Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Jonken Habicht

 
Jonken Habicht
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    14.10.2012
  • Gekuckt:
    21959
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    19
  • Beliichtungszäit:
    1/640 sec
  • Blend:
    f/5.6
  • Brennwäit:
    800 mm
  • ISO:
    640
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    800x533
  • Späicherplaz:
    384 KB
  • Originaldatum:
    2012:10:14 19:50:10
  • Fotoapparat:
    Canon EOS-1D X
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    Canon EF 400mm f/2.8 II & Extender 2x
Kategorie: Natur »» Allgemeng
2. Kategorie: Déieren »» Vigel allgemeng
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=67457]
Kommentar vum Fotograf:
Een nach ganz jonken Habicht den ech den Mëtteg ob enger Bott geknippst hunn
gemu 14.10.2012 - 20:02
Fannen d'Bildgestaltung mat der Bott immens gud. Richteg flott Opnaam
Schluck 14.10.2012 - 20:19
Merci Georges, ass och baal nët gecroppt ... woar zimmlech no drun
gi87 14.10.2012 - 20:17
Flott festgehaalen an denen Wiederkonditiounen.
Schluck 14.10.2012 - 20:20
Merci Gianni, wann's de een Hond hues muss de béi all Wierder eraus
gi87 14.10.2012 - 20:26
Esh wees, hat da och demols 2 Grousser.. Bon annerseits gesais Du mei flott Motiver an dat bei all Wieder closed_eye
Paul-H 14.10.2012 - 21:31
Graad well en e bessen verdaddert kuckt mecht d'Bild sou extra. Super!
Schluck 14.10.2012 - 21:35
Wéi een nassen Puddel ... an gléff mer ët wéi ech vum Tour ërem woar hunn ech och verdattert dran gekuckt
Paul-H 14.10.2012 - 21:51
Kann ech mer virstellen: Haut war et jo mol net richteg hell gin.
Nicon07 14.10.2012 - 21:35
Mir féien di Déieren ëmmer fort, suguer wann ech aus dem Auto raus knipse wëll... unhappy

An da bleiwen se fir déch sëtzen, obschons du een Hond bei der hues....bigsmile

Awer di Foto ass dofir och super.
Schluck 14.10.2012 - 21:39
Déi ass aus dem Auto... , wat wichteg ass sinn keng brüsk Bewegungen, och wann's de mam Auto kënns ..fi d'eicht normal laanscht fueren, dann lues beifueren an am läschten Moment stoen bleiwwen .. wann ech nët selwer fueren dann souguer eischter während dem fueren knippsen.

Den Hond woar hannendran ... den huet eën nët gesinn closed_eye
Maimonides 14.10.2012 - 21:37
Diwwi an Droht, Schluck.
Ganz douce di do !
(mat 800 mm).
Schluck 16.10.2012 - 09:26
Merci Charlel, ee gesäit nach richteg molleg aus
BigVood 15.10.2012 - 18:46
Gutt erwescht, hu nach ni e sou jonk a virun allem aus sou knapper Distanz gesinn.

Wéi wir et, wann den Hond géif de Führeschäin maachen, dann häss du méi Zäit fir ze knipsen? closed_eye
Schluck 16.10.2012 - 09:24
Hehe, soen mer ët mol esou, wann ech der géif schreiwwen wou ech deen geknippst hunn, misst den Hond de Führeschäin maachen, wëll ech wier mäin dann nämlech lass
BigVood 16.10.2012 - 19:19
Bei Geleegenheet muss du mir dat mol méi genau erzielen...si gespaant.

Wéi wier et da mam Hondsführerschäin fir déi Fäll: wollt deen och mam Voodo maachen, domatt ech um Bäifueresetz ka setzen mam Fotoapparat...de Voodoo war awer ze kleng, hien koumt net un Steierrad.
smile
Abacab 15.10.2012 - 18:54
Super Qualitéit fir di beschriwwe Wiederkonditiounen. De Reen ass gutt sichtbar.
Schluck 16.10.2012 - 09:27
Ee Sonndeg, huet ët geschott mat Ëmmeren, merci Marc
hardae 16.10.2012 - 10:31
Flott Schluck, Bildopbau an schäerft super.
Schluck 18.10.2012 - 10:52
Merci gesoot Hary

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 480 Gäscht online