Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Gravety

 
Gravety
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    11.03.2012
  • Gekuckt:
    91989
  • Favoriten:
    5 (Wen?)
  • Kommentarer:
    45
  • Beliichtungszäit:
    1/125 sec
  • Blend:
    f/2.8
  • Brennwäit:
    27 mm
  • ISO:
    3200
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    533x800
  • Späicherplaz:
    365 KB
  • Originaldatum:
    2012:03:11 00:00:57
  • Fotoapparat:
    Canon EOS-1D Mark IV
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    Canon EF 16-35mm f/2.8 II
Kategorie: Events »» Concerten
2. Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Expressioun
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=62487]
Kommentar vum Fotograf:
Eng Photo vum Guitarist vun Gravety, mir huet den Gesiichtsausdrock héi sou gudd gefall an den flotten Cadrage duerch den Niwwel.

Gravety @Garage (Saarbrücken) 08.03.2012
Jean-Jos 11.03.2012 - 01:32
I like this pic!
Den enke Cadrage kënnt gut. D'Faarwen, de Niwwel an de Gesiichtsausdrock bréngen bal eng Grëtz Mystik an d'Bild. Dat doten ass gutt, nee et ass nach besser.
Schluck 11.03.2012 - 11:18
Merci Jean-Jos, beim Kapp vun der Guitar hät ech mer ee puer Pixelen méi gewënscht, wollt déi awer lo nët onbedingt am PS beizauberen. Thanks fir den Fav
gemu 11.03.2012 - 05:37
Fantastesch Schluck, déi doten huet et a sech a léisst een net esou séier lass. Et sinn nëmmen déi plackeg Kierperdeeler déi aus dem Nievel fréi erauskommen, d'Schärft, d'Faarven an deen Gesichtsausdrock beandrocken genau esou
Schluck 11.03.2012 - 11:24
Merci gemu, mech huet déi do och fazinéiert, dofir hun ech déi och net an eng Serie gesaat. Dat Bild existéiert nëmmen een Brochddel vun enger Sekonn an ech hun drop gewaart dass den Niwwel genau richteg woar... wann dann nach sou een intensiven Bléck dobei ass kritt een eng TOP Photo. Fir mech ass dat den Reiz un der Livephotographie, du wees nie firdrun wat dech erwaard an du muss mat dem schaffen wat's de kriss. Thaks fir den Fav
gemu 11.03.2012 - 11:55
Daat ass jo dann bal ewéi 6 Richteger plus Zousaatzuel, ausser dass hei d'Chance nach laang net alles ausmëcht mee een aussergewéinlecht Reaktiounverméigen, Talent an esou guer och nach meteorologesch Kenntnisser gefrot sin.
Schluck 11.03.2012 - 12:12
Meteorologech Kenntnisser vun der Niwwelmachine bigsmile ... och nët schlecht... virun allem Reaktioun an alles am Aa hun, d'Spoten den Rythmus erkennen, dat kënnt mat der Zäit
Jean-Jos 11.03.2012 - 13:24
Ass awer sécher trotzdem nët evident, wëll's de jo nët de ganze Concert, mee jhust während e puer Titelen am Couloir bleiwe kanns...
Schluck 11.03.2012 - 13:33
Jo, just héi woar iwwerhaapt keen Couloir, mais 1 Reih am Publikum bei engem ausverkaaftenen Klub ... hun missten mat Zäit do sinn fir eng gudd Platz ze erwëschen... konnt awer dofir den ganzen Gig knippsen
gogo 11.03.2012 - 06:17
TOP!

Fällt direkt an d'Aen, gefällt mer super, wéi de Jean-Jos schons soot, si huet eppes mysteges. Schued, dass puer Deeler ausgefriess sin, mais ganz sou schlemmass et och net.
Schluck 11.03.2012 - 11:31
Merci gogo, dat mam ausgefriess huet mech och ee bëssen gestéiert, mais hien hat een décken weissen Spot just vun ënnen erop ob d'Guitar.. och ënnen Hoër hät ech gàer ee bëssen méi deischter gehaat. Wann dat Bild do an engem Studio entstann wier hät een bestëmmt kënnen dorop obpassen mais vu que dass ët live ob der Bühn ass kann de dat eben nët beanflossen ... an dat ass an engem Sënn och gudd esou wëll dat mech ët jo aus, ënnert denen Konditiounen déi's de hues dat bescht draus ze machen. Ech schaffen ëmmer mat Spotmiessung an sou ass deen Deel, ob den ët unkënnt, D'Aen an d'Gesiicht korrekt beliicht
gogo 12.03.2012 - 07:57
Du sees et, si ganz dénger Meenung! smile
gi87 11.03.2012 - 09:18
Super festgehaalen, dat mat dem Grengen nivell passt och mega dobei ! super Foto nees !
Schluck 11.03.2012 - 11:38
Merci Gianni, hat den richtegen Moment ofgewaart fir ze knippsen, den Niwwel an déi greng Luucht machen eng schein mystech Ambiance an den intensiven Bléck fesselt un d'Bild
gi87 11.03.2012 - 14:31
Dat stemmt, ass eng mega Geil atmosphäre am Bild !
TomEwert 11.03.2012 - 13:00
en poster daat doten!
mega.
Schluck 11.03.2012 - 13:33
Villmols merci Tom !!
gtaddei1 11.03.2012 - 15:37
outstanding
Mé SW geif ech gaere gesinn
Schluck 11.03.2012 - 19:32
Merci Gennaro,
hun mol am SW probéiert .. ech hun déi foarweg awer léiwer, kann awer sinn das ech dat mam SW nët richteg kann.

Gravety (B/W)


Geif mech iwwert dein Feedback fréeen
hardae 11.03.2012 - 17:08
Schluck, wat soll ech nach soen, déi aner hu schoun alles gesot. Einfach eng top Foto. Super
Schluck 11.03.2012 - 19:33
2x Villmols merci dem Här
Jeanny 11.03.2012 - 19:06
einfach super Schluck
Schluck 11.03.2012 - 19:34
Thanks Jeanny
Abacab 11.03.2012 - 19:10
Schluck du hues dech erem selwer total iwertraff! Absolut genial! E Genoss ze kucken!
Schluck 11.03.2012 - 19:35
Merci fir deng léiw Wierder an den Fav Abacab
Clod 12.03.2012 - 13:11
Absolut gudd,ech fannen dass d'liichter dèi hei ob der guittare ausgefriess sin der foto en ganz speziellen touch gin.
Schluck 13.03.2012 - 07:56
Stëmmt, mais ee bëssen manner wier trotzdem besser gewiercht ... ass eben "live" an do kann een nët alles beanflossen
chrisykris 12.03.2012 - 14:33
einfach nëmmen genial festgehaal!!
Schluck 13.03.2012 - 07:56
Villmols Merci chrisykris !!
kola 13.03.2012 - 20:25
Top, wéi baal all deng Concertsfotoen !
Schluck 14.03.2012 - 11:07
Merci gesoot Mr. Kola
g3ckko 19.03.2012 - 00:02
Dei hei huet et definitv verdengt!
Schluck 20.03.2012 - 08:21
Merci gesoot Mr. g3ckko
Gibbes 19.03.2012 - 06:50
Wei emmer Top an heich verdengt - Gratulatioun
Schluck 20.03.2012 - 08:21
Thanks !
Abacab 19.03.2012 - 06:57
Felicitatioun Schluck, kee Wonner bei esou enger genialer Opnahm closed_eye
Schluck 20.03.2012 - 08:21
Och dir een décken Merci Abacab
gemu 19.03.2012 - 07:00
Gratulatioun Schluck fir d'Wochenfoto
Schluck 20.03.2012 - 08:21
Villmol merci gemu
NikonD80 19.03.2012 - 07:51
Gratulatioun och vun mir
Schluck 20.03.2012 - 08:22
Merci, lo geet gläich d'Libellenjuegd ërem lass *freu
NikonD80 20.03.2012 - 16:07
dat kanns du haart soen smile
Dynax 19.03.2012 - 11:41
Gratulatioun fir Wochephoto, ech wor also net deen eenzegen dem Photo gefall huet.
Schluck 20.03.2012 - 08:22
Et gesäit esou aus ... villmols merci Dynax
nostromo 19.03.2012 - 13:54
Einfach gail.....
Schluck 20.03.2012 - 08:22
Thanks smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 323 Gäscht online