Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

e Garagenauto ...

 
e Garagenauto ...
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    21.07.2012
  • Gekuckt:
    34733
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    25
  • Beliichtungszäit:
    1/1 sec
  • Blend:
    f/5
  • Brennwäit:
    23 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1000x685
  • Späicherplaz:
    659 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobannen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=65194]
Kommentar vum Fotograf:
mat nach guddem Profil op de Schlappen !

kee Problem, ech kennen en den schafft do
an der Fosse, ... dee kréie mer duerch :D

gi87 21.07.2012 - 21:54
smile Flott Ed, sin emmer nees iwerascht mat wats Du hei kenns smile
suraki 22.07.2012 - 09:16
merci, ech sinn et och Gianni bigsmile
gemu 21.07.2012 - 22:15
Super, daat do ass menges, wonnerbar verschaft an encadréiert
suraki 22.07.2012 - 09:16
merci och hei gemu smile
micky-maus 21.07.2012 - 22:24
Genau daat ass ett waat ech iwwerall siichen awer neierens fannen!!

daat dooten misst een '62 Vauxhall Velox Sedan sinn?

Kuck mol hei:
wikipedia-Vauxhall Velox Sedan
Vauxhall Velox Tokomaru Bay
Jaycee 21.07.2012 - 22:44
Kann awer och eng Cresta PA gewiecht sin... kuck emol op e Liëdersëtzer huet, dann ass ët oder besser da war ët eng... closed_eye
micky-maus 21.07.2012 - 23:09
Jop, Du hues Recht, kuck unn den Winkeren fier erkennt een och den Ennerscheed:

Vauxhall Cresta PA
suraki 22.07.2012 - 09:19
och hei un dech an den Jaycee e merci,
ech lueden dann nach eng fir iech zwee erop closed_eye
Jaycee 23.07.2012 - 22:07
Looss kommen Eduardo, ma sin richteg Schrottfans... smile
Jeanny 22.07.2012 - 06:31
smile ech mengen bäi dem ass Hopfen a Malz verluer smile))
awer fir eng flott Foto nach ëmmer ze gebrauchen
suraki 22.07.2012 - 09:17
Happ a Malz ... an och nach d'Luchten Jeanny smile
Jeanny 23.07.2012 - 06:39
smile
chrYstal 22.07.2012 - 12:21
Coolen Auto a super fotograféiert!
suraki 22.07.2012 - 13:24
merci gesot smile
Gaga 22.07.2012 - 12:40
mat e bessen Polish kriss de daat erem hin Ed smile
De Loftdrock muss de awer och nach eng keier kontrolleieren ... flott erwescht dei aal rennmachin do, deng rum gefällt mer hei awer net ...
suraki 22.07.2012 - 13:23
d'Luuchte mussen awer nach gestallt gin, ...
an d'Rumm war nëmme fir déi Leit hei,
mat ze niddregem Bluttdrock bigsmile
oder wollt ech e bëssen provozéieren ? ... ech weess et net méi. closed_eye
Gaga 22.07.2012 - 14:09
du an provozeieren, daat wier mol epes neies ! bigsmile
kicker 22.07.2012 - 14:43
Il arrive qu'une femme rencontre une étongueave et qu'elle décide d 'en faire un homme sain. Elle y réussit parfois. Il arrive qu'une femme rencontre un homme sain et décide d'en faire une étongueave. Elle réussit toujours.closed_eye
Bien réalisé suraki.
suraki 22.07.2012 - 14:55
oh, wei Recht dass de hues, mä kann dat dote net nëmmen
ee(nt) schreiwen, deen dat erlieft ... a richteg Erfahrung huet ? bigsmile

bei denger Äntwert wärt ech elo erféieren closed_eye

kicker 22.07.2012 - 15:04
Ne t'effraie pas suraki, la vie est une expérience. Plus on fait d'expériences, mieux c'est. closed_eye

suraki 22.07.2012 - 15:09
uffff,
... a merci Kicker fir deng flott Kommentarer closed_eye
micky-maus 22.07.2012 - 22:24
Salut Ed, ginn ett dann och Fotoen vunn deem scheinen Camion doo niewendrunn??
suraki 23.07.2012 - 16:13
dee schéine Camion ass en Unhänger closed_eye
Schluck 22.07.2012 - 22:44
Gefällt mer gutt Ed, och d'Bea an och d'Rumm fannen ech héi cool, wou hues de deen dann nees ausgegrueven ... woars de an Kuba ?
suraki 23.07.2012 - 16:14
a Kuba fueren se nach mat esou eppes closed_eye
merci Schluck smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 600 Gäscht online