Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

1435 mm SPURWEITE...

 
 1435 mm SPURWEITE...
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (26.07.2012). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    24.07.2012
  • Gekuckt:
    12597
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    22
  • Beliichtungszäit:
    1/1000 sec
  • Blend:
    f/5.6
  • Brennwäit:
    200 mm
  • ISO:
    800
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1200x916
  • Späicherplaz:
    509 KB
  • Originaldatum:
    24.07.2012
  • Fotoapparat:
    SLT-A33
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
Kategorie: Bewegung »» Fortbewegungsmëttel  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=65271]
Kommentar vum Fotograf:
...ann nemmen 30mm Toleranz, soss fällt een vunn den Schinnen.



Hoffen daat see: Gefällt
gemu 25.07.2012 - 16:52
Super, flott Perspektiv.
micky-maus 25.07.2012 - 23:13
Ma merci gesoot, gemu closed_eye
ZachOry 25.07.2012 - 22:55
Iergendwei mengen ech bei där Foto, ech weilt nach uewen weider kucken. Has de net Probeiert den typeschen "Vintage-Style" an der BA ze maachen? daat geing bestemmt gudd do passen (as Affaire de Goux, ech sen grad op deem Tripcool)

LG
micky-maus 25.07.2012 - 23:22
Merci fier deen Tipp, ZachOry
Hunn amm Ufank mein RAW am Lightroom op Vintage konverteiert op LR heescht daat VERGANGENHEIT. Hunn dono awer vill ann den Kontraster ann Beleuchtung eremgebastelt. Resultat hunn ech dunn op PG eropgelueden woer awer net esou rischteg zefridden. Hunn elo nach engkeier dei Verschafften Versioun nämlecht konverteiert bessi oofgedunkelt ann fannen elo daat se deen RETRO-Look huet deen ech wollt hunn.....

MbG: EEN AALEN ESELBURRER
ZachOry 26.07.2012 - 00:01
en aalen Eselbuerer?! smile kennt drop un waats du als "aalen Eselbuerer" bezeechens, sen seit 18 Joer hei, keint een sech dann vun iergendwou kennen?
Gaga 25.07.2012 - 23:20
flott daat do ... hmm, jo weivill gebei fehlt do, wann et net vill as, dann hätt ech et mat drop geholl
micky-maus 25.07.2012 - 23:24
Hunn nach riets ann lenks gekropt, maachen se mol ganz drop....
mengen dann hunn ech se schon Haut 7 mol ersaat. Enn schlemme Patient daat doo!! confusedsceptical
Gaga 25.07.2012 - 23:26
nee, no uewen ????
Gaga 25.07.2012 - 23:26
riets as ok, lenks evtl t'Schinn an den Eck ???
micky-maus 25.07.2012 - 23:38
Ma dann kuck emol....
Gaga 25.07.2012 - 23:39
d.h. no uewen get et net mei ze weisen unhappy
micky-maus 25.07.2012 - 23:42
leider net, ett gong mier eigentlech emm daat Gewurrels vunn den Schinnen ze weisen ann een max dovun op Foto ze Kreien, hunn net esou genau op den Atelier hannen opgepasst. Mat mengem Standart Zoom kreien ech bei deser Brennweit och keen richtegen Boket hinn...
Gaga 25.07.2012 - 23:50
pffff .... alles an de Sand gesaat !
Gei dohin an mach se frech wegl. !
Ech kann daat esou net accepteieren !
micky-maus 26.07.2012 - 00:00
Mengen och, maachen een kompletten Reset ann verschaffen se Muer nei.... Hunn mech matt deenen villen Regeler esou weit verdruddelt daat geschwenn keng Faerwen mei op der Foto sinn.... scepticalsad
micky-maus 26.07.2012 - 16:12
Hunn se elo duerch eng ganz aaner ersaat wou den Hannergrond net esou ooflengkt. Hunn och eng normal BEA benotzt.

Hoffen sie ass elo accepteiert..... closed_eye
Gaga 26.07.2012 - 16:15
daat geng ech net machen, elo kritt keen mensch epes derfun mat ! Fierwaat hues de net ofgeblend an mat der schärft den hannergronnt mei onkloer gemach ?
evtl am PS den Tiefenschärfe Filter probeieren ... daat geng ech machen bei därdoten ! closed_eye
micky-maus 26.07.2012 - 16:40
HHMMMM.... ginn elo guer net mei rischteg mat deser Foto eens!! Mengen geschwenn refuseieren ech se selwer tongue
Gaga 26.07.2012 - 16:58
daat as heiernsdo daat bescht ... an iergendwann fenns de se beim ausmeschten erem .. .an dann geht et op eemol ! smile
Jeanny 26.07.2012 - 18:33
eng ganz flott Perspektiv
micky-maus 26.07.2012 - 18:36
Merci Jeanny, beissen mier grad Zänn unn deser Foto aus. unhappy
Jeanny 26.07.2012 - 19:18
maach dat net, soss muss de e Gebëss kréiensmile
lo hunn ech mol däi gekuckt, des de ersat hues, däi ass jo ganz anescht, a gefält mir vill besser, just lenks dat Haischen giff ech ewech maachen ( stempelen ) ech huelen un de Filter ass gewollt.
micky-maus 26.07.2012 - 19:29
Den Problem woer den iso 800 deen ech vergiess hunn eroofzesetzen, dunn haat ech den Hannergrond vill mei hell wei main Sujet. och beim Cadreieren hunn ech Problemer well den Hannergrond viiiill ze onroueg ass. Hunn mat Filteren an Vignetten alles probeiert.... ett ass deen Hannergrond deen mech nervt. Dofier hunn ech mol eng aaner probeiert wou den Hannergrond aanescht ass. Hunn mamm Gaga geschter 3 Stonnen gedocktert ann hunn se mengen ech 9x ersaat..... Loossen see mol puer Wochen esou bratschen ann dann probeieren ech ett nachenkeier. closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 446 Gäscht online