Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Bierkebësch

 
Bierkebësch
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    01.11.2011
  • Gekuckt:
    19241
  • Favoriten:
    4 (Wen?)
  • Kommentarer:
    21
  • Beliichtungszäit:
    1/2 sec
  • Blend:
    f/20
  • Brennwäit:
    100 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    980x663
  • Späicherplaz:
    551 KB
  • Originaldatum:
    2011:10:31 08:16:15
  • Fotoapparat:
    NIKON D700
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=59970]
Kommentar vum Fotograf:
D'Bild besteet aus enger Iwwerlagerung vun zwou Fotoe vun derselwechter Plaz. ( Gréngewald )
Di éischt Foto ass mat engem Kameraschwenk verwëscht ginn. ( cf. galileo ! )
Di zweet Foto ass normal scharf.
Doduerch kréien ech nach e bësse Schäerft erëm, déi der Foto Struktur gëtt.
Klick drop, fir méi Detail.
gloda 01.11.2011 - 12:30
Flott. Mir gefällt dass de déi richteg Balance hues zwëschen schaarfen Detailer a verwëschtem Flou deen d'Ambiance an d'Farwen stärkt. Du kanns dat ganzt och mat enger Foto maachen: laang beliichten, an dann no der halschent d'Kamera bewegen.
jorsch 01.11.2011 - 19:34
Merci fir däi Kommentar an deng nei Iddi, esou Fotoen ze maachen, ech wäert et probéieren!
Zora 01.11.2011 - 13:14
Gud Idée jorsch, gefällt mir och immens, well et eben aus der Norm fällt, am positiven Senn, an Faarwen spillen hei och eng Roll, flottsmile
jorsch 01.11.2011 - 19:37
Merci Zora! Jo, si ass e bëssen "inclassable".
Mä Neies ausprobéieren mécht immens Spaass!
Si frou datt se dir gefält!
Maimonides 02.11.2011 - 23:30
"Inclassable", jorsch,
ass ëmmer interessant,
par définition.
Wann se dann och nach esou schéin ass wéi dës ...
Bravo !
jorsch 03.11.2011 - 17:40
Merci Maimonides, ech freeë mech iwwert däi Kommentar an de Fav!
"Hors des chemins battus" kéint een deng Galerie och iwwerschreiwen. Dofir sinn ech schonns gespaant op deng nächst Fundstécker!
suraki 01.11.2011 - 14:56
wow, wow, wow ... ech fänken un mat billen.
wann ech giff wielen, wär et meng Wochenfoto
och ouni déi aner gesinn ze hunn closed_eye
jorsch 01.11.2011 - 19:40
.. sou laang s de net och nach ufängs ze bäissen!smile

Deng Begeeschterung fir d'Bild freet mech! Merci!
galileo 01.11.2011 - 18:39
Oha...daat hei ass nach eng Etappe virun...closed_eye)

Ganz schéin esou, daat ass impressionnistesch Molerei. D'Faarwespill vum Far ass super flott geroden, an d'Biirken machen de Rescht.

Ech froën mech wéi se am groussen op Pabéier wierkt...

an du hues e ganze Birkebësch fonnt...do wëll ech d'Koordinaten hun ! smile
jorsch 01.11.2011 - 19:45
Jo, ech hunn dat do nach mat anere Biller probéiert. Et kritt een erstaunlech Resultater.

Iwwrigens hunn ech de Mëtten e Poster am Groussformat vun der Foto bestallt. Sinn och gespaant op d'Wierkung!

De Biirkebësch ass:49°39'29.12''N
6°12'06.34"E
( Et kann awer och den nächste Wee parallel sinn, ech si mer op google earth net méi ganz sécher )

Ech freeë op deng nei Fotoen!
mischii 02.11.2011 - 21:38
En herrlechen Impressionismus,
si begeeschtert!!!!!!!!
jorsch 03.11.2011 - 17:21
Merci, mischii!

Mäi Musekstipp: Prélude à l'après-midi d'un faune. ( Debussy )
Silex 02.11.2011 - 22:24
Ganz stark dei doten!!

Geng bestëmmt gudd machen op enger grousser Toile iwert dem neien Kamain.

Esou lues a lues gett d'Lat méi heich geluecht wat d'Bëschfotoen ugeet!
jorsch 03.11.2011 - 17:23
Merci Silex, och fir de Fav!

Dat mam Kamäin ass eng Iddi. Si ass jo abstrakt genuch fir datt nenn een se dra geheit!smile
marker 03.11.2011 - 11:24
..een vun deenen schéinsten Birkenbëscher wou ech bis elo gesinn hun.. Super Aarbecht..!!
jorsch 03.11.2011 - 17:24
Villmools Merci marker, si frou iwwert däi Kommentar!
Jeanny 03.11.2011 - 11:50
geseet super aus jorsch
a wou, gett et da sou e Besch?
jorsch 03.11.2011 - 17:27
Merci Jeanny, och fir de Fav.
De Bësch ass am Gréngewald no beim Waldhaff. Kuck ënne beim galileo, do hunn ech d'Koordinaten uginn.
D'Foto ass vun engem klengen Hochsitz erof geholl ginn, dee grad zoufälleg do stoung.
Jeanny 03.11.2011 - 17:44
merci jorsch
Jean-Jos 06.11.2011 - 14:06
Ganz flott Harmonie an dësem bal abstrakte Bild. Mir gefällt och, datt déi super Hierschtfaarwen jhust an der ënneschter Halschent vum Bild sin nom Motto: 'weniger ist mehr'...doriwwer eraus trotzdem e puer fäin Detailler.
jorsch 07.11.2011 - 14:27
Merci fir däi Kommentar, Jean-Jos.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 334 Gäscht online