Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Sie sinn an d'Liicht gangen...

 
Sie sinn an d'Liicht gangen...
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (01.10.2011). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    01.10.2011
  • Gekuckt:
    22432
  • Favoriten:
    3 (Wen?)
  • Kommentarer:
    33
  • Beliichtungszäit:
    1/500 sec
  • Blend:
    f/4.5
  • Brennwäit:
    22.5 mm
  • ISO:
    80
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    800x534
  • Späicherplaz:
    406 KB
  • Originaldatum:
    2011:10:01
  • Fotoapparat:
    Canon PowerShot S5 IS
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Digital Art »» Allgemeng  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=59288]
Kommentar vum Fotograf:
US Militärkierfech an der Normandie
rabbit 01.10.2011 - 22:14
Hass de cool verschafft, hat irgendswéi een 3D effekt!
Pit 01.10.2011 - 22:26
Merci.
Gibbes 01.10.2011 - 22:15
Net schlecht waer ennerdriwen
Pit 01.10.2011 - 22:26
Merci gesot.
ZerberuZ 01.10.2011 - 22:21
autsch .. daat muss een gaeren hun fier dass et engem gefaellt .. sorry
Pit 01.10.2011 - 22:26
Dat ass richteg
Zersch 01.10.2011 - 22:35
Deng Foto fannen ech gudd , deen Effect wou daat Liicht hierkënnt guer nët. Wanns de do hannen am plaaz daat foarwegt Gepixels , gesäit aus wei mat der Spraydous am 2-foarwegen (sorry) en gläissend Liicht higemeet häss (z.b) hätt ech se de Glanz fonnt. Schued , well Foto un sech fannen ech s** gudd.
Pit 01.10.2011 - 22:36
Merci fir den s**gudd, dat anert probéieren ech dann demnächst mol ....
Zersch 01.10.2011 - 22:41
Et as just meng Meenung/Idde , wei gesoot kéint mer daat dann sou virstellen! Ob's de Gras vun der Luucht dann weiss mess oder gring léis ? ADG. Geing mech freen se sou dierfen ze gesin. (Mach der awer weint mär lo keng Arbescht closed_eye
Pit 01.10.2011 - 22:47
Sou besser ?
Zersch 01.10.2011 - 23:07
Yessss ! Lo as se TOP. Meng Meenung !
Pit 01.10.2011 - 23:18
Merci, och fir den Fav smile
Zersch 01.10.2011 - 23:21
Tjo , Sonndes moies fréih , uups , sorry Samsdes owes spéit nach schaffen louhnt sech closed_eye Gär geschitt , gefällt mer lo halt gudd.
Poly 01.10.2011 - 23:57
mmh, Iddi ass zwar net schlechtsmile ,
ech sinn zwar e fan vun kneschtfaarwen, mä Mëtt ass trotzdem iwwersiedegt, an den Halo an de Beem an iwwer de Kräizer och net esou dat unhappy
Pit 02.10.2011 - 07:57
Merci fir deng Kritik
m-otiv 02.10.2011 - 00:23
Ech fannen se ok....mech steiert nemmen den halo an de groem himmel (matt e bessi mei highlight smooting waer daat geregellt
Pit 02.10.2011 - 07:58
Merci fir deng Kritik, meng Idee war am Fong, dat déi hell Haloen (z.B. den riets) sou een Liicht ass, wat fort geet, sou Richtung Himmel geet. Um Buedem gesait een dofir och nach sou en Rëscht vun 'hell'...
Zora 02.10.2011 - 06:45
Yes Pit sou ass deng Foto nemmen mega, waat och mei dengem Titel entsprecht, super verschafft
Pit 02.10.2011 - 07:58
Merci, freet mech, dat se der gefält, merci fir den Fav. smile
bigmama19420205 02.10.2011 - 09:29
immens gut bröcht smile
Pit 02.10.2011 - 09:35
Merci gesot smile, och fir den Fav
Zersch 02.10.2011 - 10:14
Ech verstin nët vill vun der HDR Technik, erlaaben mer awer trotzdem mech ze erklären firwaat ech se sou gudd fannen. Dei sougenannten Haloen , an desem Fall am Himmel an iwert den Kräizer duercht ech wieren bewosst esou gemeet fir den Titel vun der Foto méi ze ennersträichen , d'Séilen vun den Doudegen , kommen aus dem Graaf iwert Kräizer eraus an gin an d'hell Luucht endgülteg heem. Wann een et esou gesäit , wei ech an desem Fall , fannen ech se de Glanz. Irgendwei as et awer flott wei hei erem Meenungen esou auseneen gin , daat beliewt dach den Site bigsmile. Et bleiwt ewei munch Foto hei alt erem ADG.
Scheinen Sonnden ierch all bigsmile
Pit 02.10.2011 - 13:50
Hey, sou hunn ech dat och gemengt...closed_eye
Dann sin ech frou, dat meng Idee och riwer komm ass.
Richie 02.10.2011 - 10:29
Cool. Huet e bëssen eppes vun Master of Puppets Album
Pit 02.10.2011 - 13:50
Merci smile
xaph32 02.10.2011 - 10:31
ech fannen d'kompositioun gutt, sin awer der meenung dass den hdr alles kapott mëcht, dat selwecht hätt een ouni hdr besser hikritt.
d'haloen sin nët nëmmen iwwer den kraizer me och an den äscht vun den beem an dofir stéiert et nach méi well den himmel (furchtbar hdr-gro) guer nët méi homogen ass. kënnt nach dobai dass och immens vill detailler an grëngen beraich duerch d'bea ausgefriess sin. e klassëcht beispill also wou eng gutt technik e gutt bild zerstéiert. meng menung...
Pit 02.10.2011 - 13:52
Merci fir deng Meenung.
Wat Haloen ugeet: déi sinn genau do, wou ech se hin wollt hun, och an der Stärkt. Dat 'Liicht' soll ausgefriess sinn, well wann's de an eng Liichtquell kuks, ass eben alles ausgefriess (probeier mol an en Scheinwerfer ze kuken an dann nach eppes do ze erkennen, mengen lo sou eppes em 1000 Watt) Den Himmel war gro, passt och fir mech hei. Hei huet eng gudd Technik, en zimlecht schlecht Bild gerett, HDR ass hei agesaat gin, well ech alles wollt, ausser enger Saach, et sollt op keen Fall realistesch ausgesinn, an dat ass et jo och net. Ech empfannen Haloen nët als 'Fehler', soss muss een all Popart, Lowkey, Highkey asw Fotoen och als 'Fehler' gesin. Fir mech ass ët éichter en gestalterechen Moyen, déen een asetzen kann.
Abacab 02.10.2011 - 13:40
Wann eng Foto esou vill kommentéiert gett, dann huet se eppes, an des Foto huet eppes..., mat oder ouni Hallo'en closed_eye Mer gefält se super!
Pit 02.10.2011 - 13:52
Merci, dann sin ech berouecht smile
blende11 04.10.2011 - 20:11
TOP gemacht....mein gout....loos se all mat hirem Hallo....an mach einfach wat der gefällt ...et sin all déi Neider déi engem op den Kécks gin.....hei houet jidferén en Recht op seng fréd..... op SUPERPROFI oder Knipsert ...fir mech sin se all wellkomm......!
ciao
Pit 05.10.2011 - 12:43
Merci,
freet mech wann se der gefält. smile
Ech machen d'Saachen esou, dat se mir gefalen, fir konstruktiv Kritik sinn ech ëmmer op.
No_Saint 05.10.2011 - 22:13
Ech gesinn däi Bild e bëssen anescht:
Sie sinn am Krich krepéiert an hire Loun war e wäisst Kräiz op enger grénger Wiss.
Ech gesinn an dengem Bild eng gelonge Persiflage op déi Heroiséirung déi mat deene Kierfechter bedriwwe gëtt.
Hei wierken Kräizer wéi aus Plastik an d%u2019Wiss wéi iwwerlappend Konschtwuessmatten
Hunn an der Normandie och d%u2019Kierfechter vun de Géigner gesinn a fannen déi vill méi dezent a pietätvoll.
Op deenen heiten fënns'te de ganzen Dag kee Moment Rou, well%u2019se permanent am gaang sinn d%u2019Wiss ze méinen.
Pit 06.10.2011 - 08:31
Merci fir déin Kommentar. Tjo, déi, déi am Graf leien, därft et an Zweschenzait egal sin, wéi schéin oder ellen hiert Kraiz ass oder Wiss geméint ass....Resultat war schlussendlech fir jidereen dat selwescht.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 345 Gäscht online