Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Eng Hand wäscht déi aner

 
All Fotoen an dëser Serie:
22901 Thumbnail
22902 Thumbnail
Eng Hand wäscht déi aner
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    01.11.2011
  • Gekuckt:
    18274
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    12
  • Originaldatum:
    20111015
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5DMkII
  • Objektiv:
    Canon EF 24-70 2.8L USM
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Männer / Jongen  
Extras:
*GS = GlodaStabilization

Fir anzesetzen: [pg_img=59983]
Kommentar vum Fotograf:
Op der Montée vun de Guiden a Scouten hunn ech eng Foto vum Noa gemaach. Dunn hu mer de Spiiss (oder Fotoapparat) ëmgedréint an hien huet (mat GS*) eng vu mir gemaach.
Maimonides 01.11.2011 - 21:10
Ween bass du dann elo, gloda ?
closed_eye

Dat Géigesäitegt:

ech an och du,
du an och ech,
wann ech,
dann awer och du,
wann du,
ech awer och,

gefält mir super.
gloda 15.11.2011 - 18:14
Merci Maimonides. Wat s de gedicht hues passt esouguer ganz gutt an d'Iddi vum Scoutismus: d'Chef maachen déi Saache mat wou d'Kanner maachen, a wann et dem Alter no ubruecht ass dierfen d'Kanner probéieren wat d'Chef maachen. Vläit hunn ech den Noa jo elo un der Fotografie interesséiert. Ech muss em emol en Ofzuch vun der Foto maachen.
Maimonides 15.11.2011 - 21:43
De Scoutismus, gloda,
kennen ech grad esou gutt wéi's du.
Ech hunn,
deemols,
um Neihäisgen
meng definitiv Formatioun gemaach.
Dat ass schonn laang hier,
war awer eng flott Zäit.

A méiglecherweis huet deng Foto
mir instinktiv (!) just dowéinst
esou gutt gefall.
tennes 01.11.2011 - 21:11
Schein scharf..also foto mengen ech lo cool
Meng sin nit sou...unhappy an hun dei selwecht canon.
Maimonides 01.11.2011 - 21:39
Lued mol eng erop, tennes, ...
gloda 15.11.2011 - 18:14
Dass den Jong esou no um Objektiv stoung hëlleft: den Bokeh gëtt méi staark an doduerch wierkt d'Gesiicht nach eemol méi schaarf.
No_Saint 01.11.2011 - 21:38
Vum cadrage hier huet de Noa definitiv méi Ahnung closed_eye
Oder anescht ausgedrëckt : op mëch wierkt dai Bléckwenkel éichter wéi den vun engem Kand (waat elo nët negativ gemengt ass)
gloda 15.11.2011 - 18:15
Ech ginn der Recht mam Bléckwénkel. Wat méchs de dann doraus? Wéieen Afloss huet et op d'Bild?
gi87 01.11.2011 - 21:45
Heus bei da Eichter e wonnerscheinen Bokeh Effekt hinkritt an de Sujet flott Isoleiert ! Gefällt ma !
gloda 15.11.2011 - 18:16
D'Blend grouss op an dann eng riesegrouss Hyperfokal Distanz smile Da geet et souguer mam 24-70.
Abacab 06.11.2011 - 16:50
E ganz flotten natierlechen Kannerportrait, deem een d'Liewensfreet an den Aen ofgesäit!
gloda 15.11.2011 - 18:16
Et freet mech dass du dat do am Bild gesäis. Merci fir deng Interpretatioun.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 453 Gäscht online