Deng Foto gefält mer ganz gutt, besonnesch d'Liicht wat zur Dier erafällt an da vergeet ass immens flott. De schwaarzen Hannergrond ass och passend, mä ass et net e bësse vill dees Gudden?
jo wei och de Metalbambi bemierkt, mä riets a lenks ass net méi vill drop, praktesch Kontrast méi, mä croppen kinnt e schonn nach e bëssen, merci fir de comment
Ech fannen se graad esou gudd...esou ass se intressant...wanns du se krops, verléiersdDu un inszinéierung an negativ space....ech fannen d'Balance 3/4 schwaarz 1/4 sujet perfekt esou
Dem Vito seng Iwwerleeung ass effektiv och richteg. Mee trotzdem stéiert mech den Cadrage wéi en lo ass iergendwéi...
Eng Alternativ wier wanns de d'Foto no uewen ëm 25% an no lénks ëm 30-40% vergréisseren géifs.
stemmen dem Vito absolut zou ... esou ass se vun der Opdeelung perfekt
esou Fotoen gefaale mer - liicht minimalistesch, net vill Schnickschnack, net groussarteg gephotoshopp'd, gudd Opdeelung, ... einfach nemmen gutt !