Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Hëllef-Foto-Meeting

 
All Fotoen an dëser Serie:
25617 Thumbnail
25618 Thumbnail
25619 Thumbnail
25620 Thumbnail
25621 Thumbnail
Hëllef-Foto-Meeting
cc
Speziell Rechter gëllen fir dës Foto. Se steet ënnert enger Creative Commons Lizenz:
Paternité - Pas d'Utilisation Commerciale - Partage des Conditions Initiales à l'Identique 3.0 Luxembourg
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    27.02.2012
  • Gekuckt:
    25368
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    12
  • Originaldatum:
    20120226
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5DMKII
  • Objektiv:
    Canon EF 24-70 2.8L USM
Kategorie: Allgemeng »» Misc  
Extras:
Pocketwizard Mini TT1 an Flex TT5
Canon Speedlite 580EXII
Gorillapod

Fir anzesetzen: [pg_img=62301]
Kommentar vum Fotograf:
All meng Fotoen vum Meeting dee mer zu Hamm haten sinn BY-NC-SA. Avis aux amateurs.
Bei der éischter ass mer de Blëtz an d'Baach gefall -.- En dréchent grad, ech mengen ech hat nach Chance.
Op der zweeter gesäit een den MetalBambi an den BlackPanther, 'living on the edge'.
Fir déi drëtt hat ech d'Chance grad dee klenge Punkt bemierkt ze hunn wou d'Sonn duerch d'Bréck koum.
Déi véiert ass ganz vum Ufank vum Tuer. Amfong wier ech gär méi no un de Bam eru gaangen fir mam Wäitwénkel schaffen ze kënnen.
Fir déi fënneft huet den MetalBambi mir gehollef. Hien huet de Blëtz esou gehal dass en uewen an de Bamstamm era geliicht huet.
Schluck 27.02.2012 - 21:35
Flott Serie, d'Teinung an d'BEA gefällt mer gudd ... 1, 4 an 5 gefaalen mier am beschten, wat een duerch d'Veraarbechtung awer alles kann machen ... wann een wees wei an wat een kann machen kritt een bestëmmt och nach een annert Aa fir verschidden Motiver. Wier cool déi onverschaft och eng keier ze gesinn.

Wéi wier ët dann eng keier mat engem PS - Hëllef Meeting ?
OK-Photography 27.02.2012 - 22:37
as noteiert closed_eye
den nächsten Workshop as effektiv iwwerfälleg!!
Metalbambi 27.02.2012 - 21:36
Hei, di 5t ass jo richteg cool ginn vir dat se no näischt ausgesinn huet um Ecran!
D'Faarwespill passt och richteg gutt. Fillen mech wéi eng Mäus déi an enger kaler Nuecht an dat wäermt Doheem kënnt wann ech déi kucken.

Edit: Ech hätt déi eenzel oder op mannst als Haaptfoto rop gelueden. Den Rouer ass zwar gutt gemaach, mee näischt Neies. Sou en Lach hunn ech allerdéngs bis lo nach net gesinn.
gemu 27.02.2012 - 22:40
Super, ech wor ganz gespaant beim Nokucken wéi déi Biller gemaach gouffen, elo wou ech d'Resultat gesinn, sin ech platt. Top. All Respekt och fir Nr 4, gudd gesinn. Dem Schluck seng Idi fir en PS-Hëllef Meeting fannen ech och gud.
mischii 27.02.2012 - 22:54
sorry, konnt geschter net derbei sin, war beim Jury vum internationale Salon,
schéi Biller, hei imposéiert sech awer d'Method vun der Veraarbechtung, ass do en Ufänger net direkt ganz verluer;
ech haat verstaan et géing drëm goen den Ufänger bei der Opnaam ze hëllefen
BlueRic 28.02.2012 - 14:00
Déi zweet wirkt gutt esou mam Vignetting an deenen zwee "on the edge". Déi läscht ass ganz spannend mam Blëtz beliicht, mee bessen ofgeblend wir villeicht nach besser.
De Blëtz hues de insgesammt flott agesaat.

aladin 29.02.2012 - 19:54
Top Serie , ech sin emmer faszineiert waas du maat Blëtzer unstelle kanns
nebu 29.02.2012 - 22:23
Ganz schéin Serie... déi 5 ass einfach super...
Jean-Jos 03.03.2012 - 13:38
Fein Serie durech d'Gestaltung an d'Faarwen, déi 1. ass top fir mech!
aMaD 11.04.2013 - 17:21
Béis Serie!
Mee waat ass do mat deenen Sonnenstrahlen op der 4t geschitt? Waren dei wierklech sou? surprised
gloda 11.04.2013 - 19:25
Nee, ech war iwweräifreg mam Filter.
abrissreif 11.04.2013 - 17:37
Feine Licht Farben Serie. Gefällt mir gut.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 231 Gäscht online