Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Madame

 
Madame
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    16.07.2011
  • Gekuckt:
    29341
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    38
  • Beliichtungszäit:
    4/10000 sec
  • Blend:
    f/6.3
  • Brennwäit:
    200 mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    -1 EV
  • Gréisst:
    732x1010
  • Späicherplaz:
    177 KB
  • Originaldatum:
    2011:07:16 22:18:32
  • Fotoapparat:
    NIKON D5100
  • Programm:
    Program
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=57474]
Kommentar vum Fotograf:
méin Respekt...
JADE 16.07.2011 - 23:07
an hei eng aaner Madame aus deem link deen ech den Mëtten an den Forum gesaat hun smile
http://stevemccurry.files.wordpress.com/2011/07/pa...


all déi Faalen ... wéi d'Linnen vun den Beem ...

all déi Faalen ... sin d'Linnen vum Liewen ...
laafen erop an laafen eroof, profondes et superficielles, Déften an Héichten, sin méi lang an och méi kuerz ...
Poly 16.07.2011 - 23:27
merci Jade hu gehofft, dat en esou e schéine Sprooch giff dobäi setzen, well doran sinn ech zimlech ënnerentwéckelt smile
merci och fir de link smile
Maimonides 17.07.2011 - 00:43
...an déi Fra schmunzelt, JADE !!!
Dat do ass de Portrait selwer vun der "dignité humaine".
Ma révérence, Madame !

Chapeau, Poly.
JADE 17.07.2011 - 00:49
ech haat baal geschriwwen, dass hiert Gesiicht "la bonté humaine" ausdrécken géing, matt deem Bléck an deem lächelen smile
Maimonides 17.07.2011 - 00:53
Mir sinn enger Meenung, JADE.
Poly 17.07.2011 - 10:07
mercie bien Maimonides, si frou dat esou verstan gëtt, a zu den favoriten zielt
Zora 16.07.2011 - 23:19
An dei Madame ass schon ganz vill aal an huet bestemmt vill Geschichten ze erzielensmile
Poly 16.07.2011 - 23:28
oh jo an nach gutt drop smile
Maimonides 17.07.2011 - 18:22
Wann et dann och nach Leit ginn déi hir nolauschteren, dann si mir villäicht um richtige Wee, Zora.
Zora 17.07.2011 - 18:25
Also ech hun menger Bôm emmer nogelauschtert, an nach mei menger Urgroussbôm.
Maimonides 17.07.2011 - 18:36
Dann bass du och um richtege Wee, Zora.
Weem solle mir och soss nolauschteren ?
Di Al waren schliisslech schonn do
wouhin mir nach mussen kommen.
Zora 17.07.2011 - 18:46
Wann mer dann nach bis dohinner kommen.
Maimonides 17.07.2011 - 18:50
"Der Weg ist das Ziel."
closed_eye
Poly 17.07.2011 - 18:57
a det mer bis haut net leed deet, zemol bei mengem Grousspapp, vun dem ech vill geléiert hunn, wat mer nach haut a gewësse Situatioun gehollef huet smile
Maimonides 17.07.2011 - 23:04
Wa mir gutt lauschteren, Poly,
dann l(h)éieren mir Eppes
vun deenen
déi schonn do waren.
Vu wiem soss ?
suraki 16.07.2011 - 23:46
wonnerbar Poly,
fir mech ganz fir béi, bei de flottsten Porträien hei op PG
besser ewéi d'Jade kann en et net soen ....wéi d'Linne vun de Beem smile

Poly 17.07.2011 - 10:10
freet mech, dat net nëmmen Technik bewärt gëtt, mä dat Biller och emol fir sech schwätzen smile
Poly 17.07.2011 - 10:15
si frou dat se zu dengen favoriten zielt
Nagarjuna 17.07.2011 - 09:08
Ech mengen hei hunn déi Aner alles schon méi schéin formuléiert wéi ech kéint schreiwen wat ech bei dësen super Portrait empfannen. Excellent Poly!
Poly 17.07.2011 - 10:12
merci och dir,
freet en wann d'Biller esou positiv eriwwerkommen smile
an och als favorit bei dir ass
Nagarjuna 18.07.2011 - 15:25
Schued... ech hat se schon als Wochenfoto gesinn... unhappy
JADE 18.07.2011 - 17:48
ma ech och unhappy

New York ass wahrscheinlech méi "attraktiv" closed_eye
Nagarjuna 18.07.2011 - 18:34
Hmmm.... Les Goûts et les Couleurs... sont énigmatiques.... bigsmile
JADE 18.07.2011 - 18:48
waat ech "EREM" ze kritiséieren hun closed_eye ass dass an deenen gewielten Wochenfotoen relativ oft daat selwescht eremkënnt, also nët esouvill Portraits ... mee daat ass eng Diskussioun fir sech closed_eye
Poly 18.07.2011 - 19:14
na ja, de besseren gewënnt, wéi am TDF
Nagarjuna 18.07.2011 - 20:04
Hmmm.... "Besser" ass een schlechten Ausdrock an ech denken d'Fotografie mat enger Course ze vergläichen och. Ech perséinlech läschen meng Fotoen emmer virun der Wochenofstemmung eben just well ech dat well vermeiden. Ech gierf d'Galerie vun den Wochenfotoen am léifsten wéi eng Vitrine vum Site gesinn. An genau an dem Sënn hätt se fir mech och doran gepasst. smile
Jeanny 17.07.2011 - 10:47
e wonnerbare Portrait fotograféiert Poly , Liewennslinnen wei an de Beem.schei beschriwwen Jade.
an dach, passt dat nach an eis modern Welt?, haut wëllt een aal ginn ouni Falen, zemools mir Fraen, eng well dach besser am Alter ausgesinn wei de aner, et gëtt jo sou vill ugebueden fir jonk ze bleiwen-
Poly 17.07.2011 - 11:05
jo, a wéi se dann oft ausgesinn, vill méi schlecht, wéi virdrun smile
ob jiddefalls net méi esou respektvoll, wei op der heiter foto éischter "lächerlech"
denk emol um Camillo Felgen séin Lidd" hab ehrfurcht vor schneeweissen Haaren"closed_eye
Maimonides 17.07.2011 - 18:31
Opgedonnert eeler Fraen, Jeanny,
grenzen un dat Lächerlecht.
Diskret den Alter kompenséiert,
closed_eye
diskret an trotzdem
sech sengem Alter bewosst sinn,
bleift
sexy.
Poly 17.07.2011 - 18:37
genee dat, zitt méi un, wéi eng Silikontussy, pardon Madame smile
Maimonides 17.07.2011 - 18:43
Och mir, Poly,
sinn hei enger Meenung.
Poly 17.07.2011 - 18:58
dat freet mech closed_eye da si mer schon zu zwee smile
Jeanny 17.07.2011 - 19:59
deier opgedonnert eeler Fraen gesinn ech ëmmer zu Cannes, kann och nëmmen doriwwer laachen.smile
ech fannen, fräier haten Fraen et mäi einfach aal ze ginn,
wei hautsmile do hu dir Männer et mäi einfacher
Poly 17.07.2011 - 20:12
mer wierken ëmmer natierlech, ouni makeup an mat d'Wuerzelen owes op den An, a keen Horror wa mer mueres aus der Dusch kommen bigsmile
Jeanny 17.07.2011 - 20:52
smile
suraki 17.07.2011 - 21:50
ähhh zwee ? .... dräi !!
Poly 17.07.2011 - 22:02
an aus bigsmile
Poly 18.07.2011 - 19:18
merci iech alleguer, fir déi flott commentairen, dat mëscht mech,grad esou frou, wéi elo onbedéngt als winner do ze stoen smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 436 Gäscht online