Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Hierschtfaarwen

 
Hierschtfaarwen
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    26.09.2012
  • Gekuckt:
    39146
  • Favoriten:
    5 (Wen?)
  • Kommentarer:
    39
  • Beliichtungszäit:
    1/10 sec
  • Blend:
    f/4
  • Brennwäit:
    105 mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    800x532
  • Späicherplaz:
    260 KB
  • Originaldatum:
    2012:09:26 17:28:55
  • Fotoapparat:
    NIKON D700
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=66966]
Kommentar vum Fotograf:
D'Bild ass aus engem eenzege Cliché entstanen:
De Dännebësch am Hannergrond ass mat Bewegungsonschäerft verwëscht ginn an domat nëmme méi ugedeit.
Déi goldeg Blieder vum Bichebam awer si schaarf bliwwen a sollen esou op dem berouegte Fong besser zur Geltung kommen.




Jean-Jos 26.09.2012 - 18:01
Enorm flott, dat Bild!
D'Technik fir d'Beem wéi Linnen ze kréien, kréien ech ronn, et géing mech intresséieren ze gesin, wéi een am selwéchte Bild en anert Element gestache schaarf an ouni Wëscheffekt kritt.
!Dës Foto ass net méi am System!
jorsch 27.09.2012 - 19:44
Merci Jean-Jos, freet mech wa se dir gefält.

( Hunn beim BlackPanther versicht Erklärungen ze ginn. )
Jean-Jos 01.10.2012 - 17:48
Ech war mer bal sécher, datt s'et packen géif, an esou ass et: Félicitatioun jorsch!
jorsch 01.10.2012 - 18:56
Merci Jean-Jos.
Mech huet et och gefreet, hat mat näischt gerechent!
OK-Photography 26.09.2012 - 18:05
hui - interessant resultat! hun lo laang nogeduercht wei een daat hinkritt dass dBlieder sou kontextlos rausstiechen an sou scharf sinn, wann se sou hell beliicht sinn am kontrast zum Dennenbesch misst et klappen ALLERDINGS missten se dann och eng SPUER hannerlossen....

eenzecht waat ech mer kann vierstellen as dass de mat engem externen Bletz geholef hues...den dann nach misst extrem prezis streen sou dass de den BAAM net mat drop kriss op dem dBlieder wuessen.....

hm hm hm bigsmile

Need help!cool

Maimonides 26.09.2012 - 20:21
Exifs: no flash.
OK-Photography 27.09.2012 - 11:14
(jops, hun ech gesinn, allerdings wann een den letz extern ausléisst, wi zbsp mat engem photix trigger dann steet do meeschtens naischt...)
Gaga 27.09.2012 - 12:12
Ech mengen mat Beweegungsonschärft meng hien hei eichter den Effekt am PS ... den Baam as maskeiert ... anescht as daat do jo net ze machen !
Et gesait een jo och dat an der Onschärft dei Hell - Giel Farf vun de Blieder dran as, et sin also 2 Layeren ! closed_eye
OK-Photography 27.09.2012 - 12:21
joh, daat as och main gedanken, allerdings huet den "jorsch" dann eppes falsch verstaan wann en schreift "aus engem eenzechen cliché" - daat seet fir mech neemlech dass et ENG foto as, an keen collage...

collage as einfach,
och wann dResultat originell as, an wierklech gudd ausgesait!

wier awer spannend soueppes mat enger NET MANIPULEIERTER Foto hierzestellen! closed_eye
Gaga 27.09.2012 - 12:49
et as natierlech meiglech, mais outdoor esou prezis mat Bletzer ze schaffen ?!? hmmm ... t'Luucht op de Blieder as fier mech net gebletzt.
Eenzeg "einfach" Method an mengen Aan :
Besch op Kontinentalplack I
Beemchen an Stativ op Kontinentalplack II
Dann just nach warden bis en Erdbierwen kennt ... an Blend 22 an grofilter laang Beliichten. Wier ganz easy, sou laang dei Kontinentalplack II net matwackelt !

Oder gin mer op Hollywood : Den Stativ an den Beemchen stin op enger Plattform dei pneumatesch erop an eroof gekippt kann gin, ganz luess dat de Baam net verwackelt, also seng Blierder, villeicht sin och 5 Dousen Hoerlack drop ?!?
Dann wier et mat engem klengen Budget och ze machen.

Nächst Idee ... du Beliichs 30min mat grofilter Blend too the max etc ... dann bletz de den Beemchen e puer mol un, dann ganz schwarz ugedoen an schnell wei de Bletz, gees de dohin an kapps den Beemchen em ! Duerno kanns de dann mat dengem Stativ eng Keier erop, an eng Keier eroof schwenken ! Wier och meiglech. Villeicht steet deen och an engem Deppen ???

Läscht Meiglechkeet : Den Baam steht beim Jorsch an der Stuff, daat hannendrun as seng Tapeit.



OK-Photography 27.09.2012 - 17:24
ROFL bigsmile

do geet op allefall dFotografie sou wei mir se kennen, den biergoof.... bigsmilebigsmilebigsmile
jorsch 27.09.2012 - 19:41
Huch, eng Expertendiskussioun! smile
Muss lo awer Saache kloerstellen:
1) De Bam steet net bei mir an der Stuff!smile
2) Mat "eenzege Cliché" wollt ech soen, datt et kee Collage vun zwou verschiddene Fotoen ass mä datt d'Bild ursprünglech eng eenzeg Prise de Vue war.
Wéi de Gaga genau bemierkt huet sinn doraus 2 Layeren um PS gemaach ginn, déi ech ënnerschiddlech behandele konnt:
Layer 1: D'original Foto, hei hu mech just nach d'Blieder interesséiert, ech konnt se liicht saturéieren a schäerfen.
Layer 2: Bild mat Bewegungsonschäeft um PS verzunn, liicht méi däischter gemaach an d'Gieltéin, besonnesch hannert de Blieder, selektiv reduzéiert.
Di 2 Layeren mat enger Ebenenmaske anenee kopéiert. Dat war dat Kniwwelechst! Manuell hunn ech d'Mask nëmme graff definéiert. Dunn hei hunn d'Optiounen bei "Maske verbessern" ( Kantenerkennung, Kontrast ... ) vill gehollef.

Ass dat verständlech?

Ech kéint, wann dat een interesséiert, och nach d'Originalfoto als Dokumentatioun héichlueden? Si ass soss fotografesch net spektakulär!

Merci och fir déi flott Kommentaren!
OK-Photography 27.09.2012 - 20:01
xD

eng Foto een Photoshop ... daat as nun wierklech een Cliché hrhrhrhrhrrr ;D

Schued, an ech duercht et wier fotograféiert an net gephotoshopped....
hm...mengen ech kliken reicht "Favorit" wann et "ECHT" as tongue


trotzdem weigesoot originell zesummengesaat, och wann et mech RICHTEG gefreet hätt wanns de et Original sou hinkritt häss....closed_eye
Maimonides 27.09.2012 - 21:18
Mech géif deng Originalfoto, "als Dokumentatioun", schonn interresséieren, jorsch.
Fuuss 26.09.2012 - 18:12
An aanere Wieder: mir woarden op den Making of closed_eye
Flott Bild.
jorsch 27.09.2012 - 19:44
Merci Fuuss!

( Hunn beim BlackPanther versicht Erklärungen ze ginn. )
Schluck 26.09.2012 - 18:14
cool!, surprised & confused !!
jorsch 27.09.2012 - 19:45
smile
( Ka soss keng Tastenkombinatioun fir Emoticons )
gogo 01.10.2012 - 00:23
idem bigsmile
micky-maus 26.09.2012 - 18:27
Wann hei een mat den Bääm kann zauberen dann nemmen den jorsch! surprised
Mega Foto daat dooten doo!
jorsch 27.09.2012 - 19:47
Merci micky-maus fir däi léiwe Kommentar an de Fav.!
Jeanny 27.09.2012 - 05:58
wonnerbar gezaubert jorsch
mat Ebene schaffen, do kann e villes realiséieren?smile
jorsch 27.09.2012 - 19:48
Merci Jeanny. Jo, PS bitt vill Méiglechkeeten.

( Hunn beim BlackPanther versicht Erklärungen ze ginn. )
Jeanny 28.09.2012 - 13:38
Jo, genausou hunn ech dat geduechtsmile
bac 29.09.2012 - 11:41
Geseit einfach gutt aus
jorsch 29.09.2012 - 15:14
Merci bac!
JADE 01.10.2012 - 00:40
XLNT
l'insoutenable légèreté de l'arbrisseau
jorsch 01.10.2012 - 18:57
Merci fir däin schéine poetesche Kommentar an däi Fav.!
Just XLNT = ?
JADE 01.10.2012 - 20:01
= excellent (x l n t)

voilà voilà smile
ClaudeR 01.10.2012 - 22:01
mir gefällt Bearbeschtung ganz gudd, gratulatioun jorsch
smile
jorsch 02.10.2012 - 19:48
2x Merci ClaudeR. Dat freet mech ganz vill!
mischii 01.10.2012 - 23:56
gratuléiren zur Wochefoto, ech beschäftegen mech och mat sou Saachen, a weess wéi schéier et ass, do hues de awer bestëmmt ganz laang gebastelt, dat ass Feinmotorik smile
jorsch 02.10.2012 - 19:52
Merci mischii.
Maach der keng Suergen, ech hunn net all Blat eenzel erausgeschielt. Dat ka PS besser a méi schnell wéi ech!
Jeanny 02.10.2012 - 06:06
ech gratuléieren dir jorsch
jorsch 02.10.2012 - 19:52
Villmools Merci Jeanny!
Silex 02.10.2012 - 08:28
Bravo fir d'verdengte Wochefoto!
jorsch 02.10.2012 - 19:53
Dee Kommentar, vun dir, freet mech besonnesch!
flosch20 02.10.2012 - 18:31
Gratuleieren jorsch fier wochenfoto smile
jorsch 02.10.2012 - 19:53
Merci flosch20, dat freet mech!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 440 Gäscht online