Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

One morning in autumn

 
One morning in autumn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    14.11.2011
  • Gekuckt:
    24370
  • Favoriten:
    3 (Wen?)
  • Kommentarer:
    13
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    600x600
  • Späicherplaz:
    254 KB
  • Originaldatum:
    14.11.2011
  • Fotoapparat:
    iPhone 3
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:
- LemeLeme-App
- Instagram-App

Fir anzesetzen: [pg_img=60263]
Kommentar vum Fotograf:
Ech si mer net sëcher op iPhone Fotoen plus App-Verarbeschtungen hei erlaabt sin um Site, mee opmannst probéiren kann net schueden..?

Dëst war de Moien eng Hierscht-Niwwel-Szene am Bois de la Cambre zu Bréissel. Sou e riesen Bësch matten an enger Groussstadt huet schon eppes, an et kann ee sech grad sou gudd dran verléiren..

DFoto ass wéigesoot mam iPhone geholl, an ass duerch d'"LemeLeme" an "Instagram"-Apps gaangen. D'Qualitéit u sech ass net extrem, mee d'Atmosphär huet mir duerfir extrem gudd gefall.
gtaddei1 14.11.2011 - 17:44
Et keint én soen dass et teschnech net daat ass waat mir oft um PG gesinn, an dass browning effekter op der Wiss ze gesinn sinn dei vum ophellen keinten entstoen oder dass d'Gamme vum Fotoapparat e bessi duerchernén gin ass .. awer d'Resultat as genial...
svenia 15.11.2011 - 08:36
Déi iPhonen sin numol eben net vun der DSLR-Zort.. mee heinsdo verblüfft een dResultat awer, duerch esou eng "blöd" Filter-App.. closed_eye Merci fir de Kommentar!
Keup 14.11.2011 - 17:57
Mega daat doten.
svenia 15.11.2011 - 08:37
Merci smile
spackelter 14.11.2011 - 19:47
Kompliment!
Eng super Arbecht.
svenia 15.11.2011 - 08:37
Merci, mee an dësem Fall war et keng wierklech schwiereg Aarbecht trotzdem.. closed_eye
Maimonides 14.11.2011 - 20:07
D'Liicht well bal
als Well
gewisen,
an d'Schiet vun de Beem?
Interferenzmuster !
closed_eye
An d'Partikel
ass hei
de Mënsch.

An di ronn véiereckeg Ecker gefaale mir och !

Exzellent di do, svenia.
svenia 15.11.2011 - 08:38
Deng Kommentaren sin mer scho baal ëmmer am léifsten, well am poetechsten.. smile Merci Maimonides!
Maimonides 15.11.2011 - 21:30
Merci och dir, svenia.
closed_eye
Roxane 14.11.2011 - 20:42
Gefällt mir immens gudd smile huet esou eppes verdreemtenes ...
svenia 15.11.2011 - 08:39
Merci, et war genau daat waat ech wollt riwwer bréngen hei, eng wonnerbar niwwleg-Moiesstëmmung am kaalen November closed_eye
Silex 15.11.2011 - 20:33
Ech fannen d'Resultat super! Den Bildopbau ass gelongen matt der Sonn uewen riets an dem Personnage deen e Géigengewicht ennen lenks dozou bild. Den Personnage ass iwerhapt genial op der Plaz! An och nach an der Sonn!
Michelle 20.11.2011 - 12:11
gin der recht d atmosphär as wierklech super an wéi schon gesot gouf, den personnage hät een net besser setzen kennen! smile en ganz schéinen moment hues de do agefaangen!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 412 Gäscht online