Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

1923

 
All Fotoen an dëser Serie:
23641 Thumbnail
23642 Thumbnail
1923
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    23.11.2011
  • Gekuckt:
    13556
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    15
  • Originaldatum:
    2009
  • Fotoapparat:
    Dynax 7D
  • Objektiv:
Kategorie: Bewegung »» Fortbewegungsmëttel  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=60482]
Kommentar vum Fotograf:
Wanderer 616 (Bj. 1923)

* Glanzpunkt der Wanderer-Werke in Chemnitz in den frühen 20er Jahren.
*V-Zweizylinder-Maschine
*Kickstarter und Dreiganggetriebe
*616 ccm 10PS

Gesinn bei den ADAC MotoClassic
Cypress 24.11.2011 - 00:29
Salut,

hei meng Kritik. Hoffen si kënnt nët allze krass eriwer...

Definitiv gehéiert bei esou en aalt Gefier eng s/w Photo a keng faarweg. En plus gefält mir bei der éischter Photo d'Verhältnis vun der Gréisst vum Objet par Rapport zum Rescht vun der Photo besser. Zu gudder Lescht fannen ech och de Geste vum Fuerer ganz sympathesch. smile

Genausougutt wéi ech déi éischt fannen, muss ech dofir déi zweet kritiséieren: Objet ze kleng, ouni dass de Spectateur wierklech eppes gewënnt un Informatioun duerch den zousätzlechen Hannergrond, an si ass am biergop photographéiert, ouni dass doduerch awer eng zousätzlech Dimensioun geschaafe gëtt (am Sënn vun: et erkennt een trotzdem nët, wéi géi oder wéi laanggezunn de Biergop ass). Faarweg passt wéi scho gesot menger Meenung no souwisou net an (mengen ech op d'mannst eemol op mengem Bildschierm) ech fanne si och liicht onschaarf. :/

Mä zeréck zur éischter: ech géif vläicht nach probéieren, fir déi onschaarf Vignettéierung e Krack zeréckzeschrauwen, well si schränkt mat deeër doter Breet d'Vue ze vill an. Finalement géif ech vläicht och eemol probéieren, wéi sech déi doten Photo am Sepia presentéiert oder vläicht mat enger rouder(koffer) Téinung...just aus Fiewëlz. Mä wéi gesot, insgesamt gefält mir déi éischt tipptopp. smile
Dynax 24.11.2011 - 07:29
Merci Cypress fir dei Méi deis du der gemach hues fir mer hei um Site en ausfeierlechen Kommentar ze schreiwen, dat beweist mer jo dass du dech mat menger Photo beschäftegst hues, an dat welle mer jo hei bei PG hun.

Bei den Photoen gefällt mir natiirlech och dei éischt besser, an ech wosst och net op ech eng Série soll eroplueden. Hun mech awer finallement dofir entscheed well ech dem Betruechter vun enger Photo wollt e puer Informatiounen matdeelen, (wei zb geseit dat Bike am faarwegen aus, an och en puer Donnéen am Kommentar). Ech denken fir deen Zweck kann een eng Photosérie verwenden. Dofir huelen ech deng Kritik bei der fw Photo gären un. closed_eye

Bei der eischter Photo ges du mer jo och an sech keng Kritik mä Verbesserungsvirschléi, dei ech fir mech wärt ausprobeieren. smile
Zora 24.11.2011 - 07:43
Dei eischt häss de missten eenzeln erop setzen, do hues de Emstellung vun enger aaler Foto super getraff, fir mech ass dei eischt dei bescht, gud geschafft Dynaxsmile
Dynax 24.11.2011 - 08:52
Villmols Merci Zora, freet mech dat se der gefällt
Zodiac 24.11.2011 - 07:47
Déi hei fannen ech wierklech super. Bearbeschtung vun der 1. ass einfach passend hei. An bei der 2. flott dass den Moto nach zimlech Scharf bliwen ass, trotz der geschwindegkeet!
Dynax 24.11.2011 - 08:54
Vun Geschwindegkeet kann e bei dessem Moto bal net schwätzen bigsmile Merci fir dein positiven Komment
Zodiac 24.11.2011 - 10:01
Natirlech nt vun Geschwindegkeeten wei haut, mee een fiert jo och net grat mat 10kmh laanscht closed_eye
Pit 24.11.2011 - 09:00
Déi 1te ass mein Favorit, déi gefält mir ausgezeechnet. Do kéint een wirklech mengen, et wär 1923...
Dynax 24.11.2011 - 12:15
Glécklecherweis ass se net aus der Zeit, sos mengen ech wär ech den eelsten hei um Site bigsmile . Freet mech awer dass Photo der gefällt.
Jean-Jos 24.11.2011 - 11:39
Ganz flott dat doten, d'Téinung vun der 1. fannen ech richtég passend, ech gesin et och wéi de Cypress wat d'vignettéierung ugeet. Gefällt.
Dynax 24.11.2011 - 12:17
Merci Jean-Jos, freet mech dass Photo der awer gefällt.
Jeanny 24.11.2011 - 14:28
jo, den hat ech och virun 2 Joer fotograféiert wei si duerch eist Duerf komm sinn.
däi eescht op al verschafft , gefält mir am beschten
Dynax 24.11.2011 - 17:28
Villmols Merci Jeanny, sin och denger Meenung. closed_eye
jorsch 25.11.2011 - 15:28
Op der éischter Foto ass d'Illusioun vun enger Vintage-Foto perfekt. Super!
Dynax 25.11.2011 - 17:28
Ech soen der Merci jorsch fir deng positiv Kritik, an et freet mech dat Photo gefällt. smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 450 Gäscht online