Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Stéphanie | Phototalk Mai

 
All Fotoen an dëser Serie:
20018 Thumbnail
20019 Thumbnail
20020 Thumbnail
20021 Thumbnail
20022 Thumbnail
Stéphanie | Phototalk Mai
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    08.08.2011
  • Gekuckt:
    34197
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    15
  • Originaldatum:
    05 Mai 2011
  • Fotoapparat:
    EOS 50D
  • Objektiv:
    17/85 f4/5,6 an 70-300 f4/5,6
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher
2. Kategorie: Events »» Photogen Meetings
Extras:
Marc mam Gaardeschlauch ;)

Fir anzesetzen: [pg_img=58005]
Kommentar vum Fotograf:
05 Mai 2011

Un engem frëschen 5te Mai gouf e méi speziellen Phototalk organiséiert, an zwar e Reenshooting mam Stéphanie zu Lënster fierum Clubsall.
D'Stéphanie hat sech wacker an der Kéelt geschloën et war mier mat der Jacket och schon frësch gin.

Hu mech hei un näi Sache getraut, silhouette, geigeluut,s/w an Nr 5 désauturéiert.

Waat haellt dier heivunner, waat kinnt ech verbesseren?
Miisamm 08.08.2011 - 22:39
Fannen 1 an 5 am scheinsten, geif vläit bei der 5ter bessen deen orangen toun raushuelen, wahrscheinlech adg. 4 Gesäit aus wei wann et zu esch ennert der Breck geif stoen, wou den Gtaddei an de Nagarjuna geknippst hun tongue
gogo 08.08.2011 - 22:49
Merci, ech kucke mer daat mat der 5ter nach eng Keier un.

net schlecht di Verbindung closed_eye

daat war och méng eischt impressioun, wou ech se deemols op de PC gelueden hat, dass do een mat der trennschaiw amgaangen war anstatt Reen
Laurent76 09.08.2011 - 13:59
mir gefällt nr 2 am beschten...
DiGGi 16.11.2011 - 19:57
Nr.5
Déi fannen ëch flott gelongen.
den Spehiatoun gefällt mir!
gogo 17.11.2011 - 11:21
Merci Yves,
daat ass och mein perseihnlechen Favorite
DiGGi 17.11.2011 - 19:20
ma dann ab domadder an deng Gallerie bei Photoshoot closed_eye
DiGGi 16.11.2011 - 20:01
Nr.3
Hues de och gudd gemaach!
Haas de schons mol probéiert matt der Hellegkeed an Sättegung ze spillen? Do kanns de méi een "haarden" Kontrast rausschloen.
Kleng Kritik: ëch hätt mam Verflüssigungstool déi lënks Sait vun der Heft méi schlank gemaach. Ass awer "affaire de gout".
gogo 17.11.2011 - 11:27
Merci,
effektiv, mat der Sättegung hun ech nach net gespillt, war eng vu mengen eischten s/w Foto'en desen Tipp den hoelleft mer secher weider nach.

Hat war schon ganz schlank, mais ech verstin waats de mengs smile
Ech versichen daat mol fir mech, fier den Effekt ze gesin, allgemeng si pickelen & co daat eenzegt waat ech un enger Persoun wegretoucheiren/aenneren, mais ech kucke mer et mol un. Merci
DiGGi 17.11.2011 - 19:28
Bitte gerngeschehen, Chris closed_eye

Och wann een Meedchen schlank ass, kann ëtt virkommen, dass duerch d'Posen d'Gezeih esou fällt, dass een mengt d'Meedechen oder d'Model hätt op deenen Plaatzen "Probleemzonen".
pho-taux 26.11.2011 - 01:46
cool Fotoen!
Fannen di 3. an di 4. am beschten, di roffaalend Waasserdrepsen sin menger Meenung no do ganz gudd gelongen!
Iwwregens: wéi kris du dat hin mat den Drepsen? Wat benotzs du do fir Material/Astellungen?
gogo 26.11.2011 - 22:29
Daat freet mech ze héieren.

zu den Astellungen:

3) 1/200 sekonn f5,6 ISO400
85mm mam 17/85mm
4) 1/80 sekonn f5.6 ISO400
165mm mam 70/300mm

an daat alles mat menger 50D, mei war do net am Spill.
Awer ausschlaggebend war mengen ech dass ech am contre-jour photographéiert hun, d'Sonn stoung firu mier riets, an war bei desen 2 Foto'en kuerz virum ennergoen, dowéinst ennert annerem och den ISO400.

Merci fir däin Feedback
pho-taux 27.11.2011 - 16:35
Merci!
Jo, dat kann gudd sin datt d'Géigenluucht eng wichteg Roll dobäi gespillt huet. Ech kéint just dorop an op d'Astellungen vertrauen wann ech dat mat den Waasserdrepsen mol probéieren, ech sin mat enger 1000D e besse mi schlecht ausgestatt wis du.
gogo 28.11.2011 - 18:44
daat geet schon, du muss lo just en Opfer fannen daat bei desen Temperatueren sech naas spretze léisst bigsmile
pho-taux 29.11.2011 - 19:45
haha joclosed_eye mee versichen et scho mol ouni menschlecht Motiv!
gogo 26.11.2011 - 22:14
ups duebelpost smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 249 Gäscht online