Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

mémoires...

 
mémoires...
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    13.11.2011
  • Gekuckt:
    21935
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    26
  • Beliichtungszäit:
    1/200 sec
  • Blend:
    f/14
  • Brennwäit:
    60 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    800x537
  • Späicherplaz:
    376 KB
  • Originaldatum:
    2011:11:13 22:31:04
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 40D
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
Kategorie: Objeten an Still Life »» Am Studio  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=60250]
Kommentar vum Fotograf:
nach e klengen Versuch dobannen am 'Studio'...
Shantideva 13.11.2011 - 23:15
Excellent. Ech hätt et perséinlech ëmgedréint gemeet. Hunn sou d'Gefill dass duerch d'Spiggelung och d'Zäit kéint duergestallt ginn. Awer dat ass meng perséinlech Usiicht déi näischt un dëser excellenter Kompositioun ännert. (Ganz interessant Serie am groussen Ganzen)
Edit: Quatsch! Et ass jo een Bild... ech huelen dat zeréck ma Spigel... bigsmile
galileo 14.11.2011 - 14:07
Merci fir däi Kommentar heizou, an och fir de Fav ! Daat freet mech eppes vun dir ze liesen...

Daat mam Emgedréint ass nët esou falsch, och wann et kee Spiggel ass, allerdéngs géif dann den Titel manner gudd passen, deen ech am Kapp haat fir bei déi hei Foto.

Maimonides 13.11.2011 - 23:56
"Les sanglots longs des violons de l'automne
blessent mon coeur d'une langueur monotone..."

...well ech am Summer
agerummt gi sinn.

Top, di do, galileo.
galileo 14.11.2011 - 14:08
Merci fir däi flotte Kommentar heibäi...!
gtaddei1 14.11.2011 - 02:20
Herrlesch flott !!!
galileo 14.11.2011 - 14:08
Freet mech ze héieren !
gtaddei1 14.11.2011 - 14:13
Ewei d'Liewen .. de Foto vun der Jugend dei am Alter gekuckt get... ... cf och JAde an dei Aaner
galileo 14.11.2011 - 14:15
Esou war et geduecht...closed_eye
Nicon07 14.11.2011 - 06:27
An déi verblidde Blum verneigst séch bescheide virun där, di nach an der voller Bléi steet, ....an awer ass et di schéin, di gefaangen ass. Huet dat eppes ze bedeiten?
JADE 14.11.2011 - 08:06
majo, daat huet eppes ze bedeiten ...
déi an der Rumm festgehaalen ass schéin an figéiert (an hierem Liewenswee) an déi verblidde Blum huet zwar Faalen an ass ganz vill midd, mee dofir huet sie awer och kënnen vill (weider) er-Liewen

gutt gesin Nico
smile


comme quoi galileo, deng foto ass grousse Kino, wéi een aaneren (och groussen) Fotograf soen géif smile
galileo 14.11.2011 - 14:13
Merci bien smile fir de Luef an d'Interpretatioun !
galileo 14.11.2011 - 14:12
Ech wollt schréiwen: "d'Interpretatioun iwwerloossen ech hei dem den d'Foto kuckt"...

Mee d'JADE huet schon eng vun e puer méiglechen Äntwerte gin...

Daat freet mech awer ëmmer rem wa sech iwwert eng vu menge Fotoen e puer Gedanke gemach gin - closed_eye

merci Nico
Silex 14.11.2011 - 07:55
Gefällt mir am beschten von denger "Bild am Bild" Serie. Flott gemach.
galileo 14.11.2011 - 14:13
Merci Silex !
Miau 14.11.2011 - 11:05
Flott
galileo 14.11.2011 - 14:13
Merci.
mischii 14.11.2011 - 11:07
d'Jugend an den Alter
oder Freed an Trauer
ech soen Bravo
galileo 14.11.2011 - 14:14
an ech soë Merci.
Jeanny 14.11.2011 - 19:29
eng ganz flott Idee an Emsetzung
galileo 20.11.2011 - 13:09
Merci Jeanny
jorsch 14.11.2011 - 20:50
Gefält mir och immens gutt!

E Bild iwwert d'Vergänglechkeet vun der äusserlecher Schéinheet.
galileo 20.11.2011 - 13:11
Daat war mäi Gedanken, wéi ech am Bouquet déi 2 Blumment do gesinn hun...dun hu se missten dru gleewen closed_eye
svenia 14.11.2011 - 21:17
Aussokräfteg. Ganz gudd ëmgesaat!
galileo 20.11.2011 - 13:11
Merci svenia !
byFotoFous 14.11.2011 - 22:02
Cool! Sau flott gemat!!
galileo 20.11.2011 - 13:11
Freet mech, merci.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 277 Gäscht online