Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Montée

 
All Fotoen an dëser Serie:
22748 Thumbnail
22749 Thumbnail
22750 Thumbnail
Montée
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    28.10.2011
  • Gekuckt:
    33079
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    11
  • Originaldatum:
    20111016
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5DMkII
  • Objektiv:
    Canon EF 24-70 2.8L USM
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Misc  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=59894]
Kommentar vum Fotograf:
Viru kuerzem ass de ganzen Grupp vun de Péitenger Guiden a Scouten op Wolz gefuer fir dass all d'Branchen hir Montée konnten maachen.
Bei der Montée ginn d'Kanner an déi Jonk vun enger Altersgrupp oder Branche an déi driwwer. Dertëschent gëtt et eppes ewéi en Opnahmeritual, eng kleng Aufgab, e Spill oder eng Missioun.
Meng Haaptaufgab um Weekend war déi Jonk ze encadréieren, awer heiansdo konnt ech e puer Fotoen schéissen. Fir de Rescht, kuckt op LGS Péiteng.
Abacab 28.10.2011 - 22:52
Di 1te fannen ech absolut super genial! Zemol well se mech un e Camp vun den Zolwer Scouten virun 30 Joer zu Bettel erënnert smile
Di aner zwou weess ech net esou richteg anzeklasséieren.
Mée op LGS Péiteng sinn nach e puer Gudder dobäi!
gloda 15.11.2011 - 18:09
Merci fir de Feedback. Wat ass dann an der éischter wou dech un den Camp erënnert? Hues de do ee kennegeléiert?
gi87 29.10.2011 - 12:24
Flotte sujet, fannen just bei da eichter fehlt licht e bessen kontrasst, sie kennt ma licht schwach an den Detailer vir..soss di 2 anner sin flott gin. Mir gefallet dei 3ten am bechten aus da Distanz.
gloda 15.11.2011 - 18:10
Ech kann probéieren lokal d'Kontraster ze änneren. Wann ech global schaffen verschwannen e puer Detailer (zB den Schal) am Schwaarzen. Mä éierlech gesot fannen ech am Fong geholl dass déi méi duuss Téin bei den Sujet vun der éischter Foto passen. Wat mengs du?
gi87 15.11.2011 - 21:34
Stemmt gesait een gudd um Schaal, Stemmt navell hun mesh nach enkeia mei an ambiance vum Bild versat an muss wiekleg soen dass dei Duus Farwen schein och mam Hannergrond Harmoneieren, an och dem mei Itimen Moment sein Charme doduercher kritt. Fannen et Passt, dass elo nix an da Farwpallette vum Bild wat engem wei an den Aaen deet, harmoneiert alles gudd madeneen smile Gief se awa esou lossen smile Lung do wuel op der falscher säit mat de Komtraster smile
nebu 29.10.2011 - 13:48
Schéin Serie. Méin perséinlechen Favorit ass déi 3 Photo...
gloda 15.11.2011 - 18:11
Ech war mer net sécher bei der drëtter. Et ass eppes wat ech nach net oft esou probéiert hunn. Wat gefält der drun?
nebu 15.11.2011 - 22:53
Also ech fannen dat Photo eppes vun enger Film Scene hutt. Ech fannen "Contre Jour" ganz Interessant. Et gesäit en net nëmmen Silhouetten an trotzdem gesäit een net Gesichter vun den Leit sou dat een kann ufänken ze interpretéieren .. zB: déi zwou Persounen déi so relax do stinn... jojo sammel dir mol Brennholz mir waarden dann hei.. .. an doduerch ass se fir mech ganz interessant..
Jean-Jos 29.10.2011 - 15:07
Montée au 7ème ciel? Exzellent déi éischt, d'Häerz ass derbäi.
Datt d'Fotoen dem Titel nët ganz gerecht gin, fannen ech guer nët schlëmm: eng flott Serie, déi vill Stëmmung eriwwerbréngt.
Lénks Patt.
gloda 15.11.2011 - 18:12
't ass wouer, vun der Montée selwer si keng Biller dobäi. Ech hat kee Blëtz mat geholl fir Owes am Bësch unhappy Merci a lénks Patt.
Kimski 07.11.2012 - 11:35
einfa top gilles smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 277 Gäscht online