Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Pulling Faces

 
All Fotoen an dëser Serie:
20008 Thumbnail
20009 Thumbnail
20010 Thumbnail
20011 Thumbnail
20012 Thumbnail
Pulling Faces
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    08.08.2011
  • Gekuckt:
    19850
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    7
  • Originaldatum:
    20110803
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5DMKII
  • Objektiv:
    Canon EF 50mm 1.4
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Expressioun
2. Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Street
Extras:
Canon Speedlite 580EXII
Coco Ringlight Adapter

Fir anzesetzen: [pg_img=57999]
Kommentar vum Fotograf:
Dës Fotoen hunn ech am Kader vum Photogen StreetBattle gemaach, wou mer eis getraff haten fir an der Staat Streetphotografie ze üben. Déi hei Iddi hat ech scho méi laang am Kapp an dëst wor dass eng gutt Geleeënheet fir mol nees eng Kéier op friem Leit duer ze goen fir spontan Portraiten ze maachen.
gloda 08.08.2011 - 20:05
E puer Bemierkungen: Et dierft jidderengem kloer sinn dass dës Fotoen net am verstoppten gemaach goufen, ech hunn och all Kéiers dono den Accord gefrot fir d'Biller dono ze verëffentlechen. Den Ënnerscheed zur normaler Streetfotografie ass dass een d'Leit muss uschwätzen, wat ëmmer e bëssen Iwwerwannung kascht.
An engems muss een drun denken dass déi Leit dee Moment aner Saachen am Kapp hunn. Fir keng Zäit ze verbëtzen sinn ech dann relativ séier op de Punkt komm: Ech hu mech virgestallt a gesot dass ech vu mengem Fotosclub eng Missioun krut, dunn hunn ech gefrot ob ech d'Leit dierft fotograféieren fir meng Aufgab ze erfëllen. Zwee Sätz, da kënnen d'Leit decidéieren ob se Zäit hunn.
Fir mat der Iddi vun de Grimassen awer net mat der Dier an d'Haus ze falen hunn ech ëmmer fir d'éischt eng "normal" Foto gemaach, an eréischt dono hunn ech gesot: "Elo weist mer w.e.g. är Lieblingsgrimass!"
P.S.: Ech hu deen Owend keng Damm fonnt déi wollt mat maachen.
P.P.S. Ënnert dësen Hären ass ee Member vu Photogen an ee fréiere Proff vu mir. Fannt der se? smile
ZerberuZ 08.08.2011 - 20:08
ganz flott an interessant ... deen ganz riets kennt mer bekannt fier bigsmile
Zora 08.08.2011 - 20:11
Hrrr, hrrrr super, jo wei den Zerberuz misst deen ganz riets den Pg Member sin, gud Iddi gloda
JohnJ 08.08.2011 - 21:26
Flott Idee, 4 ass mein Favorit well do Aan schuarf sin ann et een aalen Bekannten ass closed_eye
Fannen daat emmer mei flott bei Portrait och wann hei Thema eischter "Schuffen" maachen ass.
suraki 08.08.2011 - 22:08
richteg gutt dat doten, an ech weess och ween ... *gg*

Miisamm 08.08.2011 - 22:31
Deck witzeg dei do smile. me likes tongue
gtaddei1 08.08.2011 - 22:46
fannen N5 am scheinsten well daat "aparemment " den Jengsten vun allen ass
N 3 ass dei Diskreetst Grimace vun allen

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 370 Gäscht online