Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Fëschmaart

 
Fëschmaart
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    01.02.2012
  • Gekuckt:
    27668
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    24
  • Beliichtungszäit:
    1/45
  • Blend:
    f/5,6
  • Brennwäit:
    28 mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
    +/- 0,0
  • Gréisst:
    1024x682
  • Späicherplaz:
    218 KB
  • Originaldatum:
    16/02/09
  • Fotoapparat:
    Sony Alpha 700
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
    Minolta 28-105
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Street  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=61818]
Kommentar vum Fotograf:
op ee Fëschtmaart am Oman
Poly 01.02.2012 - 20:18
flotte street, gelongen Atmosphäre am bild smile
Miau 01.02.2012 - 20:30
merci Poly
gloda 01.02.2012 - 20:20
Wow! Wat e genialt schwarzwäiss Bild. Dat fléisst richteg. De Bléck geet hin an hier, iwwerall gëtt et eppes ze kucken, a gläichzäiteg ginn all déi Gewänner mat de Falen dem Bild eppes Abstraktes a Minimalisteches. Fav an Wochenofstëmmung. A méi dees dote w.e.g. Mécht sech bestëmmt immens gutt als groussen Drock.
Miau 01.02.2012 - 20:30
Merci Gloda, freet mech och Dei Fav
gloda 01.02.2012 - 20:25
Ah, elo weess ech och wourun mech deen abstrakten Aspekt erënnert huet. Dréin d'Bild op d'Kopp, et voilà. https://encrypted.google.com/search?q=black ink in...
Miau 03.02.2012 - 20:09
a be jo surprised
jorsch 01.02.2012 - 21:39
Gefält mir och immens gutt!
D'Strukture vun de Fësch, Gewänner an dem Daach brénge Rou, D'Gesichter vun de Männer, déi an all Richtunge kucken, Liewen.
Eng flott Mëschung!
Miau 03.02.2012 - 20:09
merci jorsch
mischii 01.02.2012 - 22:21
Hei fillt een sech direkt matten an der Szeen
do ass Liewen dran
Miau 03.02.2012 - 20:10
och Dir Merci mischii
jps 02.02.2012 - 11:46
An d'Fësch op den Teppecher, déi Omani'en hun Stil bigsmile
Top Foto !
Miau 03.02.2012 - 20:11
merci Jean-Paul
Zora 02.02.2012 - 11:54
Huet eppes Apostelhaftes!
Maimonides 02.02.2012 - 20:51
Bal grad esou vill Männer wéi Fësch, Zora !
Ginn do d'Männer nach akafen,
ganz eleng ?

closed_eye
Zora 02.02.2012 - 21:22
Fraaen därfen do net ankaafen, ass Männerdomaine!
Miau 03.02.2012 - 20:11
exact...
Maimonides 03.02.2012 - 21:09
A ween kacht?
Miau 03.02.2012 - 21:26
meeschtens ech
Maimonides 03.02.2012 - 21:31
Du hues och keen Harem,
huelen ech mol un....!

closed_eye
Miau 03.02.2012 - 20:13
stëmmt Zora, an di Arabesch Länner schéngt es hei & do wie wann d'Zäit stoen gebliwwe wier
Jeanny 02.02.2012 - 18:08
eng wonnerbar Foto Willy, TOP
Miau 03.02.2012 - 20:13
merci Jeanny
Maimonides 02.02.2012 - 20:53
Top-Foto, Miau !
An de gloda huet schonn Alles gesot.
Miau 03.02.2012 - 20:08
Merci fir de Fav Charel

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 492 Gäscht online