Kommentar vum Fotograf:
Dëss Foto hun ech un sech lo net direkt ropgelueden fir d'Leit un der Ennerwaasserwelt ze begeeschteren, mee einfach well ech fannen dass se a méngen Aen fototechnesch immens gelongen as.
Hu lo main neien Blëtz souwait am Grëff dass ech mat manuellen Korrekturen um Flash selwer an e bessi Gespills mat Blend an Zait genau DAAT beliicht kréien waat ech well fir sou en Resultat ze erzielen.
Fannen déi minimal Beliichtung an den daichteren Hannergrond deen draus resultéiert gin der Foto eng düster Atmosphere déi gudd bei d'Motiv passt an déi mir perséinlech (an ech hoffen net nemmen mir !!) ganz gudd gefällt ;-)