Nr3 stecht fir mech am beschten eraus,
Nr1 ass mer zevill iwwerlueden, mier fehlt do e Fouss an d'Ecker uewe lenks a riets si fier mech ze plackeg, ze weiss
Nr2 zevill ennen geschnidden, do fehlt mer bessi, réischt beim 2te Bleck mierken ech de "message vum Bild"
Nr3 gefaellt mer am beschten, wierkt ausgewogen a speziell op mech, kappstand an de V brengt pepp an d Bild, cool d'Schrefft parallel zum Been, di staark vignette passt
Merci fir d´Kritik. Et as net evident fir 7 Leit an action ze erfassen ouni dat et iwwerlueden wierkt. Bei där zweeter hues du Rescht wat d´Kadréirung ugeet an et muss een wierklech e besse kucken fir ze mierken wat geschitt.
fannen deng Emmsetzung an Idee wk cool an deem Sönn, well am Fong och ob esou Portraits stin. Waat mech bessen steiert as dass Persounen am Hannergrond e Steck onscharf wierken.
Mat wei enger Blend hueste Bild obgeholl ?
Wann ech mech richteg erenneren war et Blend 6.3 oder 7.1. Et as emmer problematesch wann een low-budget schafft an een un 3 Bletzer muss manuell astellen. Ech wollt och e bessen Ambient-Luucht notzen a fir d´Belichtungszäit net ze lang ze machen hun ech d´Blend net ze vill zou gemach. Iso war 400.