Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Op der Sich no de Waler...

 
All Fotoen an dëser Serie:
31401 Thumbnail
31402 Thumbnail
31403 Thumbnail
31404 Thumbnail
Op der Sich no de Waler...
cc
Speziell Rechter gëllen fir dës Foto. Se steet ënnert enger Creative Commons Lizenz:
Paternité - Pas d'Utilisation Commerciale - Pas de Modification 3.0 Luxembourg
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    08.10.2012
  • Gekuckt:
    62097
  • Favoriten:
    5 (Wen?)
  • Kommentarer:
    43
  • Originaldatum:
    22.09.2012
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5D Mark III
  • Objektiv:
    Canon EF 70-200 f/4 L IS
Kategorie: Déieren »» Wëll Déieren  
Extras:
Chance an zouverlässegt Material!

Fir anzesetzen: [pg_img=67324]
Kommentar vum Fotograf:
Dës Fotoen hunn ech op Bora Bora gemaach, wéi meng läscht vum Strand och schonn. Ech ginn zou, dat hei ass e bëssen méi interessant:
Vun Juni/Juli fir ongeféier 4-5 Méint kommen d'Buckelwaler aus der Anarktis erop bei d'Franséisch Polynesien fir sech do fortzepflanzen an klenger op d'Welt ze bréngen, dofir gesäit een der dann do regelméisseg.

Op dësem Tour wou mir just zu 8 Leit (plus Guide) waren hate mer d'Chance net just Waler ze gesinn, mee och nach 2 Stéck ze erwëschen déi immens gedëlleg waren an spilleresch. Se sinn no bei d'Boot komm, (vum selwen, ganz wichteg!) an hunn eist Boot relativ interessant fonnt. Chance hate mer och well mer dat eenzegt Boot waren, soudass d'Waler sech net onwuel gefillt hunn, wat oft virkënnt wann direkt e puer Booter optauchen fir déi schéin Déieren ze gesinn. Et war kuerz en weidert Boot kucke komm, wat alles falsch gemaach huet: Et ass riicht op d'Waler duer gefuer, an well et dach relativ schei Déieren sinn huet ee se dunn net méi gesinn fir 10 Minutten (an an der Zäit haten déi aner sws hier Gedold scho rëm verluer an ware fort :D)

éiert ech dës Fotoen gemaach hunn ware mer och am Waasser mat Flossen an Schnorchel soudass mer vun der Uewerfläch och de Waler nokucke konnten - en onvergeisslecht Erliefnis wann soueen 15m Wal eng 5-10m ënnert engem duerch schwëmmt :)

Déi éischt Foto ass iwwregens en bëssen gecropt aus enger 70mm Foto, just fir ze erkläre wéi no se zäitweis waren. Hei ware 70mm (op Vollformat) scho bal ze laang...

Ah jo an: Drop klicke lount sech, virun allem fir déi éischt :)
gi87 08.10.2012 - 19:54
Wow impressionant Opnahmen, an dann nach esou noh drun ! dei Eicht ass vum Fotografeschen Opbau dei mir am bechten gefällt, woubei dei anner allegeurten ganz flott gin sen !
Maimonides 08.10.2012 - 21:06
Dito, gi87.
Johny 08.10.2012 - 21:55
Merci Charel smile
Johny 08.10.2012 - 21:55
Jo et geet virun allem och déi éischt, déi aner hunn ech mat eropgelueden fir dat ganzt bëssen méi komlett ze maachen. Merci!
suraki 08.10.2012 - 20:17
herrlech !
Johny 08.10.2012 - 21:55
Ee Mann, ee Wuert smile Merci
Schluck 08.10.2012 - 20:32
Herrlech, bestëmmt een onvergiesslecht Erliefniss
Johny 08.10.2012 - 21:56
War et, absolut (déi ganz Vakanz am fong, mee dat hei war den Highlight smile)
BlackLizzard 08.10.2012 - 21:01
Dat muss echt genial sinn des riesech Deieren an fräier Natur ze erliewen.

Super Fotoen.
Johny 08.10.2012 - 21:57
Ass et. Wann een der an engem Zoo oder ähnlechem gesäit (Ech hunn z.b. Orca'en och scho gesinn zu Tenerifa am Loro Parque) dann ass dat absolut net ze vergläichen heimat, ass einfach onbeschreiflech.
Merci smile
Sirius 08.10.2012 - 21:09
Super Biller......Nr 1, 4 fannen ech am beschten

Do fillt een sech bestemmt wei eng Ameise wann een dei am Wasser gesaid ob een duerkommen smile
Johny 08.10.2012 - 21:58
Sou zimlech ... se sinn zu zwee direkt ënnert mer geschwomm, an do denkt een am Fong "Ua genial, genial ... hoffentlech kënnt en lo net rop" hehe smile
Scyv76 08.10.2012 - 21:09
Flott serie, dei eicht gefällt mir am Béschten. Do muss ech och onbedengt eng kéier hin smile
Johny 08.10.2012 - 21:59
Ech kann jidderengem et nëmmen uroden. Wann ech virdrun de Leit sot wuer ech géif soen dann waren d'Reaktiounen ëmmer "oh gëtt et do och eppes anescht ze gesi wéi schéin faarwegt Waasser?", ma hei ass de Beweis fir de Géigendeel smile
Jean-Jos 08.10.2012 - 22:59
Zimmlech grousse Kino, Johny!
Johny 08.10.2012 - 23:05
Merci, freed mech ze liesen smile
ZerberuZ 08.10.2012 - 23:20
herrlesch !!
Johny 09.10.2012 - 10:44
Merci
Hubi 09.10.2012 - 06:17
Flott Opnahmen!
an een onvergieslëchen Moment.
Ech haat Chance se an Südafrika ze gesin. Allerdings wor keng Paarungszeit an sie sin net sou eraus komm.
Johny 09.10.2012 - 10:44
Definitiv onvergiesslech! Merci.
NikonD80 09.10.2012 - 07:37
herrlech, wahrscheinlech een Dram vu villen fir dat eng Kéier ze gesinn an ze fotograféieren
Johny 09.10.2012 - 10:45
Jop, an et war och een vu mir smile Merci fir däi Kommentar.
Nemo 09.10.2012 - 09:26
Grandios !!

Gefällt mer ganz gudd closed_eye
Johny 09.10.2012 - 10:45
Freed mech, Merci smile
Zodiac 09.10.2012 - 10:33
Eng super Serie! du has och nach Chance dass du een flotten Hannergrond has, an net nemmen wasser ronderem! Sou een Wal ass schon richteg impressionant.
Johny 09.10.2012 - 10:46
D'Chance heibäi war dass se och nach relativ no bliwwe sinn, jo dat stëmmt smile Merci.
Zodiac 09.10.2012 - 10:54
Jo do has du effektiv vill Chance. Ech kennen der vill wou esou een Tour matgemach hun fir Waler ze beobachten/fotographéieren, an wann se Heem komm sin haten se net wirklech eng brauchbar Foto well d'Walen einfach ze weit eweg waren.
Johny 09.10.2012 - 10:59
Souer hunn ech och nach, well mer hun der am ganzen 3x gesinn, an op den éischten 2 Touren do kucks de d'Foto an dann muss de soen "kuck do dat schwaarzt, dat ass e Wal" smile
Zodiac 09.10.2012 - 20:05
Hehe, et lount sech eben wann een e bessen Gedold huet smile
Loki 09.10.2012 - 14:31
Wow, wonnerbar Fotoserie! Déi éischt gefällt mer vum Obbau hier am beschten vun deenen all, mee do ass trotzdem keng eng dobai déi net super wier!
Ech selwer haat dese Summer d'Chance Delfinen ze knipsen mee leider (nach) keng sou grouss Bätz closed_eye Super gemach!
Johny 09.10.2012 - 14:34
Et geet och virun allem ëm déi éischt, déi aner sinn e klenge Bonus closed_eye Merci!
Delfiner hu mir keng gesinn hei, obwuel der anscheinend awer och do waren an der Géigend, mee no dësem Erliefnis war dat mer dun egal (verständlech denken ech) smile
Abacab 09.10.2012 - 18:35
Eih, wat muss dat e Gefill sinn esou eppes Schéines ze fotograféieren. ToP!
Johny 09.10.2012 - 18:36
Amfong an deem Moment hofft ee just séier genuch ze sinn an d'Schäerft korrekt hinzekréien bigsmile Merci.
Abacab 09.10.2012 - 18:38
Dat ass der jo awer gutt gelongen closed_eye
Johny 09.10.2012 - 18:38
Gottsäidank jo smile
Abacab 15.10.2012 - 18:51
Félicitatioun zu denger Wochefoto!
Johny 15.10.2012 - 19:06
Merci smile
Schluck 15.10.2012 - 00:05
Congrats Johny! verdingten Wochenfoto, hunn mer dat schon geduercht wéi ech se fir d'eischt gesinn hunn.
Johny 15.10.2012 - 00:12
Merci, freeën mech dass se de Leit och esou gutt gefällt wéi mir selwer, an kréien sou lues rëm d'Loscht um Fotograféieren erëm, mengen dat ass nach méi wichteg closed_eye
suraki 21.10.2012 - 22:12
gratuléieren, .... verdéngt closed_eye
Jean-Jos 06.09.2013 - 13:31
Ech sin elo zoufälleg nees nees drop gestouss: wow, super Serie Johny!
Johny 06.09.2013 - 13:43
Beim Duerchstöberen vun Wochefotoen? Merci, nach eng Kéier closed_eye
Jean-Jos 06.09.2013 - 13:45
Nö, ech hat däi Numm bei 'Am Moment online' gesin an hu mer geduecht, du wars scho lang nët méi um Johny sénger Usersäit smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 278 Gäscht online