Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Eng traureg Geschicht

 
All Fotoen an dëser Serie:
29391 Thumbnail
29392 Thumbnail
Eng traureg Geschicht
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    06.08.2012
  • Gekuckt:
    41901
  • Favoriten:
    7 (Wen?)
  • Kommentarer:
    29
  • Originaldatum:
    1.08.2012
  • Fotoapparat:
  • Objektiv:
Kategorie: Déieren »» Hausdéieren  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=65576]
Kommentar vum Fotograf:
Dës wonnerschein Kaatz guef aus engem Asil bei mir opgeholl. 2 aaner Kaatzen haaten sech matt Typhus infizéiert an dorunner em d'Liewen komm, dofir hun Sie eis ugebueden se bei eis ophuelen fir se an quarantaine ze sätzen an eventuel vum secheren Doud retten.
Se gouf vun engem Hond an enger Hèck fond. Ofgemaagert awer net entwässert. Geschätzen 4 Wochen.
Den Typhus schaft ganz schnell, an no 2 Visiten beim Veterinär, no 4 Nuechten ouni Schloff, an no ganz vill Hoffnung vue dass sein Zoustand sech net verschlechtert haat, hun mir d'Noricht kritt. D'Pixel (sein Numm) huet et net gepackt.

Se war ze schwaach an ze jonk fir d'Impfung. Emotionaal ass se eis un d'Herz gewues, ganz schnell, an hieren verloscht fällt mir elo extreem schwéier.

Fir Iech ass et "nemmen" eng Kaatz mei...

Maacht net deen Fehler eng ongeimpften Kaatz matt Risiken opzehuelen an als Asil, vermettelt keng Kaatzen die net gesond sin.
Den Typhus ass extreem ustierchend an resistent (javel helleft net an iwwerliewt 1 joer)
Waat mech hei schokéiert, ass dass dësen Asil sech keng Schold bewost ass an an der Tëschenzait erem kleng ongeimpften Kaatzen opgeholl huet(die do secher ugestach wäerten gin)...

Hei een Hommage un d'Pixel...fir dass seng kuerz Geschicht net vergiess gët...
Merci un all déi die bis hei geliess hunn
Kwitchibo 06.08.2012 - 23:14
unhappy... daat as keng flott geschiicht...
Abacab 06.08.2012 - 23:24
Wirklech eng trauresch Geschicht, kann der ganz gutt nofillen... Dofir hueste se awer wonnerbar fir emmer festgehal. Zumol di zweet ass ganz extra.
Gaga 06.08.2012 - 23:27
Traureg Geschicht, awer leider gin et der nach vill ze vill.
Mier hun och en Pixel, an komescherweis gleicht et him souguer!
Et wier mol net schlecht all de Leit doremmer ze erklären dat et wichteg as seng Deieren ze impfen, och dei mat deenen een keng Suen verdingt !

Ech denken erem un mein Lieblingszitat "Trauer net een Frennt verluer ze hun, sierf frou dats de en hues dierfen Kennenleieren"
An weis de soos, gin et nach vill aaner Deieren an den Asyler dei och gären e mei scheinnt Liewen hätten.

Kaaft keng Deieren bei Zichter, adopteiert se !

McQueen 13.08.2012 - 17:28
Kaaft keng Deieren bei Zichter, adopteiert se !

Marco: SUPER !!!!!!! gefällt mir

apu 07.08.2012 - 00:02
Genial dei 2t
Jacques 07.08.2012 - 05:07
Zwou ganz schéin Fotoen!
orlok 07.08.2012 - 07:33
Eng traureg Geschicht, ech kennen der vill ersou.
Awer eng léif Kaz, schéi Fotoën.
Scyv76 07.08.2012 - 07:39
Daat deet mir wiirklech leed.
Ech hun och 2 esou Stubentigeren wéi den Pixel doheem (et schengt eng Russisch Blau gwiiercht ze sin) an obwuel et réng Hauskaatzen sin, hun ech se géint alles geimpft. Elleng kuezen Kontakt duech en Fliegengitter mat enger Nopech-kaatz kann duergoen vir ugestach ze gin...

Déi 2 Foto'en sin ob alle Fall super.
Gaga 07.08.2012 - 08:31
Kanns de mer via PN soen weieen Asyl daat as ?
Val 07.08.2012 - 08:55
Do kann ech nëmmen soen dat ass Leider keen Eenzelfall,schued dass et e sou eppes nach gëtt !!
m-otiv 07.08.2012 - 10:48
merci un Iech all
g3ckko 07.08.2012 - 13:14
Daat do brecht mer d'Härz unhappy
alex 07.08.2012 - 13:37
Jo, daat ass traureg, Vito unhappy
Respekt fir dein Asaatz fir daat léift Déierchen
Schéin Fotoen hues du nach gemaach, déi 2. fannen ech ass genial...
Zodiac 07.08.2012 - 15:55
Du hues awer hei wonnerschéin Erennerungen un den Pixel.
Et misst een dach dovun Ausgoen, dass dei am Asyl et besser missten wessen unhappy
m-otiv 07.08.2012 - 22:06
Ganz genau!
ZachOry 07.08.2012 - 21:57
Mh unhappy

Dei 2. As genial
suraki 11.08.2012 - 21:14
Vito, ech weess elo net op et méi schéin oder méi traureg ass.
m-otiv 13.08.2012 - 09:23
merci un all fir d'fvdw ....

update vun der Geschicht:
die 4 aaner Kaatzen die duerno opgeholl gouwen, sin och all em d'Liewe komm unhappy wéi virgesinn.... ALPA ass informéiert!!!
mischii 13.08.2012 - 12:32
Félicitatiounen fir d'Foto vun der Woch
eng ganz traureg Geschicht, awer eng ganz schéin Erënnerung
Gaga 13.08.2012 - 12:50
Ech sin frou dat mol eng Keier hei op PG verstaane gouf dat t'Foto vun der Woch net ememr dei scheinnst muss sin. Mais dat Fotoen och e Message hun, net nemmen eptes fier t'Aan !

Merci un dei,dei och esou gevoted hun !
Coco181 13.08.2012 - 14:59
Häerzlechen Gléckwonsch... Haat Dir méng Stëmm och gin... Sin frou datt dësen klengen Butz gewonnen huet... Wonnerbar Erennerung bestemmt, wann och ganz traureg... :'( Haat Tréinen an den Aan wéi ech den Message geliess hun...
butzi 13.08.2012 - 15:33
Felicitatioun fier Wochenfoto
A merci fier dein Asaatz fier den Pixel.
Verstinn just leider net wei en Asyl bewosst en Deier kount eraus gin mat Typhus unhappy Geif ganz gären wessn wei en Asyl daat wier??? Stin kuerz vierdrun en Hond an en Asyl sichen se goen smile
McQueen 13.08.2012 - 17:28
Congrats...
1. fir den wonnerbaren Asatz dass et dem Pixel gudd geet.
2: fir deng floot Foto vum Pixel.
Miau 15.08.2012 - 09:28
Merci Vito fir Dein Asaatz, den Asil wou mir eis Katzen huelen gët ëmmer een Impfugszertifikat mat. Bravo fir d'Foto vun der Woch
Charel_L 21.08.2012 - 21:29
Eng ganz schein Kaatz an och Fotoen. Schued dass et nach emmer sou leeft. Hat der Geschichten scho sellechen mat Kaatzen dei mer bei Bauren duerecht Geijend opgeraaf hunn.
corinne 17.09.2012 - 13:06
Oh ewéi haerzeg! smile
aMaD 13.04.2013 - 11:22
traureg Saach. Se kuckt sou häerzeg dran mat deenen groussen Aan :/
JZ 13.08.2013 - 09:54
gefällt mir ganz gudd.
RPhoto 13.09.2013 - 14:34
Salut Vito,
mir hu selwer 2 Kuederen, déi glécklecherweis gesond a monter sinn, duerfir mecht d'Geschicht vum Pixel an och vun Dengen anere 4 Kaze mech immens traureg an ech kann Dech ganz gudd verstoen. Esou Déiere wuessen engem immens séier un d'Häerz.

Op der anerer Säit freeën ech mech awer driwwer, dass Du Dech esou gudd em d'Mieze gekëmmert hues an d'Foto vum Pixel Foto vun der Woch ginn ass, och wann ech dat elo méi wéi ee Joer méi spéid emol feststellen.

Allerdéngs verstinn ech net, wéi en Déierenasyl Kazen ouni Impfung ka vermëttelen. Bei eisen 2 war den Impfpass op alle Fall ausgefëllt.

Kanns Du mir villäicht iwwert PN Bescheed soen, wou dat war?

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 432 Gäscht online