Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Veihverluedung op amerikanesch

 
All Fotoen an dëser Serie:
29912 Thumbnail
29913 Thumbnail
29914 Thumbnail
29915 Thumbnail
29916 Thumbnail
Veihverluedung op amerikanesch
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    21.08.2012
  • Gekuckt:
    18128
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    26
  • Originaldatum:
    14.08.2012
  • Fotoapparat:
    Canon S5IS
  • Objektiv:
Kategorie: Allgemeng »» Doku an Reportage  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=65948]
Kommentar vum Fotograf:
Amerikanesch Veihverluedung am Modell 1:87 op engem Deelstéck vun menger Modelleisebunn.
duesentrieb 21.08.2012 - 12:22
wéinigtens misst et hei roueg erofgaange sinn, oder ? smile
Pit 21.08.2012 - 13:57
ganz relax smile
Zora 21.08.2012 - 14:47
en ganz scheinen Hobby, an d'Serie gefällt mer och super!!
Pit 21.08.2012 - 15:15
Merci, ass zwar méi en Hobby wann et rem méi kaal gët.
leheinen 21.08.2012 - 15:04
Flott Serie, ech weilt awer gären trotzdem dei ganz Eisebunn gesin closed_eye
Pit 21.08.2012 - 15:15
Merci,
dat hei ass een 'Modul', heescht 1 Steck, wat un anerer ugebaut kann ginn.Dat hei Stéck ass 3,50 Meter laang, opgedeelt an 4 Segmenter (fir den Transport). Ech fueren domadder op Treffen vum FREMO, wou dann ganz Sportshaalen geföllt gin mat esou Moduler.
leheinen 21.08.2012 - 15:42
awer nach esou grouss? Zimlech flott daat ganzt awer smile awer dann kreien ma Fotoen vum Treffen ze gesin oder? closed_eye
Pit 21.08.2012 - 15:49
ok, oder op menger HP, machen dei grad nei....
www.modellbahnfreunde.net
do könnt demnächst nach mei drop.
leheinen 21.08.2012 - 16:20
yee daat ass coolsmile ech kuken deemnechst bis eransmile
Pit 21.08.2012 - 18:35
ok closed_eye
Maimonides 21.08.2012 - 21:43
Deng HP ass super, Pit.
An deng Fotoën gefaale mir och.
Pit 21.08.2012 - 21:59
Merci, freet mech, wann se engem gefällt smile
Gaga 21.08.2012 - 15:59
All Respekt, ech well och daat ganzt gesin!!!
Hun elo eichter un eng professionel Anlag geduecht wei zu Hamburg oder esou, t'Detailer sin de Wahn ... wierklech repsktabel Arbescht ... hei as den Sujet t'Konscht, net t'Foto !
Pit 21.08.2012 - 18:34
Merci fir d'Blummen, mee ech wollt awer och d'Foto un sech weisen, well et ass emmer problematesch mat der Schärftendéift an mam Hannergrond bei esou Biller.
Gaga 21.08.2012 - 21:52
t'Fotoen sin och tip top, flott detailer erausgesicht, flott an t'Bild gesaat ... Mais bestemmt nemmen en zingtel vun der Arbescht vun der Maquette un sech!
Pit 21.08.2012 - 21:59
Naja, Roum ass jo och net an engem Daag gebaut gin smile Wann et ze schnell färdeg wär, geing et jo langweileg smile
Abacab 21.08.2012 - 19:21
Deng Fähegkeeten am Maketten maachen di kennen ech jo schonns. Mee muss der awer och soen, dass de se super festgehalen hues!
Pit 21.08.2012 - 21:57
Merci gesoot, dat ass och sou een 'gekniwels'
gunman 21.08.2012 - 19:58
Chapeau !

Du hues deen falschen Beruff...
Pit 21.08.2012 - 21:57
Merci,
wem sees d'et...smile
Abacab 21.08.2012 - 22:02
Ech och bigsmile bigsmile
JC1967 22.08.2012 - 11:51
An ech och closed_eye
Jeanny 21.08.2012 - 20:37
a nach e flotten Hobby hues du, meeschtens fänkt de schonn s als klenge Bouf unsmile all Respekt
eng ganz flott Serie
Pit 21.08.2012 - 21:57
Merci Jeanny,
jo och ech hunn als klengen Bouf ugefaangen smile
JC1967 22.08.2012 - 11:53
Flott Serie Pit (an schein dech erem aktif hei ze gesinn)
Pit 22.08.2012 - 18:29
Saluti, merci. Tjo, heinsdo muss een mol rem Fotoen machen...

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 578 Gäscht online