Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

méi al Leit ...

 
méi al Leit ...
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    17.07.2011
  • Gekuckt:
    35150
  • Favoriten:
    3 (Wen?)
  • Kommentarer:
    34
  • Beliichtungszäit:
    1/100 sec
  • Blend:
    f/4.5
  • Brennwäit:
    105 mm
  • ISO:
    320
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    -0.33333333333333 EV
  • Gréisst:
    1000x667
  • Späicherplaz:
    494 KB
  • Originaldatum:
    2011:07:17 15:13:08
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5D Mark II
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Digital Art »» Mënschen an Emotiounen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=57492]
Kommentar vum Fotograf:
setzen doheem virun Fernseh an interesséieren sech fir néicht méi,
iwwert wat soll en mat hinnen dann diskutéieren?
Konscht an Kreativitéit ass vir eng aner Generatioun.

A nach vill anere Quatsch ..... ass mer duerch de Kapp gaangen,
ier ech dest Bild wat ganz bestëmmt eng afdg ass , gemaach hunn.

E flotten Daach mat Frënn zu Metz an en decke merci un d'Jeanny fir d"Organisatioun ! :))

mischii 17.07.2011 - 15:40
Deng Iwwerleeungen si ganz richteg , Respekt virun deene Leit an och virun deenen déi se begleeden
Deng Bearbechtung fannen ech besonnesch gudd geroden
suraki 17.07.2011 - 17:29
jo, ouni hir Famill, Kollegen oder einfach iergendwellech Leit déi sech e bëssen em se bekëmmeren, giffen se wierklech ... op d'mannst déi kierperlech behënnert, ewéi hei ... doheem verkommen.
merci fir däin Komentar Michèle,
Poly 17.07.2011 - 16:58
fannen dat och, déi Fra sëtz jo net desinteresséiert am Stull, wéi wëllen wëssen dat si sech fir näischt interesséieren wann en hinnen näischt weist,

ech gesinn déi bea , wéi d'Bléckfeld vun enger eelerer Persoun, déi net méi alles e sou matkritt an awer ...frou ass dat en sech ëm si bekëmmert smile
suraki 17.07.2011 - 17:35
merci Poly, jo du hues et geschriwwen ...
ech hu fonnt dat dat mellt, onduerchsiichtegt an trauregt sollt erauskommen. Et sollt och net dat normalt Bild ginn.
E bëssen ewéi am richtegt Liewen, entweder gesäit en iwwert d'Bild hei ewech, bewosst oder onbewosst wat guer net schlëmm ass, oder et kuckt en et e ganz bëssen méi laang.
Maimonides 18.07.2011 - 20:34
Di 2 Statuen hei vir, Ed,
hu kee Kapp méi.
Dee Mënsch am Rollstull
huet säin awer nach.
Villäicht verstinn mir net ëmmer
wat doranner virgeet,
mais dat ass egal.
De Kapp ass privat.

Fir mech eng Top-Foto.
suraki 18.07.2011 - 20:43
et brauch e net esou wéit sichen ze goen Charel,
ech verstinn heiansdo net wat a mengem virgeet closed_eye
merci och fir de Favorit smile
Maimonides 18.07.2011 - 20:49
De Kapp bleift privat, Ed,
ob deen elo Sujet oder Objet ass
oder souguer di 2 zesummen, wéi bei dir,
heiansdo...
closed_eye
suraki 18.07.2011 - 20:51
hehe
Zampano 17.07.2011 - 20:05
fantastische Aufnahme!!
Und Deine Gedanken dazu beschäftigen mich auch oft, wo ich 30 Jahren noch keine dran verschwendet habe. Gestern noch bei einem Spaziergang durch mit Simone hatten wir das Thema. Wir Alle kommen da hin und man kann nur hoffen das man jemanden an seiner Seite hat...
suraki 17.07.2011 - 20:44
wenn es so weit ist Andy,
wird Johny hoffentlich erbarmen zeigen
und eine Sektion " über 60'zig einrichten "

als Beweis, um in diese Gruppe eintreten zu können,
muss du dann nur einen der vielen Tests die im Net
zu finden sind, bestehen. mein wirkliches Alter bigsmile
Zampano 17.07.2011 - 21:41
das wäre ja jetzt auch schon mal ein interessante Sache. Eine Rubrik wo Fotos nach dem Alter des Fotografen einsorteiert werden bigsmile
suraki 17.07.2011 - 21:47
verwackelte Bilder aus der über 50'ger Fraktion
werden dann mit Milde beurteilt *lol* danke Andy
Zampano 17.07.2011 - 22:01
und auch unscharfe Fotos kommen durch die Jury weil man ja die kleinen Ziffern auf dem Objektiv nicht mehr so gut sehen kann bigsmile
suraki 18.07.2011 - 19:14
smile
Maimonides 18.07.2011 - 20:39
...das Zittern bekommt man auch schlecht in den Griff...
smile
Miau 17.07.2011 - 20:39
Fav, ouni Zweifel...
suraki 17.07.2011 - 21:01
merci Willy, ech si wierklech verwonnert dat dat Bild hei méi
ewéi dräi Kommentare kritt huet, et freet mech awer immens smile
Maimonides 18.07.2011 - 20:41
Wat hues du eng Ahnung, Ed...
smile
Jeanny 17.07.2011 - 20:40
Wäi soll et eis am Alter ergoen .Edy
Fräier sinn Leit an der Famille aal ginn, se si gebraucht ginn a hu geschafft sou laang et goung, an haut, wann e gesond bleift ass alles gutt, a wa net?
ganz flott verschafft
suraki 17.07.2011 - 21:00
fréier hunn dräi Generatiounen an engem Haus gewunnt,
haut hu mer Schlässer wou mer alleng dra wunnen.
D'Altersheimer sinn iwwerfëllt a net méi bezuelbar,
als Optioun bleift awer nach dat noht Ausland wou mer eis "Léif"
nach hinverfrachte kennen
Jeanny 18.07.2011 - 07:06

an esou kale, sterile, moderne Schlässer wunnen se, brrrrrrrrrrrrr.
schued dass mir net erliewen wann si aal sinn, et kann net schlëmmer ginn denken ech.
suraki 18.07.2011 - 19:13
smile
hardae 17.07.2011 - 20:44
Schéi verschafft hues du d'Foto.

Zu dengem Kommentar hunn ech mir och meng Gedanke gemaach.
Ech bewonneren déi Leit, déi sech, mat vill Léift, em Mënsche këmmeren, deenen et net esou geet.
suraki 17.07.2011 - 20:50
merci Harry,
du hues Recht, ob et elo einfach nëmmen e Beruff oder eng Berufung ass, ob bezuelt an oder einfach Nächsteléift, déi
Leit hunn och meng voll Bewonnerung smile
He-Lx 17.07.2011 - 21:14
D'Madame ass mat Freed dobäi. Et ass gutt, dass endlech och fir Leit déi et méi schwéier hun e bësse méi gemach gëtt, so dass si manner ausgegrenzt sin.
Deng Beoarbechtung hëllt dem Bild déi voyeurisctesch Säit an deng Iwerleeunge ënnerstëtzen déi formal Diskretioun.
suraki 17.07.2011 - 21:21
och hei un dech, en decke merci Hengsmile
erweis du et soss, d'Madame war voll a mät Freet derbäi.
arwa 18.07.2011 - 08:03
ganz grousse Kino !
a mengen Aaën TOP.
suraki 18.07.2011 - 19:13
merci Armand, ech weess et ze schätzen smile
Nagarjuna 18.07.2011 - 19:43
Schéin Bea déi gutt bei d'Bild passt! Et ass een nëmmen sou al wéi een sech fillt. closed_eye
suraki 18.07.2011 - 20:12
heehe dat ass och richteg smile
thx Nagarjuna
weisandre 18.07.2011 - 21:53
Déi gefält mer Super,an genial Verschaaft, dat ass Foto vun der Woch fir mech
closed_eye
suraki 19.07.2011 - 16:41
merci Andre smile
orlok 27.08.2012 - 12:46
Mea culpa, mea culpa, mea maxima culpa ...
Hunn dëss Foto réischt elo entdeckt.

Mee léiwer spéit wéi nie, wéi d'Bomiën ëmmer soën an och de Mister Hobbs. smile

Eng wonnerbar Foto. E Favorit, ganz kloër!
suraki 27.08.2012 - 17:56
wow, ... merci gesot orlok , ech sinn fannen et ëmmer erëm flott an interessant wann d'Leit sech d'Méi maachen e bësse bliederen ze goen ... an dann och nach e Kommentar a Favorit! hannerloossen smile
thx orlok smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 380 Gäscht online