Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
All Fotoen an dëser Serie:
26807 Thumbnail
26808 Thumbnail
26809 Thumbnail
Enna
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    23.04.2012
  • Gekuckt:
    13360
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    8
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 550D
  • Objektiv:
    EFS17-55mm 2.8
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Kleng Kanner  
Extras:
Eisen Studio am Keller.

Fir anzesetzen: [pg_img=63291]
Kommentar vum Fotograf:
Meng 1. Portraits Fotoen.
All Kritik an Kommentar as wëllkomm. Merci :-)
Zodiac 24.04.2012 - 09:03
Nr. 2 gefällt mer am beschten, sech e bessen verstoppen smile
Dei aner zwou sin och gudd.
DeviantMotiv 24.04.2012 - 20:46
Dir och merci gesoot Zodiac smile
mOnsterbUg 24.04.2012 - 15:37
1) als Sujet ganz flott, leider fehlt d'Schärft am Gesiicht, du hues nogeschärft wat hei awer ze vill ass,
2) wierklech witzeg, wei de Bebe mat der Kamera koketteiert,
3) gefällt mer mat Ofstand am Beschten. Ganz flott Compo an Cadrage.
Villäicht hätt en em Enna säi Gesicht e besi mei hell kinte man, mais dat ass eng affaire de gout.
Eng flott Iddi mat dem wäissen Duch um wäissen Hannergrond.
Ech giff soen fir dein 1. Portrait ass dat schons ganz gudd!
DeviantMotiv 24.04.2012 - 20:45
Merci fir d'Zait deis du dir geholl hues an deng eierlech Kritik smile
Bei der 1. hun ech effektiv nogeschärtft well d'Enna vill gewibelt haat an ech de Focus net richtech gesaat hun.
Mam ophellen vum Gesicht haat ech mir och geduecht mee hun et herno sin geloss well et zevill blatzech ausgesin huet smile
MarcGerard 23.10.2012 - 11:04
sou een highpass passt bei kanner net. dat as fir männer mat baart an narben smile net fir zaart Bebe'en
DeviantMotiv 23.10.2012 - 11:15
Ahsou? Ok...Daat muss Du mir awer lo erklären wisou fir Männer mat baart an Narben? bigsmile
MarcGerard 23.10.2012 - 11:45

well dat do einfach besser passt. et gesäit ee vill highpass portrait'en. mee all effekt/technik seet numol iergendeppes aus. bei deem highpass effekt (du hues en zwar och nemmen e bessen ugewend) kommen immens vill gesiichtskonturen zur geltung. all "fehler" an der haut get méi däitlech, an et gesäit alles méi graff aus. also méi graff wéi op enger onverschaffter foto. an dee moment muss de dech froen ob dat bei e bebe passt. ech fannen et passt net, vu dass bebe'en einfach perfekt sin, a virun allem hier haut smile ech giff nach éiechter eng technik wéi e weechzeechner uwenden dee genau dat verstäerkt.
soss so mer eifnach firwat dass du fonnt hues den highpass effekt wier bei dëser serie vu fotoe passend?
DeviantMotiv 23.10.2012 - 12:48
Ok merci lo hun ech verstan waats Du mengs. Ech hun un sech den D&B op dëser serie ugewand well ech graad am gang war dei Technik am PS ze leieren war also net onbedingt sou dass ech se mei passend fond hun mée fir se ze üben an haat mir effektiv lo d'Fro net gestallt ob et passt smile Merci fir deng Erklärung.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 531 Gäscht online