Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Feldversuch - Macro

 
All Fotoen an dëser Serie:
27838 Thumbnail
27839 Thumbnail
Feldversuch - Macro
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    11.06.2012
  • Gekuckt:
    16184
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    3
  • Originaldatum:
    10/06/2012
  • Fotoapparat:
    EOS50D
  • Objektiv:
    100mm Macro USM Canon
Kategorie: Déieren »» Makro  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=64216]
Kommentar vum Fotograf:
Um "Ambiance Jardin" hat ech mäi näien 100mm Macro derbäi, an hun en do di éischte Kéier richteg am Fräie benotzt.

1) f2.8 ISO400 1/1600
2) f4.0 ISO400 1/800

Zu den Astellungen:
Et war bewollekt, mäi macro huet keen stabilisator, hat keen Stativ derbäi an (nach) keen macro Blitz, hu mer geduet den ISO op 400 rop ze dréihnen fir d'Verschlosszäiten heisch ze kreihen.

Ob ech daat lo sou richteg gemeet hun,...

Dofir kléngen Appel un d'Macrophotografen:
A méngem Fall ënnert dëse Konditiounen, wéi haett dier d'Astellunge gemeet?

Merci fir all Tipp/Kritik!
Schluck 11.06.2012 - 08:45
Bei der geringer Déiftenschärft déi's de am Macrobereich hues kanns de roueg nach d'Blend méi zou machen an bei engem Insekt wat sëtzt brauchs de och keng 1/1600 oder 1/800.

Bei der eischter mat f/2.8 ass d'Schärft sou knapp dass se mol nët ganz scharf ass obwuel se parralel zum Schärftenverlaaf sëtz. Wat's du méi no erun gees, wat den Schärftenbereich ëmmer méi kleng gët.

Eng gëllen Regel fir d'Anstellungen gët ët nët, dat hänkt ëmmer vun der Situatioun. Probéier ëmmer d'Insekt wat's de wëlls knippsen ganz an d'Schärft ze kreien am Unfank (ausser du wells ganz gezielt just een Deel scharf hun) fir ee Gefill dofir ze kreien.

Meng Anstellungen fir den do Sujet f/7.1 - 8, 1/250, ISO 400 mais wéi gesoot, d'Distance zum Sujet spillt eng enorm Roll
mischii 11.06.2012 - 12:13
Ech ka mech dem Schluck lo nëmmen uschléisen
Eng ganz oppe Blend ass wierklech ganz kriddelech, gëtt allerdengs flott Effekter fir zB nëmmen Aan schaarf ze kréien, d'Schârft ass do einfach extrem knapp
Ass jo awer schon net schlecht gin, mat e bessen übung kriss Du daat bestëmmt séier hin
Jeanny 11.06.2012 - 18:43
also ech spillen ëmmer mat den Astellung, wann Insekt sech roueg verhält och verschidden Astellungen vun dem selwechten Insekt, wann et muss séier goen wei Pimpampelen, da meeschtens 7.1- 8, gi selten iwwer 200 Iso, da muss Wierder schonn s schlecht sinn,
hunn elo mol e bëssche no gekuckt, bei villen Insektenfotoen, däi ech hei agestallt hunn, däi hunn ech och mat Blend 2,8 fotograféiert smile
Mir gefalen deng Fotoen ganz gutt, e schéine Schäerfteverlaaf, a Fräistellung, an dat wichtegt ass, Schäerft muss ëmmer op den Aen leien, däi musse schaarf sinn, soss ass Foto fir Poubellesmile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 470 Gäscht online