Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

op en elo ...

 
op en elo ...
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    20.07.2011
  • Gekuckt:
    19999
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    17
  • Beliichtungszäit:
    3/10 sec
  • Blend:
    f/5
  • Brennwäit:
    35 mm
  • ISO:
    3200
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    -0.66666666666667 EV
  • Gréisst:
    1000x710
  • Späicherplaz:
    359 KB
  • Originaldatum:
    2011:07:20 13:07:14
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5D Mark II
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Street
2. Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Misc
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=57572]
Kommentar vum Fotograf:
... vun sengem héige Päerd fält,
oder vum klengen Iesel rëtscht,
et det ëmmer wéi, ................. ;)
Nicon07 20.07.2011 - 14:24
Sorry, Ed, mais no déngem Bild vun der Auszeit zu Metz an der Gare, wat ee Bijou ass, sin ech hei awer elo manner iwwerzeecht. Ech verstin de Message net sou ganz. An d'Bewegungen an d'Bléckrichtungen am Bild komme mir och e besse chaotesch vir. Do brauch ech eng Stäip fir dat Bild ze verstoen. Do fotograféiert ee lénks zum Bild eraus, do froen ech méch: Wat fir eng Bedeitung huet deen an deser Foto? Do steet eng eidel Poussette vu fréier. Ass déi ee Bestanddeel vun enger "Installatioun"? Wa jo, wéi ass den Zesummenhang mat deem Pärd, dat iwwert dem Kannerbettche schwieft? Do si Leit verwëscht an der Foto, wouvunner déi hei vir de Schied vum Hänging Horse zum Deel bedecken, deen ech interessant fonnt hätt. Rechts steet eng Koppel, déi een net an d'Gesiicht gesäit...

Sou! Nodeems ech dat hei da geschriwwen hun, an dodurch méch intensiv mam Bild beschäftegt hun, entdecken ech dach op eemol Saachen do, déi maachen, datt ech et awer net sou schlecht fannen, wéi dat méng éischt Impressioun war:
De Fotograf lénks kuckt zwar an di onübléch Liesrichtung vun der Foto fir eis Westeuropäer, mais d'Objektiv vun der Kamera ass jo eppes, wéi ee Staubsauger, deen ee Sujet an séch eranzitt. Deemno ass do d'Bewegung vu lénks no rechts dran. Da gesäit een, datt de Fotograf keng Been huet, mais eng Poussette als Fortbewegungsglidder Zwee Rieder: bi cycle.bigsmile De Grëff vun der Poussette weist dann no uewen op dat Pärd (e Gaulbigsmile ), an déi verwëschte Leit ënnendrënner schingen sou séch aus dem Stëbs ze maachen, well jo d'Pärd kéint op se trëllen. closed_eye An dann di Leit rechts, déi een net an d'Gesiicht gesäit an déi no rechts aus dem Bild op de Buedem kucke, schléissen dat Ganzt mat enger Note vun Desolatioun an Enttäuschung of. An dann erschléisst séch mir eng Iddi, fir de Begleedtext ze interpretéieren: Di Foto hei beschreift d'Situation, di momentan, vun eisen zwee Cräcken am TdF, déi jo och um héiche Pärd souzen a geschter bal vum Drotiesel gefall sin, wéi se op de Buedem vun den Tatsaachen zréckgeholl gi sin. De Carolus Equus wärt séch am Graf ëmdréinen...

closed_eye
suraki 20.07.2011 - 17:12
wow Nico, ... esou vill hunn ech selwer net am Bild gesicht.

Natierlech ass et eng Uspillung un all déi Leit, déi sech esou immens wichteg an onerreecht fannen, déi ëmmer alles bei Anere siche ginn an sech selwer onfeelbar duerstellen. Do kann elo jiddereen sech e bëssen Gedanken iwwert sech selwer oder e bësse méi wéit maachen.
Et ass allefalls net fir en bestëmmten gemengt smile Wann en e bësse Voyeur ass, jo ech ziele mech och derzou, da gesäit een jo op all Eck, sief et privat, op der d'Schaff oder dobaussen op der Strooss an och hei, déi verrécksten Zeenen ?

Däi Kommentar Nico wonnert a freet mech zugläich. Meng Iddi hanner dem Bild, war dat deen, den hätt kennen um Päerd oder Iesel setzen .... net esou wichteg war dat iwwerhaapt iergendeen hei um Bild no him kuckt. Also war e net esou wichteg wéi en sech selwer geholl huet.
Dee mam Fotoapparat huet et net emol derwäert fonnt him e Bléck ze schenken . Déi Koppel riets , deenen ass et egal. Déi verweschten Koppel hei vir, déi schnell lanneschtlafen, ... d'Liewen ass esou hektesch an interessant, et gëtt wichteges ewéi en den grad op d'Nues gefall as.
Kuerz,... e Sall voller Leit , jiddereen gesäit seng kleng Welt an huet seng kleng Problemer, et interesséiert keen sech richteg fir den aneren. A virun allem ass Den den um heige Päerd stutz, ( et fält jiddereen.... eng Saach vun der Zäit ;) ) alleng a net esou wichteg ewéi en sech selwer geholl huet.

(Ob dat heiten Bild elo méi schlecht oder besser ewéi anerer vu mer soll sinn ... mag sinn, e Verglach vun virrechte Biller Nico, maachen ech selwer awer ni smile ëmmer queesch duerch de Bësch :D )

Fir mech nëmmen e Schnappschoss, wou jiddereen sech kann, oder soll, oder och net, seng Gedanke maachen, ... méi net smile smile
Nicon07 20.07.2011 - 17:28
Genau sou, Ed. An dat ass et jo, wat ech, iwwert dem Schreiwe vu méngem Kommentar no an an dénger Foto fonnt hun. Ech wollt awer sou éierléch sin, an den Ufank vu méngem Kommentar stoe loossen an net nodréigléch nach änneren.

Et ass jo keng Schan séng Meenung ze änneren an och nach derzou ze stoen, gedu!?
suraki 20.07.2011 - 17:49
En den sech d'Méi gëtt e Bild richteg ze kucken, an dann och nach ze kommentéieren, huet ganz bestëmmt och d'Recht et net gutt ze fannen smile
Nee Nico, ech fannen et richteg gutt, dass de den Ufank stoe gelooss hues. An och wa nëmmen den éichten Absatz do gestanen hätt, wär ech falsch hei op der Platz, wann ech doriwwer beleidegt gewiergt wär !
Zora 20.07.2011 - 19:11
Hei steet esou vill, also ganz kurz, deen aarmen Iesel, gud gesin an festgehaalenbigsmile
Maimonides 20.07.2011 - 19:52
Als Dikricher, Zora,
kennen ech d' Ieselen.
Déi sinn méi zéi
wéi een mengt.
An si hunn e Kapp wéi en Ues.
smile
Zora 20.07.2011 - 20:03
Ahhh, Dikrecher sin Ieselen???tongue, nee nemmen een Witz, deen hängt awer schon blöd doclosed_eye
Maimonides 20.07.2011 - 20:16
Dat ass deem egal, Zora,
an ameséiert sech driwwer
wéi di beschäftegt Zweebeener
sech um Buedem behuelen.
Haaptsaach hien kritt seng Muert.

Zu Dikrich sinn et well Eeselen ginn
wou nach keen vun Esch geschwuat huet.
closed_eye
Zora 20.07.2011 - 20:29
Keen Wonner wan se all zu Dikrech sinbigsmile
Maimonides 20.07.2011 - 20:47
All sinn se net hei,
mol net di meescht.
Mais deenen di hei sinn,
deenen gefält et hei:
eng ganz Parti sinn der
och schonn erëmkomm.
closed_eye


suraki 20.07.2011 - 22:10
merci och dier Zwee smile smile
Jeanny 21.07.2011 - 07:15
de Goldiesel streck mech smile, do hänkt hien, a kuckt op eis an op säi Gold erof, ganz flott festgehalen Edy
suraki 22.07.2011 - 17:39
merci Jeanny, hues du och e puer goldeg Stecker opgeraf closed_eye
Jeanny 22.07.2011 - 19:20
net opgeraf awer fotograféiert Edy,smile
suraki 01.08.2011 - 19:27
smile
He-Lx 31.07.2011 - 21:27
Nëmmen net upaken. Och net fir him opzehëllefenclosed_eye
suraki 01.08.2011 - 19:27
Mätsch waren se do Henry closed_eye thx

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 413 Gäscht online