Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Dräieckeg

 
Dräieckeg
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    29.08.2012
  • Gekuckt:
    17356
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    31
  • Beliichtungszäit:
    1/320 sec
  • Blend:
    f/5
  • Brennwäit:
    70 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    533x800
  • Späicherplaz:
    301 KB
  • Originaldatum:
    2012:08:23 12:26:59
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 7D
  • Programm:
    Program
  • Objektiv:
    24-70mm f2.8
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Nei Bauwierker
2. Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Street
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=66149]
Kommentar vum Fotograf:
Op eiser allsäits bekannter an beléifter Fotolocation am Nopeschland - emmer rem flott well ech emmer rem nai Wénkelen entdecken!!
ZachOry 29.08.2012 - 18:40
Deen cadrage konnst de net besser wielen !

Lg
OK-Photography 29.08.2012 - 21:42
do kann ech mech stonnenlaang mat LINNEN ameséieren hehe
freet mech dass de dResultat als gelongen oofstempels!

Merci ZachOry
Nathalie 29.08.2012 - 19:07
Gefällt mer ganz gud dei hei.
Ass wirklech en immens flotten Kadrage, an flott ausbeliit. An mat der Koppel dei hannen aus der heller Luucht getreppelt kennt mecht einfach nach den klengen punkt op den i.
Flott gesin.
OK-Photography 29.08.2012 - 21:43
Merci Nathalie!closed_eye

ech hun mech just gefroot op den Bleck net zevill un där heller Linn Luucht henken bleiwt...soulaang dei net stéiert, as se fir mech ok smile
Nathalie 29.08.2012 - 23:32
Nee ech fannen net dass dei steiert. Fannen passt hei alles gud beieneen. smile
Aiello 29.08.2012 - 20:15
Schein kloer Foto, an den Bleck zieht en weit an Deift
Kennen dei allsaits bekannt Platz nach ned cool voll den outsider hei smile
Jean-Jos 29.08.2012 - 21:42
T'ass d'Gare vu Liège-Guillemins, geplangt vum Santiago Calatrava.
@BP: immens flott dee blur ab der Halschent an dann déi gestache schaarf Leit, woubäi déi roud Blouse vun der Mme e flotte Faarwklecks an dem bal monochrome Bild ass. Flott dat doten.
OK-Photography 29.08.2012 - 21:51
Genau déi Gare ass et, een kuckenswert Bauwierk wanns de enka am Eck bas closed_eye


Ech hun na enka op der Originalfoto nogekukt wou dSchärft lait, se lait effektiv ganz hannen kuerz nom daischteren Schied also Quasi op den Lait - dei kommen op der verklengerter (liicht no geschärftener) Internetversioun hai nach besser raus...

Freet mech dass se dir gefällt!
MERCI Jean-Paul
VeloBen 29.08.2012 - 21:37
Deen Eck kënnt mer bekannt fir. Eng wierklech photogen Plaatz!




Headcleaner

OK-Photography 29.08.2012 - 21:52
ojeeh bigsmile
weigesoot, eng aalbekannten Platz, dei sech wierklech fir sou Fotoen eegend!
deng as nawell och interessant, och wann ech mam zentralen Cadrage nach net ganz waarm sinn.....muss se wuel na bessi kuken an wierken lossen...closed_eye
VeloBen 29.08.2012 - 21:58
Jo déi selwecht Plaatz. Just anescht gesin an awer interessant Ennerscheeder an den 2 Fotoen.

Wann een bedenkt daat den Architekt aus Budgetsgrënn nemmen een 1/3 vun sengem ursprünglichen Projet konnt emmsetzen an gebaut gouf. Wahnsinn...
Fierwaat mengs de daat firun der Gare déi Riesengrouss Fläche nach frei ass? Ma do haat den Architekt geplangt eng Venedig-like Parkanlage ze bauen mat Kanäle etc....
OK-Photography 31.08.2012 - 13:36
jop, wier interessant do enka een meeting ze maachen an dVielfalt vun den Fotoen herno baieneen ze setzen! closed_eye


hui - wosst ech net! mee besser wei den fuerchtbaren Rond-Point an daat Gebastels an der Stroosenféierung do vrun der Dier wier et allemool gewiecht......
VeloBen 05.09.2012 - 20:31
Maybe, wann d'Staadt Léck mol nees Suen zevill huet , dann maachen se vlait den Projet komplett. Gesait awer fier den Moment schlecht aus. Mee eng ganz eidel Plaatz ass awer och net daat gielt vum Ee.

Do een Meeting ze maachen ass eng gut Idee. Ass schliesslech meng 2. Heemecht . Hun 5 joer do studéiert. bigsmile
VeloBen 29.08.2012 - 21:39
Gebai entworf vum Architekt Santiago CALATRAVA (ESP). Interessant Infos an Photoen vun sengen Creatiounen opp sengem site http://www.calatrava.com
OK-Photography 31.08.2012 - 13:35
thx fir dCredits, hat ech effektiv vergees nozesichen an derbai ze schreiwen!! smile
VeloBen 05.09.2012 - 20:32
you're welcome dude !
Johny 29.08.2012 - 21:44
Gefällt mer immens gutt, huet villes wat mir perséinlech gefällt smile (Architektur, Formen déi gutt zesummespillen, Kontrast...)
orlok 29.08.2012 - 21:51
De Johny luëwt eng Foto vum BlackPanther an mécht zugläich eng Foto vum Orlok erof.
Eng Foto vun deemselwéchten Orlok, deen séch getraut haat, virun e puër Deeg eng Foto vum BlackPanther negativ ze beurteelen.
Dat sinn d'Tatsaachen.
Irgendwelch Zusummenhäng bestinn natiërléch absolut nët.

Johny, gell, dat hëlls De lo awer nët béis op! smile
OK-Photography 29.08.2012 - 21:54
MERCI Orlok fir dGesteppels bei menger Foto, domat bleifs dach e bessi dengem Kommentar, vun dem ech EIGENTLECH iwwerzeegt war dass de "mech" NET "roofgemaach hues", dach iergendswei trei - schued!!!

Schued an dem Kontext och dass de dech hannert der Anonymitéit vum Internet verstopps! unhappy unhappy

Anyways... . . . .
orlok 29.08.2012 - 21:59
Anyway, dëss Foto gefällt mer. Wierkléch.
P.S.:
BlackPanther ass dach och e Pseudonym.
Anyway, ass ganz an der Rei, ass jo sou virgesinn.
(Ech sinn ënnert méngem richtege Numm ugemellt bei PG. Och dat ass sou virgesinn) smile
Johny 29.08.2012 - 23:15
Heimat bass de menger Meenung no e Schratt ze wäit gaang:

1. Ech hun deng Foto net "erof gemaach", mee meng Meenung gesot, an wéi s de gesäis un den aneren Kommentarer stinn ech jo net alleng mat der Meenung do.

2. Ech hunn et net néideg fir ze kucken wen eppes schlechtes bei dem Oli (Blackpanther) seng Foto schreift fir dann duerno dem eppes schlechtes ze schreiwen, ech wosst dat mol net bis ech dat elo gelies hunn.

3. Engem esou eppes firzegeheien ass schonn respektlos genuch, virun allem wann ee gewisen huet dass een Kritik mol net eecht hëllt (wat eigentlech de ganze Sënn vum Site ass).
orlok 29.08.2012 - 23:28
Du huës méng Foto nët erofgemat, Du huës Déng Meenung gesot.
D'accord.
Merci fir Déng éierléch Meenung.
OK-Photography 29.08.2012 - 21:55
Merci Johny fir den Kommentar, iergendswei fent een lo mol nees Zait fir soueppes....closed_eye

Freet mech dass dFoto gefällt - mol kuken wou dei nach alles sou hinkentclosed_eye
Schluck 29.08.2012 - 22:49
Flott mat den Linnen an der Luucht gespillt .. gefällt mer gutt
OK-Photography 31.08.2012 - 13:34
Merci Schluck, freet mech ze liesen! smile

CU round
Gaga 29.08.2012 - 22:50
haha, ween ausdeelt muss och astiechen kennen ! closed_eye

Mier gefàllt daat, waat ech mech froen as, sin dei riets Seilen net vertikal, oder as daat eng Perspektivesch Neigung ?
Egal wei steiert et mech e bessen. de Recht as Top .

OK-Photography 31.08.2012 - 13:34
njah - emmerhin sinn mer jo hai fir eppes ze schreiwen...closed_eye d'Form léisst just heinsdo ze wenschen iwwreg mee dat as am Internet OFT sou...

den Gank dens de gesais as Draieckech an net symetrech, meng Kamera as (wei baal emmer) vertikal ausgeriicht an den Wenkel as original sou!closed_eye
anecht giffen dLait kromm do henken.... smile

MarcGerard 30.08.2012 - 15:33

haha, ech kennen dech soulues erem! weider sou oli!
e géi bei de coiffer!
OK-Photography 30.08.2012 - 19:09
ROFL bigsmile
emmer schéin no Strich an Fuedem...odersou krkrkrr

Ech hun mer awer Méih ginn an der Läscht...hat sugur schon perséinlechen KONTAKT mat engem KOIFFER.......fir dModelen....cool

thx Dude
Focus 13.11.2012 - 09:37
GRandios Foto, gefällt mir natiirlech besonneg gudd. Verstinn just wierklech net virwaat den Riets SEilen net parallel zum Rand vun der Foto laafen; hues de keen PS méi an der Blesch?
OK-Photography 13.11.2012 - 11:22
thx Chef smile
ma dFoto as um Buedem ausgeriicht, well daat daat eenzegt as waat och hai an der Blech HORIZONTAL verleeft...zumindest oft.... ;)
(den Gang as draieckeg...heescht dei lenks AN dei riets Sait kippen zur Mett hin, wann och net dselwecht vill...)
Gesait e bessi komech aus...mee op där anerer Sait, daat Gebai as am Groussen Ganzen zimlech abstrakt...... ;)
CU Saturday! smile


PS: den PC leeft TOP, MERCI Prosys! smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 427 Gäscht online