëmmer de Back opstoen hun smile
bigmama19420205 05.11.2012 - 18:06
eng schëin Koppel, an hir Flilicken ee wëi deen anner , et mëngt een et wär eng Spigelung smile
Schluck 05.11.2012 - 18:07
merci bigmama, dat freet mech, ët muss een och heinsdo Chance hunn
obskur 05.11.2012 - 18:59
Gefalen mir allen 2 ganz gutt.smile
Schluck 06.11.2012 - 09:20
Merci obscur
Abacab 05.11.2012 - 19:01
Immens flott di zwou, woubäi di 1te mer en Tick besser gefält.
Schluck 06.11.2012 - 09:22
Mir och Marc, wollt déi mat den Flillécken erop ass mechtens méi flott wéi erof, mais hei sinn anner Sachen déi matspillen, déi zwou scharf, Back ob, déi kleng détailer
Scyv76 05.11.2012 - 19:03
Fantastesch Dynamik an der Foto, den Réen get nach deen léschten Pepp dozou !! Nach eng kleng technesch Fro um Rand wann ech d'Kommentarer ennen sou matliesen : Du géings vun engem 400mm oofroden mam 2x Extender ? Ass daat wells du nach léiwer méi Brennwéit häss (500, 600 extender) ? En Qualitéitsgrond kann et jo net hun well den 400mm huet jo aawer eng Monsterqualitéit oder ?
Schluck 06.11.2012 - 09:24
Den Problem beim 400er ass een ass ze kuerz virun alle um FF .. mat engem Extender verléiers de ëmmer un Quali, wann ech haut nach eng keier wier géif ech mech fir den 600 f/4 enscheeden. Ech wollt nët warden well den ass haut nach schwéier ze kreien an meng rechnung woar dass ec den 400 2.8 och fir anner Saachen keint gebrauchen
Scyv76 07.11.2012 - 19:15
Ma merci vir d'Info emool, ech sin nämlech och op der Sich no enger Festbrennwéit aplaatz vun mengen 100-400 deen ech op der Crop benotzen. Den Nodeel ass dass mein Haaptaasatzgebiet Vakanzen wiir an do get et keng Festbrennwéit déi net zevill grouss am Volum ass... Den 500 f/4 schengt nach deen Liichsten aus der Festbrennwéit-Gamme ze sin an op der 7d mat 1.4 Extender wiir et eng interessant Brennwéit...
Serge_ 05.11.2012 - 19:52
a gleich kommen se duerch den Schiirm rangefladdert closed_eye .... immens Schärft !
ass rischteg gudd wat's de hei aus engem "banalen" Sujet wéi Nilgäns gemach hues
Schluck 06.11.2012 - 09:27
Merci Serge, dat ass léif gesoot ... wees de, meng greissten Bewonnerung hunn och Fotographen wéi zb. den Ed oder den Maimonides déi aus "Egal Wat" ee super Bild machen
Conley 05.11.2012 - 20:40
Mir gefält och déi éischt am beschten Schluck ass fir mech méi Bewegung an den Flilleken.. Alteren Top...
Schluck 06.11.2012 - 09:28
Merci Conley, dat freet mech
jorsch 05.11.2012 - 20:48
Immens schéin. D'Reendrëtonguese sinn "Das besondere Etwas".

Iwwrigens: Wann s de tëschent deenen zwou Fotoen hin- an hierklicks, fänken d'Gänsen u richteg ze fléien...
Schluck 06.11.2012 - 09:29
Hehe hunn dat och lo just probéiert .. cool! Merci jorsch, jo déi Reenstëmmung mëscht déi heiten aus
TC 05.11.2012 - 21:00
Flott erwescht am Fluch!
Schluck 06.11.2012 - 09:29
Merci TC
marker 05.11.2012 - 21:11
Einfach nëmmen immens, besonnesch déi éischt. closed_eye
Schluck 06.11.2012 - 09:30
Merci marker, ech gesinn déi 1. ass définitiv déi bescht
marker 06.11.2012 - 22:27
Yep, d'Flillécken vun de Gäns wirken hei méi harmonesch, mais ewéi ëmmer, alles a.d.g.
micky-maus 05.11.2012 - 21:51
Super, fier mech dei 1. och weinst dem Hannergrond ann se ass mei schäerf, dei lenks Nilgäns....
Schluck 06.11.2012 - 09:31
Jo, ganz genau micky-maus .. dat ass héi awer eng Saach vun Chance mais dat gehéiert jo och dozou .. oder d'Blend méi zou machen ..
Jeanny 06.11.2012 - 06:37
däi si super, an däi eescht ass nach en tick besser Schluck
Schluck 06.11.2012 - 09:32
Merci Jeanny, ech sinn ganz denger Mehnung
Arbi 06.11.2012 - 08:49
Einfach Top Schluck !
Schluck 06.11.2012 - 09:32
Merci gesoot Arbi!
NikonD80 06.11.2012 - 15:14
einfach super
Schluck 06.11.2012 - 15:30
Merci smile
sus49 06.11.2012 - 15:31
No 1 ass main Favorit....wonnerschéin Fotoen !
Schluck 09.11.2012 - 17:09
Merci sus49, freet mech
Schlimpitz 09.11.2012 - 11:44
ohh ganz schein schluck
Schluck 09.11.2012 - 17:09
Merci gesoot Mr Schlimmmmpitz

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 284 Gäscht online