Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Big City Life

 
All Fotoen an dëser Serie:
18220 Thumbnail
18221 Thumbnail
18222 Thumbnail
18223 Thumbnail
18224 Thumbnail
Big City Life
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    25.06.2011
  • Gekuckt:
    45979
  • Favoriten:
    5 (Wen?)
  • Kommentarer:
    68
  • Originaldatum:
    Oktober 2009
  • Fotoapparat:
    Canon 5 DMK2
  • Objektiv:
    24-105 f4
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Street  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=56896]
Kommentar vum Fotograf:
Soon our work is done,
All of us one by one.
Still we live our lives,
As if all this stuff survives.

I take a moment to relax,
Before I do anything rash.

http://www.youtube.com/watch?v=4mtfnfQoAco
gogo 25.06.2011 - 15:06
Superflott Serie, all Foto ganz speziell an Nummer 1 sensationell
gtaddei1 25.06.2011 - 18:56
N 1 : mmh passt net onbedingt an dei Serie
Villmols merci
Miau 25.06.2011 - 15:06
Flott Serie Gennaro, 1 & 5 si natirlech menges am s/w, di "Solitude de l'être humain dans la ville" as an 2 & 3 speziell gutt duergestellt
gtaddei1 25.06.2011 - 18:57
Merci fir dein Komment ... wertvoll
Houll-art 25.06.2011 - 15:10
Flott Stëmmung déi bei den titel passt.
Just mat der 4. kann ech mech net esou ufrënden.
gtaddei1 25.06.2011 - 18:57
Du hues recht ... ech ersetzen dei villeicht mat enger aaner
jorsch 25.06.2011 - 15:12
D'Foto 3 gefält mir immens gutt. De Mënsch eleng gelooss matten an der Zivilisatioun. Erënnert mech u Biller vum Edward Hopper.
gtaddei1 25.06.2011 - 19:01
http://upload.wikimedia.org/wikipedia/en/thumb/4/4a/Nighthawks.jpg/800px-Nighthawks.jpg

Ass villeicht mein Lieblingsbild vun him.
jorsch 25.06.2011 - 22:15
Genau un dat Bild hunn ech och geduecht.
gi87 25.06.2011 - 15:13
Hei nees soue eng Typech Foto wou ech direkt erem akennen dass dei vun Dir ass, nennt een woul mat engem Gewessen Still ze knippsen closed_eye
Zu da Foto fannen ech dass Perfekt am Kadrage setzt , Farwen , Belichtung gin hei och eng immens Flott atmosphäre erem ! Mein Faworit ass hei Numer 3, Nr 1 ass och immens Flott !
gtaddei1 25.06.2011 - 19:02
Merci villmols !
Nathalie 25.06.2011 - 15:14
Ganz flott Stemmung, flott Serie, woubei mir hei dei 1 an dei 3 am beschten gefaalen...
Wei emmer top Fotoen vun dir smile
gtaddei1 25.06.2011 - 19:02
Merci Nathalie, ech maachen e bessi mein Bescht , fir och Variatioun erann ze brengen ... soss langweilen ech mech selwer.
Nathalie 25.06.2011 - 20:47
Jo variatioun ass jo och wichteg, an langweilen soll een sech jo och net closed_eye
Mee wann een esou resultater vun dir geseit, mierkt een wirklech dass du dech net langweils smile
gtaddei1 25.06.2011 - 21:01
smile
Richie 25.06.2011 - 15:20
Eng flott Serie. Déi drëtt ass den Hummer. Esou alleng am Reen op de Bus waarden . Huet eppes vu Krimi. Et ass just schued dass op der anerer Säit e puer Leit stinn.
gtaddei1 25.06.2011 - 19:03
Do hueste recht ... mé ech wollt dei net ewesch huelen ... ech hunn awer d'Gefill dass dei Solitude doduerchen amplifizeiert get?
Richie 25.06.2011 - 19:20
Domat kann ech mech zefridde ginn. Elo wou's du et sees smile .Awer eng mega Foto
gtaddei1 25.06.2011 - 20:03
Merci fir de Feedback
Miisamm 25.06.2011 - 16:54
Mega beises Serie! Keng ahnung wei eng ech am beschten soll fannen, se hun all eppes sauguddes! Zu 4 war do grad sonn erauskomm?! Faarwen a luucht si ganz speziell.
Zu 3 awer irgentwei favorit mee ass dei Gespiggelt?! D'schreft vum Pelham123 ass verkeiert sceptical.

Mee sou oder sou Saugäil smile
gtaddei1 25.06.2011 - 19:04
Merci Gianci
Spiggelung... d'Schreft ass kloer gespiggelt mé ech hun d'Foto net gespiggelt
dr_kim_veis 25.06.2011 - 17:03
1 geheiert fier mech net do dran. den rescht huet eppes fresches, flottes...
gtaddei1 25.06.2011 - 19:04
Hueste Recht 100%
Hunn mech daat selwescht gefroot.
Soll ech dei elo ewesch huelen?
dr_kim_veis 26.06.2011 - 15:25
wees net, as deng serie mais ech denken 1 keint och eleng stoen...
gtaddei1 26.06.2011 - 16:51
Maachen daat richtesch , ech huelen se aus der serie eraus , awer ereischt wann ech vum iphone etoof sin
Zora 25.06.2011 - 17:03
1, 5, 3, 2, 4 bigsmile
gtaddei1 25.06.2011 - 19:05
3,2,5, 1, 4bigsmile
abrakadabra 25.06.2011 - 18:06
ganz flott serie..an d'titel passt io och ganz guddclosed_eye
mir gefällt dei lescht am besten..dei fannen ech immenz..eng ganz schein s/w Fotosmile
gtaddei1 25.06.2011 - 19:06
Merci villmols, mir am Fong dei N 3
Fir 5 ... ech stung eng Zeitchen do bis eng komm ass dei de Kapp an den O gestach huetbigsmile
abrakadabra 25.06.2011 - 20:33
io ass io och sou wei daat gemaach soll ginclosed_eye mee dei fra dei eben laanscht geht ass ganz extra..mecht foto eben nach mei flott(:
crici 25.06.2011 - 18:10
Flott Serie. Gudd geknipst, gef#llt mir wirklech ganz gudd closed_eye
gtaddei1 25.06.2011 - 19:06
Merci villmols
Jeanny 25.06.2011 - 18:22
eng wonnerbar Serie Gennaro, an all Foto ass e genoss fir Aen
gtaddei1 25.06.2011 - 19:07
Merci Jeanny... et war awer fiicht
mischii 25.06.2011 - 18:33
schéin Impressiounen
se weisen och e bessi d'Verloossenheet vun de Menschen an sou enger grousser Staad
gtaddei1 25.06.2011 - 19:07
Oh ... d'Solitude an enger Grousser Staat ass enorm... an emmer Méi!
Zampano 25.06.2011 - 18:51
das dritte finde ich am besten. Tolle Stimmung...
gtaddei1 25.06.2011 - 19:08
Danke Schoen
gtaddei1 25.06.2011 - 19:08
Merci fir all dei Faven smile
Nagarjuna 25.06.2011 - 19:39
Super Serie! None of this stuff survives and our bodies all are but stuff too... smile
gtaddei1 25.06.2011 - 20:07
Noch spür ich ihren Atem auf den Wangen:
Wie kann das sein, dass diese nahen Tage
Fort sind, für immer fort, und ganz vergangen?
Dies ist ein Ding, das keiner voll aussinnt,
Und viel zu grauenvoll, als dass man klage:
Dass alles gleitet und vorüberrinnt
Und dass mein eignes Ich, durch nichts gehemmt,
Herüberglitt aus einem kleinen Kind
Mir wie ein Hund unheimlich stumm und fremd.
Dann: dass ich auch vor hundert Jahren war
Und meine Ahnen, die im Totenhemd,
Mit mir verwandt sind wie mein eignes Haar,
So eins mit mir als wie mein eignes Haar.

Vergänglichkeit
H. von Hoffmansthal

Eng Eier vun dir daat gesoot ze kreien
Nagarjuna 26.06.2011 - 00:54
Decay... and how to express it... closed_eye Merci och!
Nagarjuna 26.06.2011 - 09:32
Iwwerhaapt! Firwat ass déi 3. gespigelt?
gtaddei1 26.06.2011 - 09:41
Ahhh du bass den 4ten
Ech dei net gespiggelt d schrefft muss een an der kabin liesen , wesder waat , ech ruffen bei dei un an ginn hinnen eng deckesch rugebigsmile
Nagarjuna 12.07.2011 - 16:34
Et huet mir keng Rou gelooss, elo wou ech se nach eng Kéier gekuckt hunn. D'Marque "JCDecaux" ass och gespigelt op der Rumm vum Panneau, an d'Autoen fueren op der falscher Stroossesäit an op den D2 Stroosseschëlder (déi gréng ganz hannen) steet d'Distanz lenks an net riets. closed_eye
gtaddei1 12.07.2011 - 17:25
Et ass eng allee, einbahn, rare zu chicago dass d autoen op 2 direkriounen fueren.
Jc decaux , effectivement et asd gespigelt. Mee d foto hunn ech net gekippt.
Do kenn ech dir keng erklaerung ginn.
Vu dass ech dei foto schon 2 joer hunn, ass meiglesch dass ech dei demools eppes gemeet hun an mech net mei drunn erenneren kenn. Me daat ass onwahrscheinlech. Awer fir korrekt ze sinn ginn ech dei orinal erauspicken an soen dir bescheed.
Bravo sherlock!
Nagarjuna 12.07.2011 - 17:54
Ganz wichteg ass D2 Stroosseschëld, déi sinn genormt, an do steet d'Zuel emmer riets. Dat ass hei sou just nach ze erkennen. An ënnert engem JCDecaux Bushaischen stinn ech all Dag fir op d'Aarbecht (interessant dass dat déi selwecht sinn wéi zu Chicago). smile Ech sinn erëm drop komm wou ech dat éischt Bild nogesicht hunn fir d'Qualitéit mat dem vun der Ausstellung ze vergläichen.
gtaddei1 12.07.2011 - 19:18
Mea culpa mea culpa , hunn ongewollt duerch memoireverfall geint en geboot verstuess, hunn verifizeiert an dei ass gespiggelt, effectivement.
Dofir bieden ech em remissioun vun menger Senn !
Verifizieren geht ueber Behaupten!
smile
Nagarjuna 12.07.2011 - 19:22
Keen Thema... ech hunn jo net accuséiert... just constatéiert... smile
gtaddei1 12.07.2011 - 19:39
Jo me ech fillen mech an der schold, liichtsennesch gewiecht ze sinn smile
Nicon07 25.06.2011 - 20:04
Ech gesin. de Christophe Jacrot mécht émules. Super!

http://christophejacrot.com/

Mais wisou ass d'Pub an der 3. Foto spigelverkéiert?
gtaddei1 25.06.2011 - 20:07
Gudd gesinn dei ass net verkeiert dei ass falsch opgebaut ginn no menger Ménung .

De Jacrot ass einfach super an sengen Serien ,
Me dei Serie ass esou komm well et einfach ungefangen huet deck ze schlueten ... an hunn e bessi dofunnen profiteiert .

Merci Villmols
JohnJ 26.06.2011 - 00:36
smile neenee
Daat ass fir dass Line vun ennen lenks no uewen riets leeft smile)
gtaddei1 26.06.2011 - 00:41
Du grouss Schness do
Ech keint dir jo och nach Recht ginn mé né !!! Nix da nénénénééé
Ech hun neischt schlechtes gemét an och net Gelunnbigsmile
JohnJ 26.06.2011 - 00:50
Keng grouss Schness ... Nee neischt schlechtes gemeet awer och net ganz Wourescht gesoot closed_eye lo so nach ech geif Falsch leienclosed_eye
gtaddei1 26.06.2011 - 13:36
Oh du ... Ok ech geif leien wann ech soen dass ech gelunn hunn smile
JohnJ 26.06.2011 - 15:55
Do fehlt een 'net' closed_eye
Awer ganz flott Serie
gtaddei1 26.06.2011 - 16:52
Nix da !!! Den net ass net vergiess gin !
Je nie souvent l evidence mais cette fois ci net!
suraki 25.06.2011 - 21:57
eng wahnsinneg interessantest Serie,
all hätten se en Eenzeloptrëtt verdéngt !!
gtaddei1 25.06.2011 - 22:13
Ed daat mecht mir vill plaiseier dass dest serie vun Solisten dir gefaellt! Also dir grfaellt an deenen Tei'n
suraki 25.06.2011 - 22:22
ech kann hei net emol nummeréieren, se sinn all eenzegaarteg
... obwuel meng Virléift als bekennenden sch/w Streetliebhaber e bëssen no der Leschter tendéiert .
gtaddei1 25.06.2011 - 23:05
Daat ass nach dei einfachst gewiecht!
JADE 25.06.2011 - 23:13
dann schafft een e bessi schrëfltelch (op Pabeier) ... mëcht lap no jet Stonnen erëm un ... an waat ass dann hei lass!!?!! ... hei ass jo eng méi lass! bigsmile

bon, kurze Reden langer Sinn ... ça ma plaît trop too much daat dooten
an ech soen NOW: WOW

(jo, jo ech sin op Héichtouren tongue )
gtaddei1 25.06.2011 - 23:16
Hey Jade
Heichtouren mmmh waat mengste smile
Merci fir deng appreciatioun , si ass emmer of Quality!
Freet mech
Onnerwaarde Success de public!
Meet double esou freet!
JADE 25.06.2011 - 23:40
op Héichtouren niveau adrénaline smile

mäin Gehier ass an Frengelen, dofir den franglais,
mee däin jo dann och gesin ech smile
gtaddei1 26.06.2011 - 00:00
Ech hunn missen jo irgendwei dei selwescht Sprooch schwaetzen , ...
Mochel 01.07.2011 - 13:23
Flott Serie gefällt mer richteg goud. Zumols dei drett wou een keen Mensch ausser deen am Haischen drop gesait. Daat huetr een do secher net oft
gtaddei1 05.07.2011 - 12:51
Merci villmols ... haat eng flott Luucht erwescht ...

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 347 Gäscht online