Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Col des Lègues

All Fotoen an dëser Serie:
30704 Thumbnail
30705 Thumbnail
30706 Thumbnail
Col des Lègues
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    11.09.2012
  • Gekuckt:
    20632
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    10
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Objektiv:
Kategorie: Digital Art »» DRI - Dynamic Range Increase
2. Kategorie: Natur »» Landschaften
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=66554]
Kommentar vum Fotograf:
De Col des Lègues net wäit eweg vu Castellane (alt 1146m)

Kuerz Geschicht wei ech op dess flott Plaatz komm sin.
Hu missten weinst engem Stage op Antibes fueren an daat um scheinsten Daag am Joer, nämlech enger -dem futéirte Bison no- Journée Noire op franséichen Autobunnen (4.August desst Joer)... Jo, lange Rede kurzer Sinn, ech war Moies um 8 zu Lyon an Owes um 8 (12 Stonnen fir 400km) zu Antibes, gekréint vu 4 Stonnen fir ganzer 60km Streck.
Mäi gudden Navi huet mech dunn iwert all Feldwee vu Lyon bis op Antibes geschéckt, sou dass ech no onzählegen Stonnen irgendwann op der Route Napoléon geland sin dei vun Grenoble roof bis Antibes verleeft.
Do sin ech du laanscht dess schéin Plaatz komm (alt den HIghlight vum Daag), nodeems ech da lo al Nationale tescht Lyon a der Côte kennen. ^^

Hoffen et gefällt, mee ka mech net sou richteg fir eng Versioun entscheeden, tendéieren zur Nummer 1. Wollt dofir mol är Meenungen dozou héieren.
Nemo 11.09.2012 - 19:24
Definitiv as nr.1 TOP, woubäi déi aner och OK ganz sin. closed_eye

Kriss de just daat Hellt uewen lénks net irgendwéi fortretouchéiert? Ca casse un peu l'ambiance....
Locke 11.09.2012 - 19:38
Eeeeh ooh daat as dei mächteg Sonn dei amgang as ennerzegoencool Gesäis de de Jojomaaam net uewen um Bierg stoen amgang dranzekucken?closed_eye
Abacab 11.09.2012 - 20:35
dat ass jo eng flott Geschicht...
Foto huet en immens flotten Bildopbau.
Di 3te géif ech aussortéieren,
Vun der 1ter gefält mer deen ierwechten Deel,
vun der 2ter deen enneschten Deel,
Kombinéier di zwou da get et eng top Foto!







Locke 12.09.2012 - 08:18
Bein et huet jo keen dech ugestallt se ze liesen...
Merci awer fir d'konstruktiv Kritik!
gemu 12.09.2012 - 10:46
Ganz flott vue, ech gesinn awer wäit a breed guer keen Stau op der Strooss smile Wéi den Abacab soot, géing ech och aus 1 an 2 eng einfach Fusioun mat Photomatix probéieren a kucken waat eraus kënnt
Locke 12.09.2012 - 12:44
Do war jo och dei eenzeg Platz wou keen war, dofir virdrun awer iwerall sad Merci fir kritik probéieren et eng Keier der Deeg.
gemu 12.09.2012 - 16:30
Verstéi mech net falsch daat wor keng Kritik, ech fannen se allen 2 flott (déi S/w hun ech perso net esou gär) mee et wor eng Äntwert op deng Fro wéi eng méi flott ass. Durifir déi bescht Qualitéiten vun der 1. (ieweschten Deel) an déi bescht Qualitéiten vun der 2. (ënneschten Deel) op enger vereent. Telle quelle fannen ech déi 1. am schéinsten fir op deng Fro ze äntwerten smile
Locke 13.09.2012 - 08:48
ech soe jo och just, dass ech daat eng Kéier probéiere wert smile
Jeanny 13.09.2012 - 07:26
fir mech däi eescht, eng herrlech Landschaftsfoto
Locke 13.09.2012 - 08:48
Merci Jeanny smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 425 Gäscht online