Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Intergallakteschen Ueleg

All Fotoen an dëser Serie:
29603 Thumbnail
29604 Thumbnail
29605 Thumbnail
29606 Thumbnail
29607 Thumbnail
Intergallakteschen Ueleg
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    12.08.2012
  • Gekuckt:
    17206
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    30
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Objektiv:
Kategorie: Objeten an Still Life »» Makro  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=65734]
Kommentar vum Fotograf:
Ech hu mech de Mëtteg amuséiert, Uelegdrëpsen an enger Schossel mat Waasser ze fotograféieren.
suraki 12.08.2012 - 21:22
ech hat elo un e Mikroskop geduecht , super flott !
jorsch 12.08.2012 - 21:32
Merci suraki, freet mech wa se dir gefält!
Metalbambi 12.08.2012 - 21:23
Wow, mega gutt ginn, propper geschafft. Wéi hues de dat ganzt beliicht?
jorsch 12.08.2012 - 21:39
Et ass d'Sonnebeliichtung am Gaart!
Op engem Dësch hat ech eng Pyrex-Schossel aus der Kiche mat Waasser. Ënner der Schossel louch e wäisst Blat Pabeier. Di zweet, onschaarf Ebene op de Biller sinn d'Schieter vun den Drëtonguesen um Pabeier!
( D'Nopere wäerte sech de Kapp zerbrach hunn, wat ech do geknechelt hunn! smile )
Schluck 12.08.2012 - 21:34
Flotten Zaitverdréif! ass richteg gudd ginn
jorsch 13.08.2012 - 16:37
Jo, war ganz spannend.
Di eng puddelen am Waasser, di aner waarden op en Äisvull! Haaptsaach, et versackt een net doheem!
Merci Schluck!
Schluck 13.08.2012 - 16:48
kann ech mer virstellen, bei sou Experimenter wees een nie wat erauskënnt closed_eye
jorsch 13.08.2012 - 16:49
Den Zoufall ka ganz kreativ sinn!
Jean-Jos 12.08.2012 - 22:02
Extra, ganz flott dat doten, esou nach nët gesin.
jorsch 13.08.2012 - 16:38
Dat freet mech wann et dir gefält.
Merci Jean-Jos!
Maimonides 12.08.2012 - 22:05
Exzellent Série, jorsch,
a mir näischt, dir näischt,
einfach esou
bal elauter
perfekt Kreesser !
E schmierigen Universum.
jorsch 13.08.2012 - 16:42
Merci Mainonides fir däin elegante Kommentar.
Komescherweis gefält mir dat Bild ( 2 ) am beschte, wou d'Kreesser net perfekt sinn. Villäicht well dat méi organesch, mënschlech ass?
Gaga 12.08.2012 - 22:26
daat do as excellent ! gefällt mer immens gut!
jorsch 13.08.2012 - 16:42
Villmools Merci gaga!
Jeanny 13.08.2012 - 06:06
cool Serie, Idee an Ëmsetzung si wonnerbar
jorsch 13.08.2012 - 16:42
Merci Jeanny, freet mech!
orlok 13.08.2012 - 07:34
Eng schéin, a virun allem ganz originell Serie!
jorsch 13.08.2012 - 16:43
Merci orlok!
Richie 13.08.2012 - 08:02
E ganz gelongent Experiment.
Tip Top
jorsch 13.08.2012 - 16:43
Merci Richie!
TC 13.08.2012 - 08:52
eng flott Idee!
jorsch 13.08.2012 - 16:43
Merci TC!
m-otiv 13.08.2012 - 09:18
haat mech och emol matt ueleg a waaser an cden amuséiert....dein Resultat ass méi gelongen
jorsch 13.08.2012 - 16:44
Dat Gepiddels mécht och nach Spaass!
Freet mech wa se dir gefalen!
mischii 13.08.2012 - 11:06
Du hues zevill Vakanz jorsch closed_eye
eng immens Idi, hun ech nach nie gesin
total flott abstrakt Konscht
jorsch 13.08.2012 - 16:45
Fänks du och schonns elo un mat deene Spechelcher iwwert d'Vakanz! smile
Ech si frou wann et fir dech emol eppes Neits ass.
Kënnt jo an der Fotografie net esou oft vir!
Merci!
duesentrieb 13.08.2012 - 12:19
Wierklech immens! Eng super Iddi, an eng super Ëmsetzung.
MfG
jorsch 13.08.2012 - 16:45
Merci duesentrieb, freet mech!
bac 13.08.2012 - 22:05
wirklech intergallaktesch, super gemach
jorsch 14.08.2012 - 08:17
Merci bac, och fir de Fav.!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 602 Gäscht online