Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

The Dark Side

 
All Fotoen an dëser Serie:
22005 Thumbnail
22006 Thumbnail
22007 Thumbnail
22008 Thumbnail
The Dark Side
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    28.09.2011
  • Gekuckt:
    13731
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    14
  • Originaldatum:
    08/2011
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 400 D
  • Objektiv:
    Canon EF-S 60mm Macro
Kategorie: Déieren »» Wëll Déieren  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=59227]
Kommentar vum Fotograf:
Hello alleguer!

Ech probéieren emmer nach méng Macroen ze perfectionnéieren fir souvil Schärft wéi méiglech raus ze kréien fir d'Motiv sou gudd et geet an de Viedergronn ze récken, an dobäi en total schwarzen Hannergronnd ze behaalen.

Mat komplett zouener Blend an kuerzer Verschlosszäit hun ech bei desen Fotoen a méngen Aen déi Richteg Kombinatioun getraff. Gekoppelt mat TTL Beliichtung vu méngem Blëtz fannen ech se guer net mol sou schlecht.

Pour info:

Nr 1 : Flank vun engem Borstewuerm
Nr 2 : en Mérou (relativ heemleschen an virwëltzegen
Fësch
Nr 3 : eng Rascasse (oder Skorpiounfësch)
Nr 4 : eng sôle (mol eng Kéier anescht wéi um Teller)

Enjoy! ;-)
g3ckko 28.09.2011 - 16:44
Immens dei Qualiteit! Den heemlechen Fesch gefällt mer am beschten, eleng well en net esou wierkt smile
Locke 28.09.2011 - 18:08
schléisse mech där un smile
Nemo 29.09.2011 - 09:31
Merci Jungs !

Den Merou wierkt op dear Foto definitiv net esou, mee kann der versecheren dass et wirklech en friedlecht Déier as. closed_eye
Zora 28.09.2011 - 18:09
Super dei Schärft, immens Obnahmen, fott
Nemo 29.09.2011 - 09:30
Merci gesot ! closed_eye
Jeanny 28.09.2011 - 18:47
einfach faszinant an herrlech unzekucken Nemo, se gefale mir alleguer ganz gutt
Nemo 29.09.2011 - 09:30
Merci Jeanny smile
Scorpius 28.09.2011 - 22:08
Spektakulär an de Farwen/Schärft di eicht
Nemo 29.09.2011 - 09:29
Thanx closed_eye

Déi éischt as och main Favorit.
Abacab 28.09.2011 - 22:19
Immens, super, faszinant a spektakulär ass schonns gesot ginn, da fehlt just nach otemberaubend... dat passt jo och nach irgendwéi closed_eye

Nemo 29.09.2011 - 09:29
Merci Abacab closed_eye
Pit 28.09.2011 - 23:30
Ganz flott an interssant Serie, dat kann jo nët jidderen einfach mol sou fotograféieren...
Nemo 29.09.2011 - 09:28
Merci Pit !

Mat bessi guddem Wëllen an vill vill Übung geht daat och closed_eye
Pit 29.09.2011 - 18:58
Ech hunn léiwer, du mess déi do smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 222 Gäscht online