Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Ballon

 
Ballon
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (17.10.2011). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    12.10.2011
  • Gekuckt:
    42665
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    30
  • Beliichtungszäit:
    1/250 sec
  • Blend:
    f/4
  • Brennwäit:
    70 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1174x729
  • Späicherplaz:
    673 KB
  • Originaldatum:
    29/09/2011 – 6:33 PM
  • Fotoapparat:
    NIKON D7000
  • Programm:
    Unknown: 0
  • Objektiv:
    24-70
Kategorie: Natur »» Landschaften
2. Kategorie: Architektur / Stiedt »» Nei Bauwierker
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=59544]
Kommentar vum Fotograf:
Ech weess, et muss ee méi genau kucken ier een de Ballon geséit. Mee de Ballon war den Ausléiser fier des Foto. Hunn deen duerch Zoufall aus der Bürosfenster geknipst. Hoffen se gefält.
Drop klicken w.e.g.
Dynax 12.10.2011 - 16:50
Du hues also eng flott Vue aus der Bürosfenster. Eng flott Foto awer och bedingt duerch den scheinen Himmel.
Abacab 12.10.2011 - 20:13
Merci Dynax, d'freet mech wann se gefältsmile
Pit 12.10.2011 - 17:45
Hunn den Balon fond smile
Mee den Ausbléck hues de jo nët méi laang....
Abacab 12.10.2011 - 20:16
Jo Pit, du sees et, mett November ass et erriwer mat der flotter Vue, dofir hunn ech se nach esou oft geknipst, um neie Site knipse mer dann d'Fliegeren closed_eye
Jeanny 12.10.2011 - 18:40
eng herrlech Vue hues de, ganz flott
Abacab 12.10.2011 - 20:18
Villmools merci Jeanny bigsmile
Scorpius 12.10.2011 - 19:41
Wau, also tütonguepelschen um i as natielech dee Ballon an der Mett, me fannen dat ganzt Bild schein proper an ausgeglach. War dat eng serie mat verschiddenen hellechkeetsstufen oder net ?
Abacab 12.10.2011 - 20:24
Villmools merci Scorpius, nee et war eng enzel Raw Foto déi ech am PS beaarbecht hunn. En HDR mat Serie wier schwéier ginn wéinst dem Ballon déen sech relativ schnell bewegt huet.
spackelter 12.10.2011 - 20:53
Dei Vue as nët schlecht!
Leider kritt een hei an der Staadt keng Foto mei gemaat ouni Kran ....
ma, mei Gott, daat gehéiert eben derzou.
Gefällt mer op alle Fall.
Abacab 12.10.2011 - 21:12
Merci spackelter, hunn e Moment dru geduecht fir de Kran an de Bagger an Toilett ewechzestempelen, an do hunn ech mer geduecht dat gehéiert mettlerweil zum Stadtbild dozou closed_eye
gloda 12.10.2011 - 20:56
Duerf ech déi eng Kéier an de Photoshop huelen?
Abacab 12.10.2011 - 21:07
Jo gären, klär mech w.e.g. op, hunn näischt léiwer ewéi eng knallhart Kritik, well nemme sou kann ee béiléieren...an et eng Kéier besser maachen closed_eye
gloda 12.10.2011 - 21:18
Ech hunn e puer Minutte mam Bild gespillt. Hei ass d'Resultat (temporär gehost):
http://dl.dropbox.com/u/8712552/Ballon by Abacab.j...
Manner ass méi an der Fotografie. Däi Bild weist eng immens flott Zeen mat engem Bësch, Gebaier, engem Ballon an dem Himmel. Dat sinn déi wichteg Saachen am Bild. Alles anescht, well et net dozou bäi dréit, lenkt of. Fort domat. (Kranen, Leitungen, eidelen Himmel). Iwwert den Himmel kann ee soen dass en dem Bild Fräiraum a Balance ginn huet. Kee Problem, ouni de Crop ass och gutt.
Dem Bild huet et e bëssen u Kontrast gefeelt. Am Bësch gesäit een och schonn flott Faarwen, do hunn ech e bëssen d'Rout- an Orangetéin eraus geholl.
Den Ballon ass en wichtegen Deel vum Bild a koum net genuch zur Geltung. Ech hunn en e bësse méi grouss gemaach.
Abacab 12.10.2011 - 21:38
Wow! Ech si begeeschtert vun dengem...mengem Bild. Ech hunn e besschen méi lang ewéi e puer Minuten drun geschafft an hu geduecht ech hätt alles aus dem Bild erausgeholl...Villmools merci, ech gi mech nach e besschen drun closed_eye
gloda 12.10.2011 - 21:40
Vill Spaass smile
Abacab 13.10.2011 - 16:49
Nach emol merci gloda, mee dat mat deene puer Minutten musste mer emol weisen, well ech war e besschen méi laaaang am gaangen closed_eye
ZachOry 13.10.2011 - 14:39
oft as et esou, an dann freet een sech wei deen aneren daat gemeet hot, oder firwats du net selwer dorop komm bas hehe .)

also: beigeleiert smile

LG
ZachOry
Schluck 13.10.2011 - 12:48
Super, gloda .. cool dass de dat gewissen hues
Schluck 13.10.2011 - 12:50
Immens flott Aussicht hues de do

Dass ënnen d'Bunn stéiert wollt ech och soen mais wann ech awer lo gesinn wat den Gloda nach aus dengem Bild erausgeholl huet ...
Abacab 13.10.2011 - 16:43
Merci Schluck, dank dem Gloda sengem Kommentar hunn ech d'Foto ganz nei bearbescht!
ZachOry 13.10.2011 - 14:40
Top di dooten !

Verbesserungsfierschlei kruus de smile sen mat deenen aneren aferstaanen. mee och esou gefällt ma se well zimlech gudd

LG
ZachOry
Abacab 13.10.2011 - 16:44
Merci ZachOry, hoffen se gefält elo besser smile
Abacab 13.10.2011 - 16:40
Hunn d'Foto ersat an hunn probéiert dem Gloda sengen Virschléi emzesetzen! Elo gefält se mer vill besser. Hoffen ierch och closed_eye
Pit 13.10.2011 - 16:42
Jooo, den Balon ass weidergeflunn smile
Zora 13.10.2011 - 20:31
Schon alleng well ech dei verpasst hun, ass se een Fav wert, also immens deng Foto, do stemmt fir mech allesclosed_eye
Abacab 13.10.2011 - 21:20
Villmools merci Zora bigsmile
He-Lx 13.10.2011 - 20:48
E spannende Moment erwëscht
Abacab 13.10.2011 - 21:20
Merci Heng smile
tennes 27.10.2011 - 16:15
kann den aneren just zoustemmen. do hueste eng enzegarteg fotosmile
Abacab 27.10.2011 - 16:40
Merci tennes bigsmile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 495 Gäscht online