Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Eisvull

 
Eisvull
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (09.07.2012). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    09.07.2012
  • Gekuckt:
    76505
  • Favoriten:
    11 (Wen?)
  • Kommentarer:
    54
  • Beliichtungszäit:
    1/500 sec
  • Blend:
    f/3.2
  • Brennwäit:
    300 mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    800x533
  • Späicherplaz:
    273 KB
  • Originaldatum:
    2012:07:09 11:00:44
  • Fotoapparat:
    Canon EOS-1D Mark IV
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    Canon EF 300mm f/2.8 II
Kategorie: Déieren »» Vigel allgemeng
2. Kategorie: Natur »» Waasserausbléck
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=64900]
Kommentar vum Fotograf:
Hei dann nach meng Versioun vum Eisvull vun ee Samsteg ... nach een Déjà-Vue fir d'Zora ;-)
Gaga 09.07.2012 - 12:03
super dei do, t'schärft um Full as perfekt, an den Bokeh am Bild mat der flotter Linienfeierung och genial.

Daat as ee Poster fier op t'Mauer !
Super geschaft Schluck!
Schluck 09.07.2012 - 12:35
Merci Gaga, hun se zwar nach eng keier geännert well mech uewen den Schilf awer zevill gestéiert huet
alex 09.07.2012 - 12:13
super Foto!
Schluck 09.07.2012 - 12:35
Merci alex
jHi-3mM 09.07.2012 - 12:49
Superfoto! Wonnerbar geroden! Kompliment!
Schluck 09.07.2012 - 13:10
Merci gesoot jHi-3mM !
Jeanny 09.07.2012 - 13:03
lo feelt nach de Fësch am Schniewel Schlucksmile
wonnerbar fotograféiert a presentéiert
Schluck 09.07.2012 - 13:10
Jo effektiv, den huet nach gefehlt .. mir konnten ëm awer ob mannst beim fëschen nokucken
gi87 09.07.2012 - 13:10
Ganz Flott Festgehaalen ! an Schärft ass och hei wonnerbar ! Top !
Geschwenn mussen ma oppassen dass ma dei Biller net ugeholl kreien tongue ( ze oft Fotografeiert Motiv bigsmile )
Schluck 09.07.2012 - 13:11
ROFL ... jo ass gutt meiglech
gi87 09.07.2012 - 13:40
tongue
NikonD80 09.07.2012 - 14:20
super Foto, di doten, Respekt smile
Schluck 09.07.2012 - 14:59
Merci gesoot!
Zora 09.07.2012 - 14:35
Also deen Vilchen do muss Kamerageil sinclosed_eye, och du hues en super erweschtclosed_eye
Schluck 09.07.2012 - 14:59
Gesäit sou aus ... den Moien hat ën awer keng Loscht unhappy
Zora 09.07.2012 - 15:03
Wen? Den Vilchen oder duclosed_eye
Schluck 09.07.2012 - 15:05
Den Villchen natirlech ... oder méi précis ... den Eisvull ( den blo-rouden do ob der Foto) .. nët dass du rëm knaschteg Gedanken hues
Zora 09.07.2012 - 15:14
Moiiiiiiiii, froen mech wei's de dorops kens, dein Déjà-Vue Vilchen ass ganz scheinclosed_eye
Schluck 09.07.2012 - 15:27
Hehe .. wollt mol testen ob's de dann dës keier den Kommentar lies ... ajo .. an du bass jo d'Onschold an Persoun .. sorry hat ech ganz vergies
Zora 09.07.2012 - 16:28
Richtig!!!!!
Schluck 10.07.2012 - 07:52
Freck .. wann dat do lo keng uerg Donnerwierderën ginn ...
Zora 10.07.2012 - 09:14
Hehesmile
butzi 09.07.2012 - 14:37
Wow,bei der ganzer Auswiel wou Mier hun vun Fotoen iwert Eisvullen ,as dei Hei awer dei Allerbescht ,Top scharf ,voll gud geroden,TOP smile
Schluck 09.07.2012 - 14:59
Merci butzi, ech hat d'Chance ganz am Eck vum Häischen ze sëtzen wou ech am beschten laanscht den Schilf komm sinn
jorsch 09.07.2012 - 15:48
Wow! Super Bild! Ech si begeeschtert!
Schluck 09.07.2012 - 16:46
Merci jorsch, héiert een gaer
JC1967 09.07.2012 - 16:00
Stark dei Doten. Ech hun op mengem Weier och Eisvullen, hun se och schons beim Antauchen geknipst an mat engem Fesch am Schnierwel, leider fehlt et mir un Brennweit fir proper Fotoen ze machen. Duerfir kucken ech mech dann einfach un dengen Fotoen satt. Wonnerschein smile
Schluck 09.07.2012 - 16:47
Merci JC, jo dat wier nach schéin ... sou huet een alt emmer rëm Motivatioun fir ët nach besser ze machen
suraki 09.07.2012 - 16:16
super flott !! ... mä wat ass den helle Krees do ?
Schluck 09.07.2012 - 16:47
Merci Ed, eierlech gesoot, keng Ahnung ... hun mech dat och gefroot
Schluck 13.07.2012 - 18:02
Hun lo extra nach eng keier gekuckt ... et ass an allen Biller dran déi ech vun der Perspektiv vun daer Platz gemach hun .... ët muss eng Reflektioun vum Wasser sinn
suraki 13.07.2012 - 18:20
besser dat ewéi eng Reflexioun am Objektiv closed_eye
Schluck 13.07.2012 - 18:22
Mengen nët ... an anneren ass se nët dran ... ann souwisou .. woar dem Gianni säint tongue (lo kreien ech der vun dem ob d'Panz wann ën ët liest)

Wéini ginn mer een huelen ... mol un der Blophase schaffen; den Baggerweiher schengt am Moment ouni Taucherausrüstung keen wert ze hunn
suraki 13.07.2012 - 18:36
ech mengen net nëmmen eng blophase ze hunn ... ech hunn e fotographeschen down bigsmile Ech melle mech an der Woch, da gi mer enn drénken smile)))) de WE sinn ech verbucht.
Fennec 09.07.2012 - 17:01
Super geroden, top smile
Schluck 10.07.2012 - 07:47
Merci gesoot Mr. Fennec
chrYstal 09.07.2012 - 17:09
Wonnerschéine Vull a super fotograféiert. Kompliment fir des Foto!
Schluck 10.07.2012 - 07:47
Thx ChrYstal!
Ferdl 09.07.2012 - 17:12
Super schéine Vull - super getraff smile smile Herrlech Foto
Schluck 10.07.2012 - 07:47
Villmols merci Ferdl
Nathalie 09.07.2012 - 17:44
Ganz flott geroden Schluck. Gefällt mer super gud. smile
Schluck 10.07.2012 - 07:48
Ganz décken Merci Nathalie
Silex 09.07.2012 - 19:48
Ah, endlech ass en "formatfëllend" agefangen! Allgemeng gëtt jo ënnert Naturfotografen eng gelongen Eisvull-Foto als Meeschterprüfung ugesin. Déi ass dann heimadder gepackt! Félicitatioun fir dës Topfoto!
Schluck 10.07.2012 - 07:48
Hmm ... bon .. lossen mer eierlech sinn .. ee formatfëllenden Crop ... Merci gesoot Silex
gemu 09.07.2012 - 20:22
Wonnerschéin, wéi am Billerbuch, oder bass du éieren den Editeur vun all den Déierebicher ?
Schluck 10.07.2012 - 07:49
Merci gemu, nee nët dass ech wéist
Scyv76 09.07.2012 - 20:47
Also déi dooten ass wiirklech staark ! Net evident deen dooten Kärel sou gudd ze erwéschen smile
Schluck 10.07.2012 - 07:50
Mir haaten immes Chance ee Samsteg ... ët woar eng richteg Eisvullenparade .. gléw mer ët, ech woar schon oft do um Wéiher mais sou oft hat ech ën nach nie gesinn
Scyv76 10.07.2012 - 11:42
Jo jo, chance gehéiert bei Déierenopnahmen an der Natur einfach dozou smile
Abacab 09.07.2012 - 22:08
Herrlech schéin festgehal Schluck! Eng Foto ewei am Billerbuch!
Schluck 10.07.2012 - 07:51
Villmols Merci Abacab!
jps 10.07.2012 - 18:18
Super geroden, mee war den ugepecht dass de esou no drun komm bass closed_eye
Dat hei ass dann déi nächst Erausfuederung: Link
gi87 10.07.2012 - 18:22
Nee mir soten him " mach Sitz " bigsmile
Schluck 10.07.2012 - 21:31
Hehehe, jo secher, ech gesinn mech schon mam Schnorchel an der Ënnerwaaserkamera um Weiher. Erausfuerderungen ginn ët der nach méi wei Genuch.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 250 Gäscht online