Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Philharmonie

 
All Fotoen an dëser Serie:
32067 Thumbnail
32068 Thumbnail
32069 Thumbnail
Philharmonie
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    04.11.2012
  • Gekuckt:
    20239
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    29
  • Originaldatum:
    2012.03.24
  • Fotoapparat:
    D7000
  • Objektiv:
    AF-S Nikkor10-24 mm1:3,5-4,5G
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Philharmonie  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=68037]
Kommentar vum Fotograf:
net schon erëmmmm.......
MR 04.11.2012 - 20:23
Hun ech och lo geduechtclosed_eye
Déi 3. fannen ech immens gutt
gelongen durch déi Spigelungen,
kennt ganz gutt eriwwer am S/Wsmile
Conley 04.11.2012 - 21:54
Merci gesot MR. Déi 3ass och méin fav.
Zora 04.11.2012 - 20:23
huiii, dei zweet gefällt mer besonnesch gud, schein serie!
Conley 04.11.2012 - 22:10
Matt 100 X méi Kontrast ginn ech där datt esouguer gleewen. bigsmile Merci gesot Zora. smile
Miau 04.11.2012 - 20:57
gudd gesinn, flott am SW
Conley 04.11.2012 - 22:16
Feet mech dass se där gefalen Miau.
gi87 04.11.2012 - 21:00
Flott Serie, dei 2t ass wiekleg Interessant an Originelle !
Conley 04.11.2012 - 22:22
Merci gesot gi87, ass awer bestëmmt schonn irgent eng kéier an engem senger Këscht gelannt. smile
Nathalie 04.11.2012 - 21:05
Ech muss soen mir gefällt dei 3 hei och am beschten. Ass ganz flott an besonneg duerch spigellung gin. An den schwarz weiss gefällt mir hei och ganz gud smile
Ass jo awer flott deng serie iwer pilharmonie closed_eye
Conley 04.11.2012 - 21:52
Soen der Merci Natahlie, hunn dorunner den halwen Metten geschrauft, an war jo dann och net fir näischt. Nach en kéier Merci dass de se wollts gesinn soss hätt ech se net hei gewisen. smile
Jacques 05.11.2012 - 07:44
Schéin Perspektiven, Schieter an Kontraster!
Gefaale mer allen 3 ganz gudd Conleysmile
Conley 05.11.2012 - 16:45
Merci dat freet mech Jacques. smile
Schluck 05.11.2012 - 09:51
Richteg flott duerch déi Spiegelungen an d'Déift, déi 3. ass Top
Conley 05.11.2012 - 16:48
Merci gesot, dat freet mech Schluck. smile
gemu 05.11.2012 - 10:01
Eng aussergewéinlech Opnaam. Fir mech déi 3. : ganz flott do déi riet Linn ganz an Déift eran an déi mächteg vertsärkt get durch déi immens flott Spiegelung. Déi féiert nees zu engem aaneren, net direkt erfaassten Deel vum Bild, an sou zu enger pseudo Panoramafoto. Ganz flott och daat Gespills mat den Zwillingstiirm, fällt dirket net op dat et der elo 4 sinn. Genial.
Conley 05.11.2012 - 17:11
Merci fir di Begeeschterunge di ech aus dengem Kommentar hei erausliesen kann.
Ass bestëmmt schonn oft esou oder ähnlech fotograféiert ginn. Wann en do laanscht geet dann kann en net anescht, do muss en op den Knätonguepchen drécken...2X Merci gesot...gemu. smile smile
TC 05.11.2012 - 15:05
Flott Serie! Déi 3. Foto ass main Favorite. Einfach immens déi Spigelung!
Conley 05.11.2012 - 17:14
Déi 3 och fir mech en decken Merci TC. smile
micky-maus 05.11.2012 - 22:07
Salut, also fier mech obsolut dei 2. Och villaicht well ech een groussen Frend vunn deser Perspektif sinn.
Conley 05.11.2012 - 23:29
Sinn frou dass de erëm schreifs. An et ass mär net dorëm gaangen dass de mär schreifs. Wouriwwer ech mech natierlech freën, mä dass dorëm gaangen dass de iwwerhaapt erëm schreifs... war mär schonn wichteg..... gutt gemengten Konstruktiv Kritiken sinn fir mech wichteg dass et 1000.. oder esouguer méi Meenungen ginn ass eben esou ,soss wär d'Liewen langweileg......
di zweet fir dech an fir mech nach ëmmer di dreet ass eben esou. Merci gesot.................micky-maus..


nebu 11.11.2012 - 21:40
Eng ganz flott Serie wou den Bildopbau an Perspektiv ganz gutt passen. Gro téin an Beliichtung passen ganz gutt zesummen. Déi 3 ass och mäin Favorit an ass verdéngt an der Wochenofstëmmung..
Conley 11.11.2012 - 22:53
Wollt di eegentlech net hei wéies. Well en jo eigentlech schonn alles op di eng oder aner Aart an Weis gesinn huet. An ech turnen nach zimlech Anungslose an der Interesséierter Fotografie ronderëmmer. Interesséierter soen ech, well Knipsen maachen och schonn eng Éiwegkeet. Drop halen Automatik astellen an dann ofdrécken, an der Vakanz .Hunn mär awer fir geholl dat ze änneren. (Seid dësem Joer ) An wann en weis du den Seid dem 10.10.2006 do bei ass mär seet ( ass verdéngt an der Wochenofstëmmung) dann mëscht datt mech schonn glécklech. Soen der op alle Fall en decken Merci dass de dech mat mengen Fotoen beschäftegt hues nebu. Ups 2x en decken Merci nebu.........
nebu 14.11.2012 - 21:18
Gären Conley

Ech mengen awer net dat ech eng Referenz sinn och wann ech schonn bessen als User dobäi sinn.
Conley 15.11.2012 - 20:14
Hunn mär deng Galerie mol eng kéier ugekuckt, an esou vill sinn der do guer net dran. An awer eng Wochenfoto. 20120930 verstinn net fir wat do keen eppes seet. Stafelter 01,Vältesdag... sinn dach ganz gutt Fotoen....Du probéiers alles aus fannen ech ganz gutt. Méi... Fotograféiert am léifsten...sou wéit sinn ech nach net......steet an dengem Profil...No en sou vill Joeren misste sou lues en oder datt anert Thema fonnt hunn, an sech dann drop konzentréieren. Wéi gesot et sinn an deenen pur schonn ganz gudder dobäi..... no /- 500 Makroen weess ech schonn dass ech dobäi bleiwen wärt..an do ass nach net vill dobäi eraus komm nebu.
nebu 18.11.2012 - 20:14
Dat ass jo schonn mol schéin dats du dech an menger Galerie ëmgekuckt has. Ech hunn der Natierlech nach méi ob mengem Computer awer ech well och net alles weisen. Ech denken dat soubal Useren ze fill mat Biller vun engem Bombardéiert ginn fält och automatesch Interesse een Kommentar an Form vun Konstruktiver Kritik ze ginn. An dono sichen ech halt fir eppes beizeleieren. Ech sinn och net der Meenung dat Just een Bild mat Kommentare een gutt Bild ass. Et ginn hei fill Biller bei Photogen déi gutt sinn wou ech awer selwer och keen Kommentar zu ginn well ech just begrenzt Zäit hunn (ass jo een Hobby) an net béi all Photo eppes schreiwen kann. Ech selwer frëen mech och iwwert als konstruktiv Kritik awer ech hunn awer een gesond Selbstvertrauen sou dat ech och zefridden sinn mam Bild 20120930
ouni dat een eppes geschriwwen hat (Et Gouf halt näischt auszesetzen an et war keen vun deenen typeschen ëmmer Klick Biller smile ).

Jo Thema ass an mengem Fall schwéier an ech well mech do och wierklech nach net festleeën. Ech mengen dat Photographie fir mech Interessanter bleift wann all Dieren ob bleiwen. Am Liewen muss een schonn dacks genuch sich ob eppes festleeën an dat well ech hei net. Ech kann awer festhalen dat Produktphotographie, Street, Natur an Makroen weit firun Portrait stinn.

Mexki Conley fir dat Kompliment. An du bass gären agelueden Konstruktiv Kommentare béi mengen Biller an Zukunft ze schreiwen. Ech mengen des Woch lueden ech nach eng Serie mat Spackelter erop.

Net Vill dobäi eraus komm? Wisou ass dach een ganz schéinen Makro hei (och een Beispill wou ech keen Kommentar geschriwwen hunn)

Hufeisen-Azurjungfer

suraki 28.11.2012 - 22:17
hei steht jo schonns alles closed_eye
Conley 28.11.2012 - 22:33
Ass dach gutt, manner Aarbecht an méi Zäit fir aner Saachen ze maachen. Awer en decken Merci suraki. closed_eye
Jean-Jos 28.11.2012 - 22:35
Genau esou a genau esou wéi den Ed smile
Conley 28.11.2012 - 22:46
Freet mech och dir en decken Merci Jean-Jos. smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 332 Gäscht online