Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Artifice Ciel

 
Artifice Ciel
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    05.11.2012
  • Gekuckt:
    26215
  • Favoriten:
    3 (Wen?)
  • Kommentarer:
    26
  • Beliichtungszäit:
    1/100 sec
  • Blend:
    f/3.2
  • Brennwäit:
    105 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    -1 EV
  • Gréisst:
    2000x563
  • Späicherplaz:
    371 KB
  • Originaldatum:
    2012:11:05 17:10:12
  • Fotoapparat:
    NIKON D700
  • Programm:
    Shutter Priority
  • Objektiv:
    AF-S 105mm f/2,8 G Macro
Kategorie: Natur »» Sonnenopgäng / -ënnergäng  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=68060]
Kommentar vum Fotograf:
An nacheng läscht vum schéinen Sonnenënnergangk de 4.11.2012, dës Kéier als Panorama
Schluck 05.11.2012 - 17:27
Boah ... schein!!
Nicon07 05.11.2012 - 17:28
Merci! Mais eng Foto kann ni d'Impressioun um Terrain rëmgin: An déi war fantastesch.
Schluck 05.11.2012 - 17:30
Jo, dat stëmmt .. ech hun der och gemach mais do muss een och nach ob der richteger Platz sinn ... deé hei ass herrlech!!
Nicon07 05.11.2012 - 17:35
Tjo! Leider wunnt net jidereen zu Rammerech mat Vue imprenable op d'Guttland. Mais dofir bass du jo méi no bei photografesch interessante Vullegebidder wi ech. Ech muss just op déi Piepsmatzen a méngem Gaard hoffen... closed_eye
Schluck 05.11.2012 - 17:38
Hehe, jo kann een nët alles hunn ... an dat ass och gudd esou!
Jacques 05.11.2012 - 17:32
Super als Pano!!
Gefällt mer nach besser ewei dei aaner!
Nicon07 05.11.2012 - 17:36
Merci Jacques. Et ass och eng Erausfuerderung fir ee Pano vun esou Stëmmungen ze maachen, well dat net einfach as, fir eng equivalent Beliichtung vu Foto zu Foto ze kréien. Hei ass et jo nawell gudd gaangen.
Jacques 05.11.2012 - 17:38
Daat gleewen ech der!
Mei dess Foto ass der super gelongen!!!!
gemu 05.11.2012 - 17:46
Grandios deng Opnamen, mat oder ouni Auto oder als Pano. Wéi ech geschter ouni Knips mam Hond während dem Spektakel ënnerwee wor hun ech gehofft dat ech haut nach emol ëtonguepes dovunner gebueden kriet. Ech wunnen och net op der Kopp, esou dat ech bei sou engem Himmel ëmmer nëmmen muss den Fanger an den Mond huelen. unhappy
Nicon07 05.11.2012 - 17:48
Merci. Mais ech wëll awer och betounen, datt et nët ëmmer flott ass, op der Kopp ze wunnen. Normalerweis hu mir hei vun November bis Februar Dauerniwwel, wann do nidden an den Däller an am Guttland bedeckten Himmel ass. unhappy
bigmama19420205 05.11.2012 - 18:08
flotte Panosmile perfektsmile
Nicon07 05.11.2012 - 18:18
Merci!
OK-Photography 05.11.2012 - 18:29
hehehe bigsmile
hun den gescht och geknipst wou ech vum Zuch komm sinn...an hun dobai missen un dech denken, do uewen op den Koppen as et nach besser fir Sonnenennergäng ze knipsen...bei mir gesait een net grad souwait...

Flott Faarwen, war wierklech een schéint Schauspill (bei souvill Reen bessi onerwaard)

Mol kuken op ech aus mengen Fotoen eppes rauskreien...
Nicon07 05.11.2012 - 19:05
Merci! Do hues du recht, datt een hei uewe mi wäit gesäit. Mais zu WW bei Kontrollstatioun rop huet een dach awer och den Iwwerbléck! closed_eye
OK-Photography 05.11.2012 - 19:09
et geet...do wou et interessant as, as eng Heischspannung am Wee (vun der Kapelle roof bei dSNCT) an Riichtaus gesait een just bis kuerz iwwer Ww, daat geet net duer fir Déift an dBild ze kréien....(as emmer nemmen EEN Dall op der Foto...)
Nicon07 05.11.2012 - 19:17
Et mengt ee grad, déi géifen di Héichspannungen express dohinner setze, wou d'Landschaft nach eenegermoossen intakt ass a fotografesch interessant. Bei eis ass dat net aanescht, wann een a Richtung Südoste kuckt. smile
OK-Photography 05.11.2012 - 20:07
stemmt - do kiint effektiv eppes drun sinn!
weigesoot, kuken waat ech am PS rauskreien...
Abacab 05.11.2012 - 19:10
Deng Foto do ass schonns fantastech, da war et a Wierklechkeet nach méi schéin....
Nicon07 05.11.2012 - 19:19
Do hues du recht. Virun allem och well et a Wirkléchkeet jo all Minutt aanescht war an et och net an all Himmelsrichtung tselwécht war. Hei no Westen ass dat jo éischter ee klasseschen Sonnenënnergangk. Mais no Süde gekuckt war den Himmel ganz komesch mat grobrong, hellbloe Wolleken iwwert dem Dall a rosa Wollécken an der Héicht. Dat war och impressionnant.
Serge_ 05.11.2012 - 19:54
eng Doudsënn fir gëschter keen Fotoapparat grëffbereed gehat ze hunn (ech sutz leider während dem ganzen Spektakel hanner den Steierrad unhappy )
Jean-Jos 05.11.2012 - 20:32
Immens Nico, datt's de se esou grouss eropgelueden hues. Fuerwefeierwierk ass dat richtégt Wuert; immens déi 3 Schichten an de Baam, dee jhust do, wou séng Äescht ufanken an dat roud-orange eriwwergeet, je eng super Bildandeelung.
jorsch 05.11.2012 - 20:45
E besonnescht Naturschauspill! Ganz schéin!
kola 05.11.2012 - 21:59
Impressionant !
JADE 06.11.2012 - 01:35
euuuh ... wou war ech dann? ech war dach am Land? hun näischt mattkritt :-(
bon, ech wor och deen ganzen Daag an Nuecht um Laptop fir ze schaffen ... mee, wéi? ech duecht ët hätt deen ganzen Daag gereent?
Nico, déi ass zwar XLNT
och wanns du nët fir den Sujet kanns tongue, hues du en immens gutt cadréiert an "subliméiert" smile
closed_eye
Jeanny 06.11.2012 - 06:36
wat eng Pracht, eng wonnerschein Stemmungsfoto Nico
p-foto 07.11.2012 - 10:38
Tip Top !

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 427 Gäscht online